Les perdants n'écrivent pas l'histoire

Vu Wikipedia
Les perdants n'écrivent pas l'histoire
Film
Produktiounsland Lëtzebuerg
Première 24. Abrëll 2001
Dauer 95 min
Faarf Faarweg
Originalsprooch Franséisch, Lëtzebuergesch
Ekipp
Regie Frédéric Fichefet
Edie Laconi
Dréibuch Frédéric Fichefet
Edie Laconi
Fotografie Frédéric Fichefet
Schnëtt Frédéric Fichefet
Produzent Claude Waringo (Produzent), Jani Thilges (associéierte Produzent)
Produktiouns-
gesellschaft
Samsa Film
Schauspiller
André Wilms (Erzieler)
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Les perdants n'écrivent pas l'histoire ass e lëtzebuergeschen Dokumentarfilm vum Frédéric Fichefet an Edie Laconi aus dem Joer 2001. E behandelt d'Geschicht vun de Spueniekämpfer.

Ëm wat geet et am Film?[änneren | Quelltext änneren]

Tëscht 1936 an 1938 sinn 102 Lëtzebuerger a Spuenien gaange fir am spuenesche Biergerkrich nieft de Republikaner d'Faschisten ze bekämpfen. D'Engagement vun deene Männer a Frae gouf an der ëffentlecher Meenung vun der Zäit laang nëmmen als perséinlech Entscheedung vun e puer Abenteuerer ugesinn, an net als Resistenz géint e Feind dee kuerz drop och dee vu Lëtzebuerg sollt ginn. Lëtzebuerg huet dat Engagement eréischt an den 1980er Joren unerkannt, wéi ugefaange gouf, sech dofir z'interesséieren.[1][2]

Filmproduktioun[änneren | Quelltext änneren]

Vum Lëtzebuerger Filmfong krut d'Produktiounsgesellschaft Samsa Film 1998 e Subside an Héicht vun 1,3 Millioune Lëtzebuerger Frang fir de Film, deem säin Aarbechtstitel deemools Ceux qui sont allés war.[3] D'Joer drop koum eng zweet finanziell Hëllef vu 5,4 Millioune Frang dobäi. Den Aarbechtstitel war du Ceux qui sont allés en Espagne.[4] 2001 krut Samsa dunn nach eng "Aide à la promotion" an Héicht vu 302.270 Frang (ronn 7.500 Euro)[5].

Am Generique vum Film drécken d'Produzenten dem Henri Wehenkel e spezielle Merci aus. Hien hat schonn 1997 e Buch iwwer d'Spueniekämpfer erausbruecht.

Les perdants n'écrivent pas l'histoire hat seng Première de 24. Abrëll 2011 am Kino Utopia[6]. E war ee vu siwe Filmer, déi wärend der zweeter Editioun vun der "Semaine du documentaire luxembourgeois" gewise gouf, déi den CNA a Samsa Film organiséiert hunn.[7]

Wat sot d'Press?[änneren | Quelltext änneren]

Josée Hansen, d'Lëtzebuerger Land:[6]

Les perdants n'écrivent pas l'histoire est un film sensible, le regard « extérieur » des deux réalisateurs (l'un belge, l'autre français) a contribué à mettre en exergue cette mémoire difficile. C'est impressionnant.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. De Film op cinergie.be
  2. De Film op neimenster.lu
  3. Rapport d'activité du Ministère de la culture 1998, Mäerz 1999, Säit 201
  4. Rapport d'activité du Ministère de la Culture de l'Enseignement supérieur et de la recherche 1999, Mäerz 2000, Säit 218
  5. Rapport Annuel 2001 vum Lëtzebuerger Filmfong, Säit 7
  6. 6,0 6,1 land.lu: « Léiwer dout ewéi rout ! » vum Josée Hansen (19. Abrëll 2001)
  7. Rapport d'activité du Ministère de la Culture 2001, Säit 196