Op den Inhalt sprangen

Ardennenoffensiv

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Rundstedtoffensiv)
Ardennenoffensiv
Datum 16.12.1944 – 27.01.1945
Plaz Ardennen
Resultat Victoire vun den Alliéierten
Kontrahenten
 USA
Vereenegt Kinnekräich
Kanada
Forces belges libres
Frankräich
Lëtzebuerger Resistenz
Däitscht Räich
Kommandanten
Bernard Montgomery
Dwight Eisenhower
Omar Bradley
George Patton
Walter Model
Gerd von Rundstedt


Amerikanesch Zaldoten an hirer Stellung wärend der Offensiv
En amerikaneschen M10 tank destroyer uganks Februar 1945 zu Iechternach, deen déi Säit d'Sauer schéisst.

D'Ardennenoffensiv war eng Schluecht am Zweete Weltkrich, déi sech virun allem an de Lëtzebuerger a belschen Ardennen ofgespillt huet. D'Offensiv, déi vum 16. Dezember 1944 bis de 27. Januar 1945 gedauert huet, gëtt op Englesch Battle of the Bulge genannt, wéinst der "Bëlz", déi an der Front entstane war. Den Hitler hat hir de Codenumm "Herbstnebel"[1] ginn. Heiansdo gouf se och "Rundstedt-Offensiv" genannt. Dat koum dohier well se deelweis um von Rundstedt a Manstein hirem Plang vun 1940 fir de Westfeldzuch (Fall Gelb) baséiert huet, a well de von Rundstedt déi Zäit den ieweschte Kommando am Westen hat. De von Rundstedt selwer, grad wéi e puer aner héich däitsch Offizéier mat ë. a. dem Luftwaffegenerol Kreipe, waren net ganz waarm fir dee Plang. Dem von Rundstedt senger Aschätzung no hätt d'Wehrmacht schonn eng fatzeg Chance wa se d'Meuse iwwerhaapt géif erreechen, vun Antwerpen guer ze schwätzen.[2],[3] E Plang vum von Rundstedt a vum Model, Kleine Lösung genannt, deen e Virstouss an eng Stabilisatioun vun der Front laanscht d'Meuse virgesinn hat, an deen de Jodl dem Hitler den 3. November 1944 presentéiert hat, gouf vun deem hefteg zeréckgewisen, mat dem Argument datt nëmmen déi grouss Léisung a Fro kéim fir dem Drëtte Räich en definitive Succès ze garantéieren.

Si war ee leschte Versuch vun der Wehrmacht, d'alliéiert Front am Westen opzebriechen an ze splécken, fir den Hafe vun Antwerpen zeréck z'erueweren a war am Ufank vum Hitler op de 25. November 1944 festgeluecht ginn. Dat eenzegt wat de Model an de von Rundstedt konnten erreechen, war datt deen Datum e puermol verluecht gouf. Sou huet d'Ardennenoffensiv de 16. Dezember 1944 ugefaangen an huet bis de 27. Januar 1945 gedauert. Den Hitler selwer dee soss ni fir Wanterfeldzich war, wéinst dem schappegen Ekipement vun der Wehrmacht bei schlechte Wiederkonditiounen, hat déi Period festgehalen, well bei schlechte Wiederkonditiounen déi alliéiert Fligerverbänn, déi d'Iwwerhand haten, a sou Konditiounen d'Buedemtruppen net konnten ënnerstëtzen.

Fir d'Virbereedunge vun der Offensiv virun den Alliéierten ze verstoppen hat de von Rundstedt en Täuschungsmanöver gemaach, deen e Wacht am Rhein gedeeft hat.

D'Situatioun virum 16. Dezember

[änneren | Quelltext änneren]

Situatioun vun den Alliéierten

[änneren | Quelltext änneren]

No der Landung vun den Alliéierten an der Normandie waren déi zimmlech séier duerch d'Belsch a Frankräich weiderkomm a bis de 15. September huet et geschéngt wéi wa se kuerz virun enger definitiver Victoire stéingen. Mulhouse war den 20. November vun der 1. franséischer Arméi befreit ginn, Belfort war fräi, zu Stroossbuerg stoung zanter dem 23. November dem Leclerc seng 2. Panzerdivisioun, Metz war fräi an Oochen war an den Hänn vun den Alliéierten, grad sou wéi de ënneschte Laf vun der Schelde. Doriwwer eraus hate se 150.000 Gefaange gemaach.

Duerno goung et net méi sou richteg weider. Doru ware verschidden Ëmstänn schold. Den Ufank vum Hierscht 1944 war vu permanentem Ree markéiert, an déi Alliéiert stounge virun enger gutt verdeedegter Front déi sech vun der Schwäiz bis un d'Nordséi gezunn huet. Déi schlecht Wiederkonditiounen, an d'Deeg déi ëmmer méi kuerz goufen hu mat sech bruecht, datt d'Aviatioun, d'Buedemtruppen déi am Bulli stieche blouwen, net gutt genuch mat Material konnten ënnerstëtzen. Der Aviatioun hir Missioune waren doduerch vu ronn 12.300 am Mount September op 2.500 am Dezember zeréckgaangen. Donieft hunn d'Kämpf sech zum Schluss an de Bëscher vun hiwwelege Géigenden ofgespillt, am Honsréck, an der Äifel an an de Vogesen, wou et nëmme wéineg Weeër gouf fir e séiere Ravitaillement ze garantéieren, an déi liicht ze bewaachen an ze blockéiere waren. Iwwer de Bëscher huet d'Loftopklärung net vill gedéngt, an d'Fligere ware keng grouss Ënnerstëtzung fir d'Buedemtruppen. Am loutrengesche Flaachland, goufen d'Flëss gutt vun der Wehrmacht verdeedegt, Festungen tëscht Metz an Diddenuewen waren nach an hirer Hand. D'Roer an de Westwall waren och gutt Verdeedegungspositiounen. De Problem vun de Waasserleef ouni Brécken huet héchst Ufuerderungen un déi englesch a kanadesch Pionéiertruppe gestallt.

Wéi d'USA hir Buedemtruppen zur Verfügung gestallt huet, hat de Generol Marshall e bësselchen ze knapps gerechent, a sou koum et, datt net genuch Divisiounen op der Plaz waren, well keen hat domat gerechent, datt de Feind eng massiv Frontlinn op enger Längt vun 800 km kéint opstellen. Mat nëmme 60 alliéierten Divisioune war an deem Ament kee grousse Succès z'erwaarden. D'Eruewerung vun Antwerpen hat ee Mount kascht, an den Asaz vun zwou supplementären amerikaneschen Divisiounen. D'Truppen déi onreegelméisseg verdeelt waren, hu misse reorganiséiert ginn. Fir de Patton z'entlaaschten, huet den Eisenhower déi 9. amerikanesch Arméi op d'Bee gestallt, ënner dem Kommando vum Generolleitnant Simpson, mam Optrag Brest ze besetzen. Wéi Brest gefall war, huet déi 9. Arméi sech op Front an Direktioun Ardennen deplacéiert, a gouf den 23. Oktober lénks vun der 1. US-Arméi opgestallt, fir ze hëllefen de Westwall z'erueweren, koum ënner den ieweschte Kommando vum Bradley, an huet dunn d'Liaisoun mat der 21. englesch-kanadescher Arméisgrupp gemaach.

Déi 6. alliéiert Arméisgrupp stoung zanter dem 15. September ënner dem Kommando vum Generolleitnant Devers a war responsabel fir all d'Operatiounen tëscht Épinal an der Schwäizer Grenz. Am Kader vun der Reorganisatioun gouf den Detachement vun der B-Arméi an 1. franséisch Arméi ëmgedeeft a fir de Genereel Patch an de Lattre e gemeinschaftleche Secteur ze ginn kruten déi den 2. franséischen Arméiscorps an de 6. amerikaneschen Arméiscorps zougesprach. Den 29. September war dem Patton säi 15. Arméiscorps bei déi 7. amerikanesch Arméi geprafft ginn.

Souguer wann den Eisenhower déi 30 amerikanesch Divisiounen, déi nach zur Verfügung stoungen, hätt kënnen un d'Front bréngen, wier net vill gedéngt gewiescht, well d'Logistik scho Problemer hat, an déi 60 déi schonn do waren, méi schlecht wéi recht zerwéiere konnt.

D'Eruewerung vun Antwerpen hat déi 1. kanadesch Arméi 12.800 Mann kascht. Op der anerer Säit hat se 41.000 Gefaange gemaach. Eigentlech Schold, datt Antwerpen mat zwéi Méint Retard eruewert gouf, war de Montgomery deen an der Euphorie vum Marsch op Westfalen Antwerpen praktesch vergiess hat. Déi zwéi Méint Retard hu mat sech bruecht datt den Alliéierte ronn 2.400.000 Tonne Material gefeelt hunn.

D'Situatioun vun den Däitschen

[änneren | Quelltext änneren]

De 6. September wéi den Hitler dem von Rundstedt nees de Kommando iwwer d'Truppen déi op der Westfront stounge, ginn hat, huet et do net besser ausgesinn. Vun 68 Divisiounen (54 Infantriedivisiounen a 14 Panzerdivisiounen) waren nëmmen 13 Infantriedivisiounen an 3 Panzerdivisioune + 2 Panzerbrigade voll asazbereet. 12 Infantriedivisiounen an 2 Panzerdivisiounen + 2 Brigade konnten nach eenegermoosse funktionéieren, 7 Infantriedivisoune ware praktesch inexistent, 14 Stéck a 7 Panzerdivisioune waren um Enn vum Rouleau, an 9 Infantries- an 2 Panzerdivisioune waren am Gaang reorganiséiert ze ginn.

No Inventaire stoung dem von Rundstedt en Effektiv vun 30 kompletten Infantriesdivisiounen a 5 Panzerdivisiounen zur Verfügung. Déi 11 Divisiounen déi am Gaang ware frësch opgebaut ze ginn, sollte sech méi spéit uschléissen. Dem von Rundstedt goufen dunn dräi weider Panzerbrigade mat all Kéier engem Batailloun vun 68 Pantheren zougesprach. E krut ausserdeem 10 Artilleriesbrigaden, e puer Rakéitewerferbrigaden an 10 Batailloune vu Panzerjeeër, vun deenen der en etlech mam neie Jagdpanther ekipéiert waren. De 7. September 1944 huet de von Rundstedt dem ieweschte Kommando matgedeelt, datt en op d'mannst sechs Woche bräicht, fir sech frësch z'organiséieren. En hat effektiv 65 Deeg Zäit éier de Bradley seng Arméie konnt splécke fir se an Direktioun Saar a Roer ze schécken.

Vun der Schelde bis an de Süde vun Tréier stoungen d'Truppe vun der Arméisgrupp B, deenen hire Chef de Generol Model war. Zu där Arméisgrupp hu follgend Unitéite gehéiert:

Südlech vun Tréier bis op d'Schwäizer Grenz stoung d'Arméisgrupp G mam Generaloberst Blaskowitz un der Spëtz, deen den 22. September mam Generol Balck ersat gouf. Zu där Arméisgrupp hu follgend Unitéite gehéiert:

Den Hitler, deem den Alliéierten hir Logistikproblemer opgefall war, wollt déi Situatioun ausnotzen an huet dem O.B.W. un d'Häerz geluecht déi 5. Panzerarméi aus der Regioun Nanzeg-Neufchâteau ofzezéien, an an der Géigend vu Reims ze probéieren déi 3. amerikanesch Arméi vun hirem Ravitaillement ofzeschneiden. Déi Operatioun war an d'Box gaangen, an hat als Folleg datt de Blaskowitz de Kommando entzunn krut.

Den éischten Deel vum Ugrëff huet éischter no enger Verdeedegungsmoossnam ausgesinn. De 16. Dezember um hallwer fënnef moies, goufen d'Staudämm an der Eifel all opgemaach, fir Iwwerschwemmungen an de virgeréckten amerikanesche Positiounen ze provozéieren. Gläichzäiteg hu sech Infantrietruppe vun der 5. Panzerarméi an der Schnéiäifel infiltréiert. Vun hallwer sechs u gouf et du schwéieren Artilleriesbeschoss, deen dräivéierel Stonne gedauert huet. Dräi Arméie mat 240.000 Zaldoten (21 Divisiounen) hunn d'Ardennenoffensiv a Richtung Hafe vun Antwerpen gestart, mam Zil, déi amerikanesch Truppe vun hirem Noschub ofzeschneiden a gläichzäiteg e Käil tëscht si an déi englesch Truppen ze dreiwen. Se hunn tëscht Monschau an Iechternach op enger Front vun 135 km ugegraff. Bedeelegt waren:

E Panther zu Grandmenil ofgeschoss de 26.12.1944
  • Déi 6. Panzerarméi mat:
    • dem 67. Arméicorps ënner dem Kommando vum Generol Otto Hitzfeld, zesummegesat aus der 272. an 326. V.G.D.;
    • dem 1. Pz.K. SS ënner dem Kommando vum Generol Hermann Prieß, zesummegesat aus der 277. an der 12. V.G.D., der 3. Fallschirmjägerdivisioun, der 12. SS-Panzerdivisioun an der 1. SS-Panzer-Divisioun (Leibstandarte-SS Adolf Hitler);
    • dem 2. Pz.K. SS ënner dem Kommando vum Generol Wilhelm Bittrich, zesummegesat aus der 2. SS-Panzerdivisioun (Das Reich) an der 9. SS-Panzerdivisioun (Hohenstauffen).
  • Déi 5. Panzerarméi mat:
    • dem 66. Arméicorps ënner dem Kommando vum Generol Walter Lucht, zesummegesat aus 18. an 62. V.G.D.;
    • dem 58. Pz.K ënner dem Generol Walter Krüger, zesummegesat aus der 116. Panzerdivisioun an der 560. V.G.D.;
    • dem 47. Pz.K ënner dem Generol Heinrich von Lüttwitz, zesummegesat aus der 2. Panzerdivisioun, der 26. V.G.D. an der Panzerdivisioun Lehr.
  • Déi 7. Arméi mat:
    • dem 85. Arméicorps ënner dem Generol Baptist Knieß, zesummegesat aus der 5. Fallschirmjägerdivisioun an der 352 V.G.D.
    • dem 80. Arméicorps ënner dem Generol Franz Beyer, zesummegesat aus der 276. an 212. V.G.D.

Zwar hunn déi 83.000 Amerikaner, déi hinne géintiwwer stoungen, sech stuer gewiert, mä si konnten net verhënneren, datt déi däitsch Iwwermuecht d'Éislek an déi belsch Ardennen am éischten Ulaf besat huet. Eng vun de wichtege Krichereien den éischten Dag waren d'Kämpf an der Géigend vu Sankt Väit.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Schluecht vu Sankt Väit.

Awer nom éischten Ulaf, war och bei der Wehrmacht d'Loft eraus. Dem Otto Skorzeny seng Operatioune Greif a Stösser ware kee groussen Erfolleg, an d'Panzerdivisioune si wéinst Dreifstoffmanktem net weiderkomm. Amplaz 5 Tankreserven, déi hinnen erlaabt hätten 260 Kilometer ze fueren, stoungen der nëmmen zwou zur Verfügung.[4]. Doriwwer eraus waren d'Panzerdivisiounen ausser dem Sepp Dietrich senge véier SS-Divisioune mat am Ganze 554 Pantheren a 86 Kinnekstigeren, alleguer nëmmen zu zwéin Drëttel operationell. Den Dreifstoffmanktem gouf nach verstäerkt duerch en iwwerméissege Verbrauch wéinst dem extreem kale Wieder, dat mat sech bruecht huet, datt d'Motoren och wann de Panzer net gefuer ass, hu missen Dag an Nuecht dréinen, fir net anzefréieren. Schlechten opgeweechten Terrain hunn d'Weiderkommen erschwéiert. Déi 12 Pz.D SS, déi un der Spëtz vum Kampf stoung, war komplett vum Ravitaillement ofgeschnidde ginn. Vun den 3.000 Jeeër a Juegdbomberen déi eng Loftënnerstëtzung hätte solle garantéieren, waren der just 325 prett fir ze starten, well den Hitler refuséiert hat, Loftwaffeverbänn déi däitsch Stied sollte verdeedegen, op d'Front ze verleeën.

Bei der Attack hat d'Wehrmacht am Ufank d'Panzerverbänn an der Reserve gehalen. D'Infantriesdivisioune vun der 6. Panzerarméi hu fir d'éischt attackéiert, a si séier op de Widderstand vun der 2. an der 99. amerikanescher Infantriedivisioun vum 5. Arméicorps ënner dem Kommando vum Generol Leonard T. Gerow gestouss. Déi 2. Divisioun déi vill Kampferfarung hat, hat d'Situatioun séier am Grëff, wärend déi 99. Problemer hat, fir sech ze verdeedegen. Schliisslech konnt de 5. Arméicorps d'Héichte bei Elsenborn trotzdeem halen. Op der aner Säit hat de Sepp Dietrich kee Problem fir duerch de Losheimer Gruef ze kommen, dee schlecht vun der 14. Kavalleriesgrupp verdeedegt gouf. Den 18. Dezember war doriwwer eraus déi Kavalleriesgrupp bei Poteau an en Hannerhalt vun der "Kampfgruppe Hansen" gerot[5]. Sou konnt den Dietrich an Direktioun Stavelot lénks laanscht déi 106. amerikanesch Infantriesdivisioun marschéieren. D'Positioune vun der 106. Divisioun goufen nach de selwechten Dag vun der 5. däitscher Panzerarméi duerchbrach, déi ausserdeem déi 28. Infantriedivisioun bis op Klierf zeréckgedréckt huet. Déi 7. däitsch Arméi konnt allerdéngs hiren Ojektiv, bis op Lëtzebuerg virzestoussen, net erreechen a gouf bei Iechternach vun der 4. amerikanescher Infantriesdivisioun gestoppt.

An e puer Stonnen haten allerdéngs 8 däitsch Divisiounen eng grouss Partie vun der Äifel, a vun de belschen Ardennen zeréckeruewert. Déi Alliéiert konnte mat hire sechs Divisiounen net vill um Virmarsch vun der Wehrmacht verhënneren, an en Ëmdisponéiere vun den Truppe gouf déck néideg. Déi eenzeg Truppen, déi eng direkt Ënnerstëtzung konnte bréngen, war den 18. Arméicorps mat der 82. an 101. Parachutistendivisioun, déi sech no hirem Ofzuch bei Nijmegen an der Géigend vu Reims opgefrëscht hunn. Déi 9. US-Arméi huet der 1. Arméi hir 7. Panzerdivisioun zur Verfügung misse stellen, an déi 3. Arméi huet hir 10 Panzerdivisioun fräigestallt, fir ze hëllefen. Déi 2. US-Panzerdivisioun déi just a Frankräich gelant war konnt eréischt e puer Deeg méi spéit op der Front sinn, an déi 87. US-Infantriedivisioun an déi 17. Parachutistendivisioun waren zwar prett, mä stoungen nach an England. Sou stoungen de 6 amerikaneschen Divisiounen zum Schluss 21 däitscher géintiwwer, an déi eenzeg Trupp, déi effikass hätt kënne géint déi däitsch Panzerverbänn virgoen, nämlech 9. US-Loftarméi, konnt wéinst de ville Wolleken an dem décken Niwwel tëscht dem 16. an 23. Dezember, näischt ënnerhuelen.

Kinnekstiger zu La Gleize opgi vun der Peiper-Grupp

Wann och fir vill Leit sech Ardennenoffensiv am Wuert Baaschtnech resüméiert, wéinst dem Generol Anthony McAuliffe a senger 101. Parasdivisioun, déi do trotz schwéiere Verloschter d'Stellung net opginn hunn, soll awer och de Merite vun der 7. US-Panzerdivisioun ënner dem Generol Robert W. Hasbrouck net vergiess ginn. Tëscht dem 18. an 22. Dezember huet déi Divisioun Sankt Vith gehalen, an der 5. däitscher Panzerarméi vill Kappzerbrieches gemaach. Si hu sech eréischt op formellen Uerder zeréckgezunn, iwwerdeems déi 106. Infantriedivisioun mat 6.000 Mann an däitsch Gefaangenschaft koum. Mat nëmmen e puer Kanoune gouf Bütgenbach verdeedegt, a sou gouf verhënnert, datt déi 2. an 99. US-Divisioun agekesselt gouf. E Geniesbatailloun huet Malmedy gehalen. Eng Kompanie vum 51st Engineer Combat Battalion hat et fäerdeg bruecht, fir zu Trois-Ponts just virun der Panzergrupp Peiper d'Bréck iwwer d'Salm an d'Luucht ze joen, an de Peiper war forcéiert fir en Ëmwee iwwer Werbomont ze maachen. Do gouf de Passage iwwer d'Ambléve vun de Pionéier vum 291. Batailloun nees eng Kéier virum Peiper senger Nues gesprengt, an e puer alliéiert Fligeren déi trotz dem Niwwel gestart waren, hunn d'Panzerkolonn zolidd reduzéiert. Stavelot dat de 17. Dezember an däitsch Hänn gefall war, gouf zwéin Deeg duerno zeréckeruewert, an no fënnef Deeg Kämpf am schmuelen Dall vun der Amblève huet de Peiper, dee kee Sprit méi hat, seng Tankse missen opginn, a sech zu Fouss op den Heemwee maachen.

Sherman-Panzertuerm zu Baaschtnech. Op all den Nationalstroossen déi aus Baaschtnech erausféieren, sinn Tourrelle vu Sherman-Tanksen op de Limitë vum Verdeedegungssecteur vun der agekesseeler amerikanescher 101. Divisioun, opgestallt. D'Tourelle um Bild steet op der N874

Déi 6. däitsch Panzerarméi hat deemno kee grousse Succès, a koum nëmme lues weider. De Sepp Dietrich huet de Feeler gemaach fir sech stuer géint déi amerikanesch Positiounen op der Kopp vun Elsenborn ze behaapten. Déi waren awer op en Uerder vum Generol Courtney Hodges séier verstäerkt ginn, andeems en dem Gerow déi excellent 1. Infantriesdivisioun zur Verfügung gestallt huet. Sou koum et datt déi 12.Pz.D. zu Bütgenbach gestoppt gouf. Zesumme mat dem Peiper sengem Echec, war et esou, datt déi 6. Panzerarméi um véierten Dag vun der Offensiv nach op d'mannst zwéin Deeg vun hirem Zil, d'Meuse z'erreechen, ewech war, wat heescht, datt se op hire Plang dräi Deeg verluer hat.

Op der lénkser Flank vum Dietrich hat de Manteuffel méi Erfolleg mat senge Manöveren, a konnt ouni grouss Problemer Wolz a Klierf besetzen, wat em de Wee op Baaschtnech opgemaach huet. De Model an de von Rundstedt, hunn du virgeschloen den 2. Pz.K.-SS der 5.Arméi zu Verfügung ze stellen, fir séier weiderzekommen, amplaz sech weider op verluerene Positiounen z'investéieren. Den Hitler deem et schwéier gefall ass fir den Echec vun der Waffen SS z'akzeptéiere war do dergéint. E wollt och kee Parteikorps ënner dem Kommando vun engem traditionelle Wehrmachtsoffizéier hunn.

Déi alliéiert Reaktioun

[änneren | Quelltext änneren]

Den Eisenhower deen näischt vun de Problemer vum Feind wousst, an deem just bekannt war, datt déi 101. Parasdivisioun am Gaang war zu Baaschtnech agekesselt ze ginn, wollt sou séier wéi méiglech reagéieren an huet fir den 19. Dezember moies eng Konferenz an enger Kasär zu Verdun ugesat, bei där d'Kommandante vun der 3. Arméi, an den Arméisgruppen Zentrum a Süd dobäi waren. D'Haaptdecisioun vun där Reunioun war, datt den 3.an 12. Arméicorps mat 6 Divisioune vum Patton vun der Saarfront ofgezu goufen, an op d'Front Iechternach-Dikrech-Baaschtnech verluecht goufen. Den 8. Arméicorps gouf der 3. US-Arméi zougedeelt. Deen Uerder huet eng 133.000 Gefierer a Beweegung gesat a war an 120 Stonnen ausgefouert. D'Logistiktruppe vun der 3. Arméi hunn eng 62.000 Tonne Ravitaillement deplacéiert, en etlech Dausend Kaarte vun den neie Secteure gouf un d'Zaldote verdeelt, an ënner miserabele Konditioune mat Schnéi a Glatäis gouf 35 Kilometer nei Telefonsleitunge verluecht. De Generol Bedell Smith huet dem Bradley matgedeelt datt e seng 1. an 3. Arméi misst dem Monty iwwerloossen, dat haaptsächlech well hie selwer um P.C. zu Lëtzebuerg huet misse bleiwen, a fir datt sou de Kontakt mam P.C. vun der 1. Arméi, deen zu Spa an duerno am Fort de Chaudfontaine bei Léck installéiert war, net ze verléieren.

Ongeféier déi selwecht Zäit war déi 101. Parasdivisioun zu Baaschtnech ukomm, wou se sech mat Elementer vun der 9. an 10. Panzerdivisioun déi am Gaang waren d'Verdeedegung vun der Stad z'organiséieren, vereenegt huet. Zwéin Deeg duerno goufen déi Truppe vun der däitscher 47. Pz.K. an d'Zaang geholl, an déi 26. V.G.D. sollt opraumen. Dat huet awer net sou richteg geklappt, well d'Amerikaner effikass vun der Bevëlkerung ënner der Leedung vum deemolege Buergermeeschter Jacquemin ënnerstëtzt goufen, a sech daper gewiert hunn. Wéi aachtavéierzeg Stonne méi spéit de Generol Heinz Kokott am Numm vum Generol Lüttwitz de McAuliffe opgefuerdert huet ze kapituléieren, krut e vun deem just d'Äntwert: Nuts. Déi Äntwert à la Cambronne, koum awer net vun ongeféier, well vu Süde ware schonn d'Kanoune vum John Millikin sengem 3. Arméicorps ze héieren, déi eng Konterattack annoncéiert hunn. Am Norde vu Baaschtnech hat d'Interventioun vun der 30. Infantriedivisioun ënner dem Generol Leland S. Hobbs, déi déi Däitsch dem Roosevelt seng SS gedeeft haten, dem Hodges gehollef, den Dall vun der Amblève komplett ze spären. Trotzdeem hat eng Aktioun vum Dietrich et fäerdeg bruecht, datt den Hasbrouck huet misse Sankt-Vith opginn.

Duerch d'Engagement vum 18. Arméicorps deen am Fong nach just aus der 82. US-Loftlandedivisioun bestanen huet, an dem 7. Arméiscorps ënner dem Generol John L. Collins mat der 3. Panzerdivisiounmat an der 75.,83. a 84. Infantriedivisioun an där den Henry Kissinger war, war et méiglech eng nei Frontlinn Manhay-Grandménil-Hotton-Marche ze forméieren. An der sougenannter Poche vu Verdenne koum et zu heftege Kämpf.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Poche vu Verdenne.

Fir en eventuellen Duerchbroch an Direktioun Bréissel ze verhënneren, huet de Montgomery den 30. britteschen Arméicorps ënner dem Generol Horrocks (de Chef vun der Operatioun Market Garden), mat 4 Divisiounen (43.,51., 53. Infantries- an eng Panzerdivisioun vun der Garde), tëscht Namouer a Bréissel agedeelt. Dat huet ausserdeem d'Deplacement vun der 1. amerikanescher Arméi mat 248.000 Mann erliichtert.

Den 23. Dezember, wéi d'Wieder sech opgekläert huet, konnt déi alliéiert Aviatioun alles gi wat se hat. Deselwechten Dag goufen eng ronn 2.000 Asätz geflunn, an der 15.000 an den dräi Deeg duerno. Se haten haaptsächlech d'Fluchhäfe bei Frankfurt, an d'Haaptverkéierskniet bei Kaiserslautern, Bad-Münster, Koblenz, Neuwied an Euskirchen am Viséier. Trotz engem heftege Flakfeier konnten 961 Dakotaen an 61 Horsa-Laaschteseegler Baaschtnech mat 850 Tonne Material beliwweren. Leider gouf och Malmedy dat an den Hänn vun den Amerikaner war, zweemol iertemlech bombardéiert.

Déi 6. däitsch Panzerarméi war um Enn mat hire Kräften, awer déi 5. hat et fäerdegbruecht, nach eng 50 Kilometer an Direktioun Saint-Hubert, Rochefort an Dinant weiderzekommen. Dat huet dem Patton seng Truppen déi um Virmarsch op Baaschtnech waren zimmlech derangéiert, soudatt den Eisenhower decidéiert huet, déi 87. Infantriedivisioun, d'11. Panzerdivivisioun an déi 17. Parasdivisioun als Hëllef ze schécken. De 24. Dezember waren 32 alliéiert Divisiounen an deem Theater engagéiert, wärend de S.H.A.E.F der 29 bei den Däitsche gezielt huet.

De von Rundstedt an de Guderian, deem seng Truppen am Oste vun de Russe bis op d'Weichsel zeréckgedriwwe gi waren, ware sech der katastrophaler Situatioun bewosst, an hu probéiert fir den Hitler dozou ze bréngen, d'Truppen zeréckzezéien an eng besser Frontlinn opzebauen, awer dee wollt näischt dovu wëssen. Sou krut dann och nach seng lescht Panzerdvisioun déi bis op d'Linn Ciney-Beauraing-Celles komm war, eng ferm op den Deckel. Op Chrëschtdag gouf déi 2. däitsch Panzerdivisioun ënner dem Kommando vum Meinrad von Lauchert, déi scho Kontakt mat der 29. brittescher Panzerdivisioun hat, vun der Säit, vun der 2. amerikanescher Panzerdivisioun Hell on wheels ënner dem Kommando vum Ernest N. Harmon ugegraff. Et war fir déi däitsch Unitéit eng total Iwwerraschung, an den Desaster war deementspriechend. Owes gouf et op der däitscher Säit 2.500 Doudeger an 1.050 Prisonéier. Vun 88 Tankse waren der 81 futti, 7 Stuermgeschëtzer, déi ganz Artillerie mat 74 Piecen a 450 Gefierer waren an d'Hänn vun den Alliéierte gefall. Doropshin huet de von Manteuffel sech mat senger 47. Pz.K. bis op Rochefort zeréckgezunn.

No Chrëschtdag, ass déi 3. Arméi vum Generol Patton, déi aus der Saar ofgezu gouf, op Baaschtnech lassmarschéiert. Si ass op heftege Widderstand vum Generol Heilmann senger 5. Parasdivisioun gestouss. De 26. Dezember ass et der 4. amerikanescher Panzerdivisioun gelongen, e Couloir bis op Baaschtnech opzemaachen an déi ageschlosse belsch Stad Baaschtnech ze befreien.

Den 28. Dezember 1944 huet den Hitler sech trotz dem Echec vun der Ardennenoffensiv, nach ëmmer Illusioune gemaach. An enger Ried u seng Genereel huet e sech zefridden iwwer d'Resultat vun der Ardennenoffensiv ausgedréckt a gläichzäiteg d'Operatioun Nordwind an d'Operatioun Bodenplatte bekannt ginn, déi géint déi 7. amerikanesch Arméi geriicht war, déi um südlechen Deel vun der Westfront stoung. Mä amplaz seng 5. a 6. Panzeraméi hanner de Westwall zeréckzezéien, kruten déi den Uerder fir d'Koppe vun den Ardennen ze verdeedegen, wat schliisslech zur kompletter Defaite vun deenen Truppe geféiert huet.

D'Verloschter op den zwou Säite waren héich[6]:

  • d'Amerikaner hunn 83.987 Mann verluer, dovun 10.276 Doudeger, 47.493 Verwonnter, 23.218 Vermësster a 15.000 Gefaangen;
  • op däitscher Säit hunn d'Affer d'Zuel vun 81.834 Mann erreecht, dovun 12.652 Doudeger, 38.600 Verwonnter, 30.582 Vermësster a 16.000 Gefaangen;
  • d'Englänner hu 1.408 Zaldote verluer, dovun 200 Doudeger.

Lëtzebuergesch Bicher

[änneren | Quelltext änneren]
  • Maertz, J., 1947. Luxemburg in der Rundstedt-Offensive. Das Duell Patton - von Rundstedt in den Oeslinger Bergen. Sankt-Paulus-Druckerei A.G. Luxemburg, 477 S.
  • Maertz, J., 1981. Luxemburg in der Ardennenoffensive 1944/45.. 8. Oplo. Sankt-Paulus-Dréckerei Lëtzebuerg, 546 S.
  • Milmeister, Jean, 1994. Die Ardennenschlacht 1944-1945. Sankt-Paulus-Dréckerei, Lëtzebuerg, 1015 S.
  • Rasqué, Fritz: Das Oesling im Krieg, 1988, Éditions Emile Borschette, 724 Säiten.

Auslännesch Bicher

[änneren | Quelltext änneren]
  • MacDonald, Charles B.: The Battle of the Bulge, 1984, Weidenfeld and Nicolson, London, 712 Säiten.
  • Bauer, Eddy & Colonel Rémy: L'offensive des Ardennes, Italien August 1983, Christophe Colomb, 144 Säiten. ISBN 2-88097-101-2
  • Arend, G. F., 1985. La bataille pour Bastogne. Sagato s.a.. Imprimerie Lesire, Liège. 333 S.
  • Peter Taghon, Henri Bernard & Roger Gheysens, La bataille d'Ardenne - L'ultime blitzkrieg d'Hitler; Bréissel (éditions Racine), 1994; 224 S. (Bibliographie, Kaarten a Fotoen, Regëster); ISBN 2-87386-024-3
  • Toland, John: Die Ardennenschlacht 1944 (Originaltitel: Battle: The Story of the Bulge) Alfred Scherz Verlag, Stuttgard,1960.
Commons: Ardennenoffensiv – Biller, Videoen oder Audiodateien

Dokumenter am Kader vum 80. Joresdag vum Ufank vun der Ardennenoffensiv

[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Den Hitler hat dem von Rundstedt an dem Model senge Cheffe vum État-major de Genereel Westpal a Krebs säi Plang ënner deem Numm de 24.Oktober op der Wolfsschanze bekannt gemaach, an hinnen d'Verspriechen ofgeholl, datt nëmmen hir iewescht Genereel eppes däerften dovu gewuer ginn (L'Offensive des Ardennes, Éditions Christophe Colomb, Säit 6.)
  2. Battle of the Bulge 19441St-Vith and the Northern Shoulder Osprey Publishing 2003
  3. Bastogne, la bataille des Ardennes, Histoire illustrée de la seconde guuerre mondiale, Marabout 1968
  4. Den Hitler selwer hat aus Camouflagegrënn verbueden d'Reserven no un d'Front ze bréngen. (L'offensive des Ardennes, Säit 68)
  5. Websäit vum Ardennen Poteau ‘44 Museum
  6. Dës Zuele si vum Cercle d'Études sur la Bataille des Ardennes CEBA opgestallt