Kierch Feelen

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Kierch vu Feelen
Uertschaft / Plaz Uewerfeelen
Par Ettelbréck
Saints-Pierre-et-Paul
Dekanat Dekanat Zentrum
Numm / Patréiner Johannes den Deefer
Baujoer 1864
Koordinaten 49° 50’ 52’’ N
06° 02’ 33’’ O
Kierchen - Kapellen
De Rokoko-Medaillon ganz uewen um Haaptaltor
Den Haaptaltor

D'Kierch zu Uewerfeelen ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Ettelbréck Saints-Pierre-et-Paul, zum Dekanat Zentrum an zu der Gemeng Feelen gehéiert.

Se ass dem hellege Johannes dem Deefer geweit, deem säi Fest de 24. Juni gefeiert gëtt.

D'Kierch läit, wat zimmlech ongewéinlech ass, baussen der Uertschaft, an zwar op der Strooss fir op Kolmer-Bierg CR314. Se läit matzen an de Felder an ass zanter 1961, zesumme mam ale Kierfecht, op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter als Nationalmonument klasséiert.[1]

Geographesches[änneren | Quelltext änneren]

D'Gebai steet op enger Héicht vun 310 Meter am Hank vu Kochert erof. Dowéinst ware bei der grousser Restauratioun vill Drainage-Aarbechten néideg, fir d'Gebai virun der Fiichtegkeet ze protegéieren, déi ënner dem Buedem den Hank erofzitt.

D'Kierch steet 200 Meter vun der Waark ewech, net wäit ewech vum Uertschaftsschëld vun Uewerfeelen an der enker Kéier vum CR314, deen op de Carelshaff féiert.

Geschichtleches[änneren | Quelltext änneren]

Wéi de Grof Siegfried I. vu Lëtzebuerg am Joer 963 der Räichsabtei St. Maximin vun Tréier de Bockfiels mam Réimerkastell Lucilinburhuc zu Lëtzebuerg ofgehandelt huet, huet en hinne senger Lännereien zu Feelen an den Tosch ginn.

Den eelsten Deel vum Gebai ass de romaneschen Tuerm. D'Kiercheschëff ass 1725/26 gebaut ginn a gouf ëm 1880 no Osten hi verlängert.

Restauratiounen[änneren | Quelltext änneren]

Déi lescht Restauratioune goufen 2001 ofgeschloss.

D'Tuermhal[änneren | Quelltext änneren]

An der Tuermhal hänken zwee Klackeseeler duerch de Plafong erof, déi haut nach gebraucht gi fir ze lauden. Weider stinn do dräi Weekräizer an en hëlze Monument, dat un d'Rebellioun vu 1794 vun de Baueren aus der Géigend géint d'franséisch Besatzungstruppen erënnere soll.

Klacken[änneren | Quelltext änneren]

D'Klacke vu Feelen lauden am Schlagtoun ais' (la) an gis' (sol).

D'Altär[änneren | Quelltext änneren]

Déi dräi Altär goufe 1730 vum Jean-Georges Scholtus, deen zu Baaschtnech säin Atelier hat, fäerdeggestallt a 1733 vum Weibëschof Lother Friedrich von Nalbach vun Tréier konsekréiert.

An de Joren 1989 an 1990 goufe se vum Carlo Bettendorf nei polychroméiert a mat Blatgold dekoréiert. Der Form no sinn déi béid Säitenaltär d'selwecht.

De rietse Säitenaltor ass dem Hellegen Celsus gewidmet, deen an der Haaptnisch am Bëschofsornat ze gesinn ass.

D'Beichtstill[änneren | Quelltext änneren]

D'Auszich iwwer de Beichtstill stame vum Michel Weiler, deen 1805 gestuerwen ass.

D'Uergel[änneren | Quelltext änneren]

Widder der lénkser Säitewand steet d'Uergel, déi am Joer 2002 vun der Uergelmanufaktur Georg Westenfelder do opgeriicht gouf.

D'Dispositioun:

  • 1er clavier C-f'''
    • Principal 8'
    • Bourdon à cheminée 8'
    • Octave 4
    • Flûte conique 4'
    • Octave 2'
    • Mixture 4 rangs 1 1/3'
    • Trompette 8'
    • Trompette 8'
  • Pédale C-f
    • Soubasse 16'
    • Octave 8'
    • Octave 4'
    • Trompette 8'
  • 2e clavier C-f'''
    • Bourdon 8'
    • Flûte à cheminée 4'
    • Nasard 2 2/3'
    • Flûte 2'
    • Tierce 1 3/5'
    • Quinte 1 1/3'
    • Voix humaine 8''
    • Tremblant
  • Tirasses et accouplements
    • I/P, II/P II/I
    • Traction mécanique
    • Buffet en chêne massif
    • Sommier à coulisses

Organistin ass d'Sylvie Schartz-Kips.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kierch Feelen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Service des Sites et Monuments Nationaux: Liste des immeubles et objets classés Monuments nationaux ou inscrits à l'Inventaire supplémentaire. (Lescht Versioun vum 5. Dezember 2019).