Helen Sawyer Hogg

Vu Wikipedia
Helen Sawyer Hogg
Gebuertsnumm Helen Battles Sawyer hogg
Gebuer 1. August 1905
Gestuerwen 28. Januar 1993
Nationalitéit Kanada, USA
Educatioun Radcliffe College,
Harvard Universitéit,
Mount Holyoke College,
Harvard College Observatoire
Aktivitéit Astronom, Universitéitsprofesser
Plack um "Canada Science and Technology Museum"

D'Helen Battles Sawyer Hogg, CC gebuer den 1. August 1905 zu Lowell (Massachusetts) a gestuerwen den 28. Januar 1993 zu Richmond Hill, Ontario war eng kanadesch Astronomin, déi duerch eng vun 1951 bis 1981 publizéiert astronomesch Kolumne bekannt gouf.

Si hat ufanks Chimie studéiert a 1926 am Mount Holyoke College graduéiert. Uschléissend goung si op Invitatioun vun der Annie Jump Cannon op den Harvard-College-Observatoire. Do huet si du mam Harlow Shapley iwwer Stärekéip zesummegeschafft an huet en ettlech Artikelen doriwwer publizéiert. Si krut 1928 hire Master-Ofschloss an der Astronomie a gouf 1931 vum Radcliffe College promovéiert.

1930 huet si hire Studentefrënd, den Astronom Frank Scott Hogg bestuet. Mat him hat si dräi Kanner. Am Joer 1931 si si op Victoria a Kanada geplënnert, wou si am Observatoire geschafft huet. 1935 si si an den Ontario geplënnert, wou hire Mann op der Universitéit Toronto gefuerscht huet a si eng Plaz am David Dunlap Observatory krut. De Frank Hogg war vun 1946 bis zu sengem Doud am Joer 1951 Direkter vum Observatoire. 1957 krut d'Helen Hogg eng voll Professur op der Universitéit vun Toronto. 1976 goung si an d'Pensioun.

Iwwer sechs Joerzéngten huet si astronomesch Aarbechte publizéiert a gouf eng vun de féierenden Astronomen. Nom Doud vun hirem Mann huet si him seng Kolumne With the Stars an der Zäitschrëft Toronto Star, déi si drësseg Joer laang geschriwwen hat, iwwerholl.

1985 huet si sech fir d'zweet mam Engleschprofesser Francis Ethelbert Louis Priestley (* 1905; † 1988) bestuet. Si ass 1993 un engem Häerzinfarkt gestuerwen.

1949 krut si den Annie-Jump-Cannon-Präis fir Astronomie an 1983 de Klumpke-Roberts Award. 1968 gouf si zum Offizéier vum Order of Canada ernannt an 1976 zum Companion erhuewen. 1981 krut si vun der Saint Mary's University Halifax den Éierendoktertitel.[1] Den 20. Mee 2004 gouf si op Virschlag vum John Percy an d'Canadian Science and Engineering Hall of Fame opgeholl.[2] Si war Presidentin vun der Canadian Astronomical Society.

Den Asteroid (2917) Sawyer Hogg ass no hir genannt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Honourary Degrees 1971 - 1990, Saint Mary's University Halifax
  2. (en) Helen Sawyer Hogg Honored von Randall C. Brooks, Curator, Physical Sciences and Space, Canada Science and Technology Museum, op casca.ca, der Websäit vun der Canadian Astronomical Society, gesinn de 26. Mäerz 2011