Lex Jacoby
Lex Jacoby | |
---|---|
am Joer 2004 | |
Gebuer |
28. Februar 1930 Jonglënster |
Gestuerwen | 21. November 2015 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Dichter, Schrëftsteller |
Member vun | Lëtzebuerger Schrëftstellerverband |
Famill | |
Kanner | Nathalie Jacoby |
Den Alexandre ("Lex" oder "Alex") Jacoby, gebuer den 28. Februar 1930 zu Jonglënster, a gestuerwen den 20. November 2015[1], war e lëtzebuergesche Schoulmeeschter a Schrëftsteller.
Säi Liewen
[änneren | Quelltext änneren]De Lex Jacoby war vun 1962 bis 1990 zu Klierf Schoulmeeschter. Zanter 1951 huet hien op ville Plaze literaresch matgeschafft, an Die Warte, dem d'Lëtzebuerger Land, de Cahiers luxembourgeois an den nos cahiers. Hien huet d'kulturell Zäitschrëft De Cliärrwer Kanton erausginn, déi 2004 hir 25 Joer gefeiert huet. Vun 2009 un huet hien och an der Zäitschrëft Koplescht – fréier an hott matgeschafft.
Wierker
[änneren | Quelltext änneren]1952 koum dem Lex Jacoby säin éischt Buch eraus, Die Sehnsucht des Schamanen, eng Sammlung vu Kuerzgeschichten a Gedichter. Scho fréi fanne sech déi spéider weiderentwéckelt Theemen, d'Joreszäiten an d'Natur. No zwee Gedichtsbänn op Franséisch huet den Auteur seng Sprooch a säi Genre fonnt; Reesliteratur an Tagebicher op Däitsch.
Bicher
[änneren | Quelltext änneren]- Die Sehnsucht des Schamanen. Gedichter an Erzielungen, 1952.
- Der Fremde. Erzielung, 1954.
- Le Pavot Blanc. Gedichter, 1962.
- Luxemburg. Texter fir a Bildband, 1963.
- Der Grenzstein. Feuilletons, 1963.
- Nachts gehen die Fische an Land. Erzielung, 1980.
- Logbuch der Arche. Roman, 1988.
- Der fromme Staub der Feldwege. Erzielung, 1990.
- Spanien heiter bis wolkig. Dagbuch, 1994.
- Wasserzeichen. Erzielungen, 1995.
- Remis in der Provence
- Wie nicht ganz schwarzer KOHLENSTEIN. Roman, 2001
- Die Deponie. Roman, 304 S., Éditions Saint-Paul, Lëtzebuerg, 2006.
Weider Publikatiounen
[änneren | Quelltext änneren]- Willy Flener & Lex Jacoby, 1954. Op der Kopleschter Heed. Volleksstéck an 3 Akten.
- Das Herz von Kopstal. Nos cahiers 3/4 (2003). Spezialnummer iwwer de Kanton Capellen.
Literaturpräisser
[änneren | Quelltext änneren]- Lëtzebuerger Literaturpräis 1957 fir Der Fremde.
- Servais-Präis 1996 fir Wasserzeichen.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Lex Jacoby – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Lex Jacoby im Alter von 85 Jahren verstorben wort.lu 21. November 2015