Isabelle Oberweis

Vu Wikipedia
Isabelle Oberweis
Gebuer 28. September 1925
Gestuerwen 4. November 1992
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller

D'Isabelle Oberweis, gebuer den 28. September 1925 um Grondhaff bei Iechternach a gestuerwen de 4. November 1992 zu Noordwijk bei Amsterdam war eng Lëtzebuerger Schrëftstellerin.

Si huet Essaien an Erzielungen op Franséisch a Gedichter op Däitsch an der Zäitschrëft Arts et Lettres an an der Warte publizéiert.

2014 gouf hire Literaturarchiv am Nationale Literaturzentrum zu Miersch deponéiert.[1]

Studien a Karriär[änneren | Quelltext änneren]

No der Première am Meedercheslycée (haut Lycée Robert-Schuman) um Lampertsbierg huet d'Isabelle Oberweis franséisch Literatur op den Universitéiten zu Stroossbuerg an Amsterdam studéiert. Duerno huet si Franséisch an Däitschland an Holland enseignéiert, am Joer 1966 och fir e puer Méint am Pensionat Sainte-Sophie (haut École privée Notre-Dame Sainte-Sophie) zu Lëtzebuerg. Duerno huet si Coursen op der Universitéit zu Amsterdam an der franséischer Literatur ginn.[1]

Hir Archiver[änneren | Quelltext änneren]

E puer Joer virun hirem Doud hat d'Isabelle Oberweis hir Archiver an engem Container zu Haarlem deponéiert, wat an den hollännesche Stied, wou d'Wunnengen dacks kleng sinn, net ongewinnt ass. Wéi nom Doud vun der Locatairin kee Familljemember konnt fonnt ginn, gouf de Container eidel gemaach. De Proprietär huet awer sengem Neveu, dem 14 Joer ale Michael Kramer, erlaabt, d'Archiver - dorënner Manuskripter, eng Partitur vun der Lou Koster, privat Bréiwer an e Fotoalbum vun engem Openthalt am Joer 1958 zu Perugia - mat heem ze huelen. 2012 huet eng Sich um Internet op d'Online-Versioun vum Luxemburger Autorenlexikon gefouert, an deem et en Artikel iwwer d'Isabelle Oberweis gëtt. De Michael Kramer huet doropshin den Nationale Literaturzentrum zu Miersch kontaktéiert. 2014 huet seng Famill d'Archiver zu Miersch deponéiert.[1]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Schmit, S., 2015. Zoom auf das Luxemburger Literaturarchiv. Nach Amsterdam und zurück. Der neu entdeckte Nachlass von Isabelle Oberweis. Die Warte - Perspectives 25|2482 vum 24. Septeber 2015, S. 2-3.
  • Wilhelm, F. Oberweis, Isabelle. In: G. Goetzinger & C. D. Conter, Dictionnaire des auteurs luxembourgeois, p. 465-466. [1]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 Schmit., S., 2015