Karblumm
Dëse Biologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Wëssenschaftlech Klassifikatioun | |
---|---|
Räich | Planzeräich |
Ënnerräich | Tracheobionta |
Ofdeelung | Bléieplanzen |
Klass | Magnoliopsida |
Ënnerklass | Asteridae |
Uerdnung | Asterales |
Famill | Asteraceae |
Gattung | Centaurea |
Aart | Karblumm |
Wëssenschaftlechen Numm | |
Centaurea cyanus | |
L. | |
D'Karblumm oder Kuerblumm (Centaurea cyanus) ass eng Planzenaart, déi zur Gattung vun de Flackeblummen (Centaurea) an der Famill vun den Asteraceae gehéiert. Si ass e bekannte Vertrieder vun den Archeophyten, Planzen, déi viru 1492 an eis Géigenden agewandert sinn.
Et gëtt och eng Variant vun der Karblumm, déi wäiss Bléien huet, mat dem wëssenschaftlechen Numm Centaurea cyanus var. alba.[1].
D'Karblumm huet zanter Mënschegedenken als Begleetplanz[2] vun der Fruucht eng Roll an der Kultur gespillt. Sou war d'Kuerblumm bei den alen Egypter eng helleg Planz, déi de Pharaonen mat an d'Graf geluecht gouf, oder mat där Iesswueren blo gefierft goufen. An der rezenter Geschicht war d'Karblumm en heemlecht Erkennungszeeche vun den Nazien an der Zäit virun 1933, wou si am Ënnergronn agéiert hunn.
Am lëtzebuergesche Folklore ass d'Karblumm als wichtege Bestanddeel vum Krautwësch ze fannen.
Deen alleréischte Lyrikband op Lëtzebuergesch, vum Jean-François Gangler, deen 1840 erauskoum, hat den Titel: Koirblummen um Lamperbiéreg geplekt (an haiteger Schreifweis: "Karblummen um Lampertsbierg gepléckt").
-
E Feld blo vu Kuerblummen
-
Déi wäiss bléiend Variant
-
Gezillte Form mat gefëllte Bléien
-
Knosp kuerz virum Opbléien
Notten
[Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Centaurea cyanus – Biller, Videoen oder Audiodateien |