Härebësch (Käerch)

Vu Wikipedia
Härebësch
Lokalisatioun
Land Lëtzebuerg
Gemeng Käerch
Koordinaten 49° 41’ 20.15’’ N
      05° 58’ 22.50’’ O
Fläch 400 ha

Den Härebësch ass e Bësch op enger Surface vun ronn 400 ha an de Gemenge Käerch, Kielen an Habscht, am Weste vum natierleche Raum „Äisch-Mamer-Guttland“. 129 ha dovu sinn zanter 2021 als „geschützt Zon vun nationalem Intressi“ klasséiert[1].

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Naturschutzgebitt Härebësch.

Am Bësch stinn haaptsächlech Bichen an Eechen, vereenzelt och Fiichten, Douglasien a Kiferen. E läit op de Koppe vum Lëtzebuerger Sandsteen an enger Regioun mat héijen Nidderschlagswäerter an huet eng wichteg Filterfunktioun fir d'Drénkwaasser zu Lëtzebuerg.

Den Härebësch läit op enger Héicht tëscht 262 an 367 m an huet ursprénglech den Häre vu Käerch gehéiert[2]. E besteet hautdesdaags aus dem Staatsbësch « Domaine de Septfontaines », de Gemengebëscher vu Simmer a Käerch an e puer private Bëscher.

Steebroch[änneren | Quelltext änneren]

Am 18. Joerhonnert si Steebréch am Härebësch ageriicht ginn, wou bis géint 1970 Pawee a Steng fir de Bau ofgebaut goufen, absënns och fir de Bau vun der barocker Kierch vu Käerch.

Beim Ofbau vun de Steng goufe Lichtungen an den Härebësch geschloen, duerch déi d'Form vum Terrain staark verännert gouf. Et sinn zwéi Kesselen entstanen, déi vun 10 bis 15 m héije Wänn ofgegrenzt sinn.

Stuerm am Juli 2014[änneren | Quelltext änneren]

De 6. Juli 2014 ass e Stuermdéif mat Vitesse vu bis zu 131 km/h iwwer de Süden a Südweste vu Lëtzebuerg gezunn an huet ë. a. am Härebësch grouss Schied hannerlooss, déi héchstwarscheinlech op de seelene Phänomeen vum wet downburst zeréckzeféiere sinn. Well nach vill Laf un de Beem war, goufen d'Beem net ëmgeworf, ma si gréisstendeels ëm hir eegen Achs gedréint ginn. Dat huet dozou geféiert, datt eng ganz Rei Beem, onofhängeg vun der Aart, der Héicht oder der Expositioun, verdréint an ofgerappt goufen. Dat erkläert firwat déi doudeg Beem wéi zerfränjelt Käerzen doruechter stinn.

Beim Stuerm huet et sech ëm en iwwerregionaalt bedeitend Evenement gehandelt. Wéinst dem héije Schued an dem speziellen Ubléck vum Schued un de Beem, wollt d'Naturverwaltung déi landschaftlech, ekologesch an ekonomesch Konsequenzen am Härebësch fir d'Ëffentlechkeet zougänglech maachen an huet e Léierpad ageriicht, deen de 15. Juni 2016 opgaangen ass.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Härebësch – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Règlement grand-ducal du 22 février 2021 déclarant zone protégée d'intérêt national sous forme de réserve naturelle la zone forestière « Härebësch » sise sur les territoires des communes de Koerich et de Habscht. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-10-17.
  2. Pub. 54. Luxemburger Wort, 1935. Jg., nº 278&279 (), p. 12. (05.10.1935). Gekuckt de(n) 17.10.2021.
  • Quell wou net anescht uginn: Internesäit Forstlehrpfad Sturmschäden Härebesch