Kepler-20

Vu Wikipedia
Stär
Kepler-20
Opsichkaart fir de Kepler-20 am Stärebild Lyra
Stärebild: Lyra (Lyr)
Daten
Equinoxe J2000.0
Rektaszensioun 19h 10m 47,524s
Deklinatioun + 42° 20' 19,30"
Visuell Magnitude 12,51 mag
Spektralklass: G8
Astrometrie
Distanz zirka 950 Lj
Radialvitess: ?  km/s
Physikalesch Eegenschaften
Mass: 0,912 ± 0,035 M☉
Radius: 0,944+0,06−0,095
Metallizitéit [Fe/H]: 0,02 ± 0,04
Uewerflächentemperatur 5,466 ± 93
Alter 8,8+4,7−2,7 Mrd.
Aner Bezeechnungen
J19104752+4220194 - Kepler-20
KOI-070 - KIC-6850504

De Kepler-20 ass e Stär deen op enger Distanz vun 950 Liichtjoer vun eiser Äerd ewech am Stärebild Lyra läit. De Stär huet e Planéitesystem, dat aus fënnef bekannten Exoplanéite besteet. Well seng visuell Magnitude ze schwaach ass, kann de Stär net mat bloussem A gesi ginn. D'Observatioun erfuedert en Teleskop mat enger Apertur vun op d'mannst 15 cm (6 Zoll) oder méi. De Kepler-20 ass eppes méi kleng wéi eis Sonn an huet 94 % vum Sonneradius an ongeféier 91 % vun der Sonnemass. Déi effektiv Temperatur vun der Photosphär vum Stär ass 5.466 Kelvin an ass eppes méi kill wéi d'Sonn, wat hir dat charakteristescht gielt Gléie vun engem gielen Zwergstär mat der Spektralklass G8 gëtt. D'Heefegkeet vun aneren Elementer wéi Waasserstoff oder Helium, vun Astronomen als Metallizitéit bezeechent, ass ongeféier d'selwecht grouss wéi bei der Sonn. Héchstwahrscheinlech ass de Stär Kepler-20 méi al wéi eis Sonn.

Planéitesystem[änneren | Quelltext änneren]

Den 20. Dezember 2011 huet d'Wëssenschaftlerteam vum Kepler-Weltraumteleskop d'Entdeckung vun engem System mat fënnef Planéite bekannt ginn. De System besteet aus dräi Gasplanéiten an de béiden äerdgrousse Planéiten Kepler-20e (den éischte bekannte Exoplanéit ëm en Haaptreiestär an de Kepler-20f, dee méi kleng wéi d'Äerd ass.

Obwuel d'Planéiten d'Gréisst vun der Aerd hunn, si si op kee Fall als äerdänlech ze bezeechnen, well si hire Stär op méi enger kuerzer Distanz wéi d'Äerd ëmkreesen a sech wäit iwwer déi habitabel Zon befannen, woubäi d'Temperaturen op hirer Uewerfläch op 760 °C geschat gëtt, respektiv 427 °C erreechen. Déi dräi aner Planéite Kepler-20b, Kepler-20c, a Kepler-20d sinn op ongeféier vun der Gréisst wéi de Neptun a kreesen och op enke Ëmlafbunnen ëm den Zentralstär.

D'Masse vum Kepler-20e a vum Kepler-20f si geschat. Hir Massebestëmmung ass onsécher, well se ze kleng sinn fir se mat aktueller Technologie duerch d'Radialvitessmethod z'entdecken.

All d'Planéite stinn a Bunnresonanzen. Vu bannen no bausse sinn dat 3:2, 4:2, 2:1 an 4:1.

Planéitesystem vum Kepler-20[änneren | Quelltext änneren]

Planéit
Distanz zum Stär
Entdeckung
(Joer)
Radius
(an )
Mass
(an M)
Ëmlafzäit
(an Deeg)
Hallefachs
(an AE)
Exzentrizitéit
Kepler-20b 2011 1,91 8,7 3,6961219 0,04537 <0,32
Kepler-20e 2011 0,868 0,39–1,67 6,098493 0,0630 <0,28
Kepler-20c 2011 3,07 16,1 10,854092 0,0930 <0,40
Kepler-20d 2011 1,034 0,66–3,04 19,57706 0,1370 <0,32
Kepler-20f 2011 2,75 <20,1 77,61184 0,3453 <0,60

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kepler-20 – Biller, Videoen oder Audiodateien