Kierch Lëtzebuerg-Clausen
| ||||
---|---|---|---|---|
Parkierch vu Clausen (2013) | ||||
Uertschaft / Plaz | Clausen | |||
Par | Lëtzebuerg Notre-Dame | |||
Dekanat | Lëtzebuerg | |||
Numm / Patréiner | Hl. Kunigunde | |||
Konsekratioun | 1865 | |||
Architekt(en) | Ch. Arendt | |||
Baujoer | 1865 | |||
Koordinaten | 49° 36’ 54.4’’ N 06° 08’ 35.8’’ O | |||
Kierchen - Kapellen |
D'Kierch vu Lëtzebuerg-Clausen ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Lëtzebuerg Notre-Dame, zum Dekanat Lëtzebuerg an zu der Gemeng Lëtzebuerg gehéiert.
D'Patréinesch vun der Kierch ass d'helleg Kunigunde, där hiert Fest den 13. Juli gefeiert gëtt. D'Kierch steet a Clausen op der Place Ste Cunégonde déi op d'Allée Pierre de Mansfeld (CR218) stéisst.
An der Clausener Kierch gëtt zanter …[Wéini ?] nieft geleeëntlechen Hochzäiten oder engem Läichendéngscht just nach eemol an der Woch (all Sonndeg) eng tridentinesch Mass („al Mass“) op Latäin, nom Massbuch vum Pius V. zelebréiert[1].
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Lëtzebuerg-Clausen gouf eréischt 1865 zu enger selbstänneger Par wéi Clausen vun der Par Lëtzebuerg-St Michel ofgetrennt gouf. Am selwechte Joer gouf och d'Kierch gebaut a vum Bëschof Nicolas Adames konsekréiert.
1875 gouf déi éischt Uergel vun der Uergelmanufaktur Breidenfeld vun Tréier ugeschaaft, 1930 gouf se vun der Uergelmanufaktur Georg Haupt ëmgebaut a moderniséiert.
1958 gouf d'Kierch komplett restauréiert, awer schonn 1964 war se duerch e Feier nees staark beschiedegt ginn. Fir d'Honnertjoerfeier den 10. Oktober 1965 war se awer nees an d'Rei gesat.[2]
Paschtéier vu Clausen
[änneren | Quelltext änneren]- 1865 - 1896: J.P. Philippe vu Munneref
- 1896 - 1907: Nic. Leonardy vun Ouljen
- 1907 - 1931: Nic. Rehlinger vun Dondel
- 1931 - 1943: Ed. Ellenbecker vun Heeschdref
- 1944 - 1957: Nic. Espen vun Déifferdeng
- 1957 - 19--: Math. Thiery
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Kierch Lëtzebuerg-Clausen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- D'Fënstere vun der Kierch vu Lëtzebuerg-Clausen op der Websäit vun der Stiftung Forschungsstelle Glasmalerei des 20. Jh. e. V. (de)
- D'Uergel vun der Kierch op der Websäit Orgues.lu
- Video op Youtube aus der Serie: Kierchen a Kapellen zu Lëtzebuerg iwwer d'Clausener Kierch
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ (lb)Clausener Kierch - Eng Desakraliséierung wier den Ament keen Thema. www.rtl.lu. Gekuckt de(n) 20.08.2023.
- ↑ Grandiose Hundertjahrfeier der Pfarrkirche und Pfarrei Clausen am Luxemburger Wort vum 12. Oktober 1965, S.6