Luc Housse
Ausgesinn
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Luc Housse | |
---|---|
Gebuer |
24. Februar 1871 Lëtzebuerg |
Gestuerwen |
18. Mee 1930 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker, Affekot |
Partei | LSAP |
De Jean-Pierre Lucas Housse, gebuer de 24. Februar 1871 an der Stad Lëtzebuerg an och do gestuerwen den 18. Mee 1930, war e lëtzebuergeschen Affekot a Politiker.
Hie war Member am Stater Gemengerot vun 1889 un, Schäffe vun 1912 bis 1918 an duerno, bis 1921 Buergermeeschter vun der Stad Lëtzebuerg. Vun 1904-1919 war hien Deputéierten an der Chamber.
Fir un hien z'erënnere gouf an den 1930er Joren zu Zéisseng eng Strooss no him genannt: d'Rue Luc-Housse[1].
Virgänger: Léandre Lacroix |
Buergermeeschter vun der Stad Lëtzebuerg 1918 - 1920 |
Nofollger: Gaston Diderich |
Gielercher
- Officier vum Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 1920)[2]
- Commandeur vum Ordre d'Adolphe de Nassau[3]
- Officier vun der franséischer Légion d'honneur
- Commandeur vum Ordre de la Couronne de Belgique
No him benannt
Nom Housse ass eng Strooss zu Zéisseng benannt. D'rue Luc Housse ass eng Sakgaass déi vun der rue des Artisans aus fort geet.
Referenzen an Notten
- ↑ Rue Luc Housse an den Archive vun der Stad Lëtzebuerg; gekuckt den 13. Abrëll 2020
- ↑ Memorial A N° 8 vum 31. Januar 1920 mat enger Lëscht vu Leit déi mam ordre de la couronne de chêne dekoréiert goufen, op Legilux - dem Droitsportal vun der Lëtzebuerger Regierung
- ↑ Opzielung an der Doudesannonce am Luxemburger Wort N° 140 vum 20. Mee 1930, Säit 5
Kategorien:
- Gebuer 1871
- Buergermeeschtere vun der Stad Lëtzebuerg
- Lëtzebuergesch Buergermeeschteren
- Lëtzebuergesch Deputéiert
- Officier de l'ordre de la couronne de chêne
- Commandeur de l'ordre de mérite civil et militaire d'Adolphe de Nassau
- Officier de la Légion d'honneur
- Commandeur vum Ordre de la Couronne
- Gestuerwen 1930