Jousefskierch zu Haler

Vu Wikipedia
Kierch vun Haler
Filialkierch vun Haler (2014)

Filialkierch vun Haler (2014)
Filialkierch vun Haler (2014)
Uertschaft / Plaz Haler
Par Mëllerdall
Saint-Michel
Dekanat Zentrum
Numm / Patréiner Hl. Jousef
Konsekratioun 1921
Architekt(en) Kraetzer (Dikrech)
Baujoer 1921
Koordinaten 49° 49’ 11.1’’ N
      6° 16’ 51.9’’ O
Den Altor vun der Kierch

Den Altor vun der Kierch
Den Altor vun der Kierch
Kierchen - Kapellen

D'Jousefskierch zu Haler ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Mëllerdall Saint-Michel, zum Dekanat Zentrum an zu der Gemeng Waldbëlleg gehéiert.

De Patréiner ass den hellege Jousef, deem säi Fest den 19. Mäerz gefeiert gëtt.

Si steet am Duerfkär op der Kräizung vun der Henerecht mat der rue des Romains, dem CR358.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Déi haiteg Kierch gouf 1921 gebaut a vum Dechen Hostert vun Iechternach ageseent, nodeem déi al Kierch ze kleng gi war an 1920 ofgerappt gouf.

De Chouer gouf vun de Bridder Neumanns vu Beefort ausgemoolt (véier Evangelisten). Déi Molereie goufen 1989 vum Léon Olinger vu Wasserbëlleg mat grousser Sachkenntnis fräigeluecht. Zousätzlech krut de Chouerbou iwwer dem Altor 1932 nach eng Molerei vum Nicolas Brücher vun Elveng. Déi Molereie si spéider leider iwwerstrach ginn. Dat eenzegt Wierk vum Nicolas Brücher dat erhale blouf, ass de Christus iwwer dem Haaptaltor. Den Haaptaltor gouf vum Grof Lamoral de Villers gestëft an dofir ass de Wope vun där Famill drop ze gesinn.

An der Kierch ass och nach e Rokoko-Beichtstull an eng antik hëlze Statu vum hellegen Niklos, dem Patréiner vun der aler Kierch.

1974 goufen d'Molereien am Chouer iwwerstrach a konnten eréischt bei enger Renovéierung an de 90er Joren nees fräigeluecht ginn.

D'Kierch war duerch d'Rundstedtoffensiv 1944 staark beschiedegt ginn an d'Fënstere waren alleguer gebrach. Dofir sinn 1952 nei Fënsteren agesat ginn déi vum Kënschtler Camille Croat entworf goufen.

Dee beschiedegte Klackentuerm ass 1997 duerch en neien ersat ginn a bei dëser Geleeënheet krut d'Kierch och eng Kierchenauer.

Bis de 7. Mee 2017 war et d'Filialkierch vun der Par Waldbëlleg. Zur fréierer Par Waldbëlleg huet ausser der Filialkierch vun Haler och nach d'Parkierch vu Waldbëlleg an d'Méchelskapell um Grondhaff gehéiert.

Klacken[änneren | Quelltext änneren]

Déi zwou Klacke vun der Haler Kierch goufen 1888 an der Klackegéisserei Mabilon zu Saarburg gegoss.

Klack 1: 14 Kräizweeszeenen a prächtegem Relief duergestallt

A N N O 1 8 8 8 „J o s e p h, W i l h e l m, M a r i a“

Géisser: Johann Mabilon a Wilhelm Hausen / Saarburg, Duerchmiesser: 70 cm, H 55 cm, Toun: Re, 200 kg

Klack 2: Christus zelebréiert d'Abendmahl

A N N O 1 8 8 8 „C h r i s t u s“

Géisser: Johann Mabilon a Wilhelm Hausen / Saarburg, Duerchmiesser: 64 cm, H 49 cm, Toun: Mib, 165 kg

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Jousefskierch zu Haler – Biller, Videoen oder Audiodateien