Wantergréng

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Hedera)
Wantergréng
Irescht Wantergréng mat Friichten
Wëssenschaftlech Klassifikatioun
Räich Planzeräich
Ofdeelung Bléieplanzen
Klass Rosopsida
Uerdnung Apiales
Famill Araliaceae
Wëssenschaftlechen Numm
Hedera
L., 1753

D'Wantergréng (Hedera) ass eng ëmmergréng Planz aus der Famill vun den Araliaceae. An der Natur kënnt d'Wantergréng a klore Bëscher vir, op fielsege Plazen an et klëmmt laanscht Beem erop.

Wantergréng gëtt et an Nordafrika, op de Kanareschen Inselen, op den Azoren, op Madeira, an Europa, a China, am Himalaya an a Japan. D'Blieder kënne ganz sinn oder dräi bis fënnef Läppercher hunn. Wann d'Wantergréng jonk ass krécht et iwwer de Buedem, oder klëmmt laanscht alles erop wou et eng Upak fënnt, a seng Blieder si gedeelt. Et mécht an der Jugend och Adventivwuerzelen. Am Alter bilt et Traisch an et mécht kleng Bléien déi gréngelzeg-giel sinn. D'Friichten hunn d'Form vu klenge Bullen, déi en Duerchmiesser vu 4 bis 7 Millimeter hunn, déi vun de Vullen am Wanter gär als Fudder geholl ginn. Friichte kënne schwaarz, oder heiansdo och orangëfaarweg bis giel sinn.

Vum gemengen oder gewéinleche Wantergréng (Hedera helix) goufe vill Kultivare gezillt.

D'Wantergréng ka beim Kontakt d'Ursaach vun Hautentzündungen an Allergie sinn.

Bekanntst Aarten[änneren | Quelltext änneren]

  • Hedera azorica: op den Azoren
  • Hedera canariensi: op de Kanareschen Inselen
  • Hedera colchica: am Kaukasus
  • Hedera helix: an Europa, ka bis iwwer 10 Meter héich klammen.
  • Hedera hibernica: Irland
  • Hedera nepalensis: am Himalaya
  • Hedera pastuchovii: Kaukasus, Nordiran
  • Hedera rhombea: Japan

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Hedera – Biller, Videoen oder Audiodateien