Guy Arendt

Vu Wikipedia
Guy Arendt
Gebuer 13. Abrëll 1954
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Université Nancy-II
Aktivitéit Politiker, Jurist, Affekot
Partei Demokratesch Partei

De Guy Arendt, gebuer den 13. Abrëll 1954 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Jurist a Politiker (DP). Hien ass zanter 2018 Deputéierten an der Chamber (fir d'éischt 2013 bis 2015). Virdru war hie vum 18. Dezember 2015 bis de 5. Dezember 2018 Staatssekretär fir Kultur an der Regierung Bettel-Schneider a vun 2003 bis 2015 Buergermeeschter vun der Gemeng Walfer.

Carrière

Nom Secondaire am Stater Kolléisch (Section A classique), huet hien zu Nanzeg Droit op der Université Nancy 2 studéiert.

Den 13. Februar 1980 gouf hien als Affekot vereedegt. Vun 1983 bis 2003 war hien Ersatz-Friddensriichter (fr: juge de paix suppléant) um Friddensgeriicht zu Esch-Uelzecht.

An der Gemeng Walfer war hie vun 1992 bis Enn 2015 Member vum Gemengerot. Nodeem hie vun 2000 bis 2002 do Schäffe war, war hie vun 2003 bis zu senger Ernennung zum Staatssekretär, Enn 2015, Buergermeeschter.

No de Chamberwale vum 20. Oktober 2013 ass hien de 5. Dezember 2013 an d'Chamber "nogerëtscht" an d'Plaz vum Xavier Bettel, dee Premierminister gouf.[1] Hie war bis zu senger Ernennung zum Regierungsmember, den 18. Dezember 2015, Deputéierten. Bei de Chamberwale vum 14. Oktober 2018 gouf hien op en Neits an d'Chamber gewielt.[2]

De Guy Arendt war vun 2006 bis 2007 President vum Barreau vu Lëtzebuerg a vun 2003 bis 2008 war hie Generalsekretär vun der Union internationale des avocats.

Um Spaweck

Commons: Guy Arendt – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

  1. Assermentation de 25 nouveaux députés." chd.lu, 5. Dezember 2013.
  2. elections.lu.