Jhemp Bastin

Vu Wikipedia
Versioun vum 12:34, 17. Okt. 2023 vum InternetArchiveBot (Diskussioun | Kontributiounen) (Rescuing 3 sources and tagging 0 as dead.) #IABot (v2.0.9.5).
Jhemp Bastin
Gebuertsnumm Jean-Paul Bastin
Gebuer 24. Mee 1963
Ettelbréck
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Sculpteur
Topographie I, Wierk vum Jhemp Bastin an der Our fir de Projet hArt an der grenze (2007).

De Jhemp (Jean-Paul) Bastin, gebuer de 24. Mee 1963 zu Ettelbréck[1], ass e lëtzebuergesche Sculpteur.

Liewen

De Jhemp Bastin huet op der Académie royale des beaux-arts zu Bréissel an op der École nationale supérieure des beaux-arts zu Paräis studéiert.

Nodeem hien eng kuerz Zäit am Stol geschafft huet, huet e sech op hëlze Skulpture spezialiséiert, déi hie mat enger Kettesee beaarbecht. Hie schafft haaptsächlech am Eechen- an am Bichenholz. Déi schwaarz Fierwung u senge Skulpturen ass verkuelten Holz, dat mat Hëllef vun engem Schweessbrenner entsteet.

Am Kader vum Kulturjoer 2007 huet de Jemp Bastin beim Projet hArt an der grenze matgemaach. Säi Bäitrag war eng Skulptur aus Eechenholz mam Titel Topograpie I, déi bei Ënnereesbech um Lieu-dit "Kaendel" op der lëtzebuergesch-däitscher Grenz an der Our stoung.

De Jhemp Bastin lieft a schafft zu Bidscht.

Perséinlech Ausstellungen[2]

2001

  • Galerie du Théâtre, Esch-Uelzecht
  • Galerie et Centre de Création B/C2, Beetebuerg

2002

  • Galerie Simoncini, Stad Lëtzebuerg

2004

  • Galeria d'art contemporani Maria Villalba i Badia, Barcelona

2005

  • Galerie Simoncini, Stad Lëtzebuerg

2006

  • Galerie les Vergers de l'Art, Paräis

2007

2008

  • Biennale d'art contemporain de Marcigny, Marcigny
  • Green'Art, Golf de Rougemont, Namouer

2009

2010

  • Galerie Simoncini, Stad Lëtzebuerg

2011

  • BGL BNP Paribas a CAL, (Danielle Grosbusch - Pascal Piron - Jhemp Bastin), Stad Lëtzebuerg

2012

2013

Auszeechnungen a Präisser

Literatur

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Jhemp Bastin – Biller, Videoen oder Audiodateien

Billergalerie

Referenzen

  1. Katalog Salon 2001, Cercle artistique de Luxembourg, S. 36
  2. Curriculum op 4art.lu Archivéiert op 2007-07-16. Gekuckt de(n) 2007-08-22.