Kierch Noutem (Stauséigemeng)
| ||||
---|---|---|---|---|
Filialkierch vun Noutem (2014) | ||||
Uertschaft / Plaz | Noutem | |||
Par | Öewersauer Saint-Pirmin | |||
Dekanat | Norden | |||
Numm / Patréiner | Hl. Albinus | |||
Baujoer | 1843 | |||
Koordinaten | 49° 56’ 30.0’’ N 05° 52’ 49.1’’ O | |||
Kierchen - Kapellen |
D'Kierch zu Noutem ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Öewersauer Saint-Pirmin, zum Dekanat Norden an zu der Stauséigemeng gehéiert.
De Patréiner ass den hellegen Albinus, deem säi Fest den 1. Mäerz gefeiert gëtt.
D'Kierch steet am Norde vum Duerf an der Duerfstrooss. Virum Kierchtuerm ass e Monument fir d'Affer vum Zweete Weltkrich.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Scho 1580 gouf d'Veréierung vun den Hellegen Albinus an Celsus zu Noutem an historeschen Dokumenter ernimmt. 1680 huet de Jean-Antoine Blavier, de "Coadjuteur" vu Léck, déi Noutemer Kierch dësen zwéin Hellege gewidmet. Leider war déi Noutemer Kierch no de Kricher aus der Zäit vum Napoleon ganz staark zerstéiert. Si gouf dowéinst 1843 frësch opgebaut. Den Altor aus dem Joer 1707 an zwou Statue vun den Hellegen Albinus an Celsus dekoréieren haut déi Noutemer Kierch.
Bis de 7. Mee 2017 war et eng Filialkierch vun der Par Bärel, déi zum Parverband Wooltz, Kiischpelt, zu der Pastoralregioun Norden an zum Dekanat Wolz gehéiert huet. Zur fréierer Par Bärel huet ausser der Filialkierch vun Noutem och nach d'Parkierch vu Bärel gehéiert.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Lëscht vu reliéise Gebaier zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Paren
- Lëscht vun de fréiere Lëtzebuerger Paren
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Kierch Noutem (Stauséigemeng) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Websäit vun der Par Wooltz Saints-Pierre-et-Paul
- D'Fënstere vun der Kierch vun Noutem op der Websäit vun der Stiftung Forschungsstelle Glasmalerei des 20. Jh. e. V. (de)
- D'Kierch Noutem an der Facebookgrupp Patrimoine religieux Luxembourg - Reliéisen Ierwen Lëtzebuerg [sic]
-
D'Kierch vu Südosten aus gesinn
-
Den Agank vun der Kierch
-
D'Noutemer Kierch vu bannen