Op den Inhalt sprangen

Hëllef Doheem

Vu Wikipedia
Stëftung Hëllef Doheem
Zweck Promotioun vun der physescher, psychescher a sozialer Gesondheet
Grënnungsdatum 29.09.1999
Sëtz 48a, Avenue Gaston-Diderich
L-1420 Lëtzebuerg
President Guy Thill
Websäit https://www.shd.lu/
Ee vun de 600 Autoe vun Hëllef Doheem[1]

D'Stëftung Hëllef Doheem[2], meeschtens einfach Hëllef Doheem genannt, ass eng lëtzebuergesch Stëftung, déi den 29. September 1999 gegrënnt gouf. Hiert Haaptzil ass et, alen an ofhängege Persounen z'erlaben, sou laang wéi méiglech doheem wunnen ze kënnen.

Well den 1. Januar 1999 zu Lëtzebuerg e Gesetz iwwer d'Fleegeversécherung a Kraaft getrueden ass[3], hunn déi dräi ASBLen "Hëllef Doheem Krankefleeg", "Aide Familiale – Aide Senior" a "Foyers Senior" decidéiert sech zesummenzeschléissen an d'Hëllefsnetz "Hëllef Doheem" ze grënnen. Déi dräi Organisatioune ware scho joerzéngtelaang am Beräich vun der Krankefleeg an der Sozialaarbecht aktiv:

D'Mammenhaus um Belair vun de Franziskanerinnen, déi zu de Matgrënner vun der Stëftung zielen
  • Aide Familiale – Aide Senior war vun der Lëtzebuerger Caritas gegrënnt ginn, fir sech ëm Famillen ze këmmeren, wou d'Mamm net méi do oder krank war, an huet sech méi spéit méi staark op d'Betreie vun eelere Leit konzentréiert;
  • Hëllef Doheem Krankefleeg gouf Ufanks der Achtzeger vu siwe reliéise Kongregatioune gegrënnt fir Servicer am Stot a ganz Lëtzebuerg unzebidden;
  • Foyers Seniors gouf an den achtzeger Jore gegrënnt an huet Dageszentre fir eeler Leit opgeriicht.

Am selwechte Joer ass déi Struktur an eng nei gegrënnt Fondatioun, d'Stëftung Hëllef Doheem, incorporéiert ginn. Déi aner Matgrënner waren:

  • Congrégation des Frères de Charité;
  • Congrégation des Sœurs du Tiers-Ordre Régulier de Notre Dame du Mont Carmel;
  • Chanoinesses régulières de St. Augustin de la Congrégation de Notre Dame;
  • MAREDOC asbl;
  • Congrégation des Franciscaines de la Miséricorde;
  • Congrégation des Sœurs du Pauvre Enfant Jésus;
  • Congrégation des Sœurs Hospitalières de Sainte Elisabeth;

Struktur an Entwécklung

[änneren | Quelltext änneren]
De Foyer "Hesper Kopp" um Houwald, ee vun de Dagesfoyere vun Hëllef Doheem

No der Grënnung huet d'Stëftung aus enger zentraler a fënnef regionalen Eenheete mat am Ganzen 250 Mataarbechter bestanen. Och d'Dagesfoyere "Siwebueren" an der Stad an "Op der Heed" zu Hëpperdang goufe vu "Foyers Seniors" mat an déi nei Stëftung iwwerholl. Schonn 1999 goufen déi éischt Formatiounen ugebueden, fir d'Personal aus- oder weiderzebilden.

2000 gouf d'Strukturéierung vun den Aktivitéiten no Regioun opginn an duerch néng "Centre d'aide et de soins" ersat. E Berodungsdéngscht fir Leit, déi sech ëm ofhängeg Persoune këmmeren, gouf agefouert an d'Foyeren "Op Rabatt" zu Iechternach an "Am Schlass" zu Wolz an d'Serviceoffer mat integréiert. Landeswäit ass den Noutruffdéngscht "Téléalarme" agefouert ginn a seng Verwaltung der Stëftung Hëllef Doheem uvertraut ginn.

D'Joer drop gouf de "Service de soins spécialisés à domicile" an d'Liewe geruff, deen haaptsächlech am Beräich vun der Palliativfleeg schafft. 2002 an 2003 goufen d'Dagesfoyeren "Um aale Gaart" zu Holztem an "Hesper Kopp" um Houwald, souwéi den "Tillebierg" zu Déifferdeng opgemaach. Den Noutruffdéngscht "Téléalarme" ass 2002 a "Sécher Doheem" ëmbenannt ginn. 2003 gouf de Service "Propper Doheem" agefouert, deen Ënnerstëtzung am Stot ubitt.

2004 ass de Foyer "Am Brill" zu Mamer gegrënnt ginn, an am Kader vun der Finanzéierung vun der Palliativfleeg ass eng Konventioun mam Familljeministère ënnerschriwwe ginn. Zanter 2000 ass d'Zuel vun de "Centre d'aide et de soins" vun néng bis op fënnefanzwanzeg geklommen.

Zwee Joer méi spéit ass zesumme mat dem Éilerenger Wäschbuer vun der Caritas de Service "Mobilix" lancéiert ginn, deen alen oder ofhängege Persounen ubitt, hir Wäsch zu Éilereng vu Leit mat psycho-medizineschen a soziale Problemer wäschen a strecken ze loossen.[4]. Zu Beetebuerg ass de Foyer "Rousegäertchen" opgemaach ginn.

D'Foyeren "Aalbach" zu Munneref an "Elise de Roebe" zu Fiels goufen 2007 an de Foyer "Op Massen" zu Ëlwen gouf ee Joer méi spéit ageweit.

Hëllef Doheem haut

[änneren | Quelltext änneren]

De Sëtz vun Hëllef Doheem ass an der Avenue Gaston-Diderich an der Stad. President war vun Ufank un de Politiker Paul-Henri Meyers, bis en am Juli 2023 säi Mandat un de Guy Thill ofginn huet, dee schonn zanter 2014 Administrateur vun der Fondatioun war[5]. Der Stëftung hiert offiziellt Leitmotiv ass: "Mënschlech a kompetent".

Mat ronn 2.050 Salariéen ass d'Stëftung Hëllef Doheem de siechzéngtgréisste Privatemployeur zu Lëtzebuerg(Situatioun: 1. Januar 2022)[6] 2011 hunn hir Mataarbechter sech ëm ongeféier 17.000 Persoune gekëmmert.[7] D'Léin representéiere 85% vun den Ausgabe vun der Organisatioun.[8]

2012 hat de Service "Sécher Doheem" 4.500 Clienten zu Lëtzebuerg.[9]

Commons: Hëllef Doheem – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Luxemburger Wort: "Menschlich und kompetent", 4. August 2009, gekuckt den 2. Juni 2012
  2. ageschriwwen am Handelsregëster ënnert der Nummer G51
  3. (fr)Loi du 19 juin 1998 portant introduction d'une assurance dépendance.. data.legilux.public.lu (19.06.1998). Gekuckt de(n) 05.07.2023.
  4. mywort.lu: Caritas-Kollekte 2011 zugunsten des "Éilerenger Wäschbuer", 19. Mäerz 2011, gekuckt den 3. Juni 2012
  5. (lb)Stëftung Hëllef Doheem: De Paul-Henri Meyers leet säi Mandat als President néier. www.rtl.lu. Gekuckt de(n) 05.07.2023.
  6. (fr)Les principaux employeurs au Luxembourg. statistiques.public.lu (07.2022). Gekuckt de(n) 05.07.2023.
  7. Luxemburger Wort: Auf dem Weg zur elektronischen Pflegeakte, 8. August 2011, gekuckt den 2. Juni 2012
  8. newcom.lu: Stëftung Hëllef Doheem, Mäerz 2012, gekuckt den 3. Juni 2012
  9. gemengen.lu: Secher Doheem – Un service géré par des personnes pour des personnes, 9. Januar 2012, gekuckt den 3. Juni 2012