L'Indépendant

Vu Wikipedia
L'Indépendant
Typ Zeitung
Sprooch Franséisch
Éischt Ausgab 6. September 1945
Grënner Norbert Gomand,
Gordian Troeller
Land Lëtzebuerg


L'Indépendant war eng lëtzebuergesch Zeitung, déi eng beweegt mä kuerz Liewensdauer hat. Si gouf 1945 vun engem Student, dem Norbert Gomand, dee wärend dem Zweete Weltkrich zu London am Exil gelieft huet, an dem Gordian Troeller, engem Journalist a Resistenzler, gegrënnt.

Déi éischt Nummer ass am September 1945 erauskomm. Den Henri Koch-Kent erzielt, datt d'Schwieregkeeten, déi d'Autoritéiten den Editeure gemaach hätten, hinnen net, wéi geplangt, erlaabt hätten, hir éischt Editioun schonn am Abrëll erauszebréngen[1]. D'Periodicitéit vun der Zeitung huet och gewiesselt. Zum Schluss, an den 1960er Joren, ass se nëmme méi zweemol am Mount erauskomm, an och net méi zu Lëtzebuerg, mä zu Bréissel.

Déi kuerz Liewenszäit vum Indépendant war markéiert vun enger Zuel vu laangen, net ëmmer duerchsiichtege Prozesser.

Wat stoung um Spill?[änneren | Quelltext änneren]

No der Meenung, zu där de Gomand an den Troeller an hirem Londoner Exil komm waren, an déi och den Henri Koch-Kent an den Emile Krieps gedeelt hunn, hätt fir déi lëtzebuergesch Regierung an hirem Londoner Exil fir d'Lëtzebuerger Flüchtlingen (Zwangsrekrutéierten an aneren), déi sech am Krich derduerch gemaach haten, net genuch gemaach. Déi Uschëllegunge goufen de Leitmotiv vum Indépendant. Déi Accusatiounen huet d'Exilregierung net op sech sëtze gelooss an de Pierre Dupong, Joseph Bech a Victor Bodson hu viru Geriicht geklot. No engem Prozess, deen annerhalleft Joer gedauert huet, gouf den Norbert Gomand wéinst Diffamatioun condamnéiert. De Gomand huet dat awer net verdaut an huet vu Conspiratioun a Komplott geschwat. Den Indépendant, sou huet et geheescht, wier déi eenzeg Zeitung, déi an der Clandestinitéit misst erauskommen, well et der Zeitung duerch d'Schwieregkeete vun der Justice net eemol erlaabt wier, en eegene Kont opzemaachen. An den 1950er Joren huet déi Geschicht dunn e virleefegt Enn fonnt, wéi den Norbert Gomand an de Gordian Troeller an d'Ausland wunne gaange sinn.

D'Zeitung ass awer nach bis an d'1960er Joren zweemol am Mount erauskomm, nodeem den Octave-Jean de Buck an d'Lucienne de Buck-Koolen hir Editioun iwwerholl haten.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Hilgert, Romain, 2004. Les journaux au Luxembourg 1704-2004, Service information et presse, Luxembourg, S. 210-211

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]