Jousefskierch zu Téiteng
| ||||
---|---|---|---|---|
Uertschaft / Plaz | Téiteng | |||
Par | Käldall Notre-Dame-des-Mineurs | |||
Dekanat | Süden-Ost | |||
Numm / Patréiner | Hellege Jousef | |||
Konsekratioun | 21. Oktober 1897 | |||
Architekt(en) | Alphonse Kemp | |||
Koordinaten | 49° 28’ 29.8’’ N 06° 02’ 28.1’’ O | |||
Kierchen - Kapellen |
D'Jousefskierch zu Téiteng ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Käldall Notre-Dame-des-Mineurs zum Dekanat Süden-Ost an zu der Gemeng Keel gehéiert.
De Patréiner ass den hellege Jousef, deem säi Fest den 19. Mäerz gefeiert gëtt.
D'Kierch gouf den 20. Dezember 2019 als nationaalt Monumnet klasséiert.[1]
Se steet am Duerfkär direkt un der Haaptstrooss (rue Principale), der N33. Et ass eng dräischëffeg Kierch am neoromanesche Basilikestil.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Déi aktuell Jousefskierch steet op de Reschter vun e puer Virgängerkierche resp. Kapellen. Déi eelst dovu war eng Mariekapell an ass fir d'éischt 1570 ernimmt ginn. Se gëllt als Stëftung vum Déifferdenger Klouschter an ass 1653 der Hl. Ursula geweit ginn. 1764 ass am Beräich vun der haiteger Sakristei (Op der Knupp) eng nei Kapell gebaut ginn, där hiren Tuerm no Osten ausgeriicht war. Se war 15,7 m laang a 7,35 m breet. De Kierfecht war ronderëm d'Kierch ugeluecht.
1851 war d'Kapell vu 1764 bal eng Ruin. Duerch d'Uwuesse vun der Bevëlkerung war se och ze kleng ginn. 1854 huet de Gemengerot en Neibau decidéiert. Den 8. Juni 1856 huet den Inneminister e Subsid vu 400 Frang accordéiert. 1857 ass d'Kapell gebaut ginn.
Awer schonn 1893 kruten déi Téitenger vum Bëschof Koppes geroden, eng nei Kierch ze bauen. D'Bevëlkerung war an där Zäit vun 1857 bis 1893 vu 400 op 1400 eropgaangen. Den Architekt Alphonse Kemp konnt sech mat senge Pläng fir déi nei Kierch och géint d'Bedenke vum Staatsarchitekt Charles Arendt duerchsetzen. No dräi Decisioune vum Gemengerot de 7. November 1895, de 17. Januar an de 27. Mäerz 1896 sinn d'Bauaarbechte ëffentlech vergi ginn. Entreprener waren d'Firme Paul Ries vun Téiteng a Johann Wivenes vu Keel. Nach am selwechte Joer ass d'Kapell vun 1857 ofgerappt ginn. Den 21. Oktober 1897 huet de Bëschof Koppes déi nei Kierch, mat där déi Téitenger eng schwéier Schold opgeholl haten, konsekréiert.
1950 ass d'Kierch déi éischt Kéier grondleeënd renovéiert ginn. Eréischt bei där Geleeënheet ass d'Sakristei bäigebaut ginn. D'Zil vun der Renovatioun war d'Konzentratioun op déi wesentlech Elementer vun der Liturgie. Dat gouf erreecht duerch d'Ewechhuele vun der Chouerbarrière a vum Priedegtstull, d'Reduzéiere vun der Zuel an d'Iwwermole vun de virdru faarwege Statue mat groer Faarf. Och dee baldachinaartegen Iwwerbau vum Altor ass ewechgeholl ginn. Ausserdeem krut d'Kierch en neie Buedembelag, nei Fënsteren an eng Tuermauer.
De 6. Februar 1955 huet de Bëschof-Koadjutor Léon Lommel den Haaptaltor vun der restauréierter Parkierch konsekréiert. De 7. Abrëll ass och eng nei Uergel a Presenz vum Bëschof ageweit ginn.
Bei der zweeter grousser Renovéierung am Joer 1997 gouf dee moderne Kräizwee installéiert. Ausserdeem ass den neien Dafsteen a Form vun enger stiliséierter Bléi aus Marber am Aganksberäich opgestallt ginn an den Altorberäich ass nei amenagéiert ginn.
Den Héichaltor staamt aus der zweeter Hallschent vum 19. Joerhonnert a gouf vun enger Münchener Firma aus Holz a Sandsteen hiergestallt. E war och schonn an der Virgängerkierch installéiert.
Fënsteren
[änneren | Quelltext änneren]D'Fënstere goufe vum lëtzebuergesche Moler Foni Tissen entworf a 1950 vun der Firma Vitraux d'Arts Linster und Schmitt vu Munneref hiergestallt.
Klacken
[änneren | Quelltext änneren]D'Klacke goufen 1897 vum Bëschof Jean-Joseph Koppes konsekréiert a lauden am Toun: g' f' es'. D'Klack am Toun es' (Michelangelo) ass déi déck. D'Klack am Toun f' (Donatus) ass déi mëtteldeck. D'Klack am Toun g' (Barbara) ass déi klengst. Se hänken alleguer an engem hëlzene Klackestull an de Jach ass aus Stol.
D'Klacke goufen an der Metzer Klackegéisserei Goussel François déi spéider Géisserei Bour & Guenser gegoss a koumen den 22. Mee 1897 op Téiteng.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Jeannot Lunkes a François Schon: Von St. Ursula bis St. Joseph, Die Geschichte der Tetinger Kirchen aus Tetingen, Gestern und Vorgestern, Editpress Luxembourg
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Jousefskierch zu Téiteng – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- D'Kierch op der Websäit vum Parverband Käldall
- D'Fënstere vun der Kierch vu Téiteng op der Websäit vun der Stiftung Forschungsstelle Glasmalerei des 20. Jh. e. V. (de)
- D'Uergel vun der Kierch op Orgues.lu
- D'Kierch Téiteng an der Facebookgrupp Patrimoine religieux Luxembourg - Reliéisen Ierwen Lëtzebuerg [sic]
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 3. Juli 2024).