Op den Inhalt sprangen

Gum-Katalog

Vu Wikipedia

De Gum-Katalog ass en astronomesche Katalog mat 84[1] Emissiounsniwwel op der südlecher Hemisphär. Hie gouf um Mount Stromlo Observatoire duerch den australeschen Astronom Colin Stanley Gum (1924-1960) op Basis vun Date vu Wäitwénkelfotografie zesummegestallt.

De Gum hat säi Wierk am Joer 1955 an enger Studie mam Titel A study of diffuse southern H-alpha nebulae publizéiert, deen eng Zesummestellung vu Niwwelen oder Associatioune vun Niwwelen ass. Änlech Zesummestellunge sinn de Sharpless-Katalog an den RCW-Katalog, woubäi entspriechend vill Objeten an dësen och opgefouert sinn.

De Gum-Niwwel ass nom Colin Stanley Gum genannt, deen och vun him entdeckt gouf an am Gum-Katalog d'Nummer 12 dréit. Et ass en Emissiounsniwwel an de südleche Stärebiller Vela an Puppis.

Auszuch vu Beispiller vum Gum-Katalog aus dem Joer 1955; E Klick op d'Bild liwwert d'Bildbeschreiwung, déi meescht stamen entweeder vun ënnerschiddlechen Amateurastronomen, dem Europäesche Südobservatoire, der ESA oder der NASA

GumNummBildaner Bezeechnungen
Gum 4NGC 2359Helm vum Thor, Gum 4, Sharpless 298, NGC 2359
Gum 16Vela-SupernovaGum 16, Vela Supernova Remnant
Gum 29RCW 49Gum 29, RCW 49
Gum 60NGC 6302Sh2-6, NGC 6302, Bug Nebula,

PK 349+01 1, Butterfly Nebula, RCW 124, Caldwell 69

Gum 64NGC 6334ESO 392-EN 009, Sharpless 8, RCW 127, Gum 64, NGC 6334
Gum 66NGC 6357Sh2-11, NGC 6357, RCW 131, Gum 66, War and Peace Nebula
Gum 72LagunenniwwelSh2 25, RCW 146, Gum 72, Messier 8
Gum 76TrifidniwwelSh2 30, M20, NGC 6514, RCW 147, Gum 76
Gum 81OmeganiwwelOmega Nebula, M17, NGC 6618, Swan Nebula, Sharpless 45, RCW 160, Gum 81
Gum 83AdlerniwwelSh2 49, Messier 16, NGC 6611, RCW 165, Gum 83

Komplett Lëscht

[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Bildquelle vum Gum-Niwwel

[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. The Gum Catalog at Galaxy Map Archivéiert de 16.07.2013. Gekuckt de 06.06.2013.