Krier
Ausgesinn
Op dëser Säit stinn eng Partie Artikele vu Leit, déi de selwechte Familljennumm hunn an dofir ausernee gehale musse ginn. Fir méi Informatiounen, liest wgl. den Artikel iwwer d'Homonymie an der Wikipedia. |
Krier ass een zu Lëtzebuerg geleefege Familljennumm. E gëtt meeschtens "Kréier" ausgeschwat, wat op seng Ethymologie zeréckzeféieren ass: "Kréier" ass d'Beruffsbezeechnung fir deen, dee Kréi mécht. Déi Houdäitsch Variant dovun ass Krüger.
1880 hunn am Land 690 Leit sou geheescht, 1930 waren et der 810 an 1981 856[1].
Dorënner sinn:
- Antoine (Tun) Krier, lëtzebuergesche Gewerkschaftler, Politiker a Minister.
- Beatrice (Bea) Wester Krier, amerikanesch Genealogin a Buchautorin mat lëtzebuergeschen Originnen
- Berthy Krier, lëtzebuergesch Dëschtennisspillerin.
- Carole Krier (1973), lëtzebuergesch Volleyballspillerin.
- Cathy Krier, lëtzebuergesch Pianistin.
- Charles Krier, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- Émile Krier, lëtzebuergeschen Historiker.
- Émile Krier, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- Fernande Krier, lëtzebuergesch Sproochwëssenschaftlerin.
- Jean Krier (1935-2003), lëtzebuergeschen Ekonomist a Banquier.
- Jeqn Krier (1949-2013), lëtzebuergeschen Dichter an Däitsch-Professer.
- Jean Krier (1951), lëtzebuergeschen Archeolog an Historiker.
- Jean Krier (?), lëtzebuergesche Foussballspiller.
- Jean Bernard Krier, lëtzebuergesche Geeschtlechen, Deputéierten an Auteur.
- Léon Krier, lëtzebuergeschen Architekt.
- Lily Becker-Krier, lëtzebuergesch Fraerechtlerin a Gewerkschaftlerin.
- Maryse Krier, lëtzebuergesch Schrëftstellerin.
- Philippe Krier, lëtzebuergesche Politiker, Buergermeeschter zu Suessem vun 1815-1818.
- Pierre Krier, lëtzebuergesche Gewerkschaftler, Politiker a Minister.
- Rob Krier, lëtzebuergeschen Architekt.
- Roger Krier, lëtzebuergesche Politiker.
- Tony Krier, lëtzebuergesche Fotograf.
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Institut Grand-ducal, Section de linguistique, de folklore et de toponymie: Geographie der Luxemburger Familiennamen (nach der Volkszählung von 1930). Beiträge zur luxemburgischen Sprach- und Volkskunde Nr. XVIII. Luxemburg 1989, S.424.