Kapell Diddeleng-Butschebuerg (Lukaskapell)

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Lukaskapell vu Butschebuerg)
Lukaskapell vu Butschebuerg

Uertschaft / Plaz Butschebuerg
Par Diddeleng
Saint-Martin
Dekanat Süden-Ost
Numm / Patréiner Hl. Lukas
Konsekratioun 1976
Koordinaten 49° 29’ 34.8’’ N
      06° 03’ 58.8’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Lukaskapell vun Diddeleng-Butschebuerg ass eng kathoulesch Kapell déi zur Par Diddeleng Saint-Martin an zu der Gemeng Diddeleng gehéiert.

Si ass dem hellege Lukas geweit.

Si steet an der rue de la Chapelle zu Diddeleng am Quartier Butschebuerg.

De 4. Februar 2022 gouf d'Kapell als nationaalt Monument klasséiert.[1]

Geschichtleches[änneren | Quelltext änneren]

Et ass net gewosst, wéini d'Kapell gebaut gouf. An engem Visitatiounsbericht vu 1738 goung rieds vun engem Oratorium, deen net konsekréiert war an an deem och keng Paramenter (liturgesch Gewänner a Géigestänn) waren. Déi haiteg Kapell gouf wuel no der Franséischer Revolutioun gebaut. De Bau vun der Kapell ass weeder am Par-, nach am Gemengeregëster vermierkt. Op ale Kierchebänke war d'Joreszuel 1808 agravéiert. Bei engem Groussbrand zu Butschebuerg de 6. Mee 1883 gouf d'Kapell zum gréissten Deel verschount, obwuel déi meescht Haiser ofgebrannt sinn. D'Reparatur vum Kapellendaach huet deemools 570 Frang kascht, déi duerch eng staatlech Ënnerstëtzung a Spenden zesumme koumen.

Den haitege Barockaltor staamt aus der Kierch vu Wecker, déi 1891-1893 dräi nei Altär krut. E soll aus dem Joer 1729 stamen a gouf vun der Diddelenger Gemeng kaaft. Ufanks der 1920er Joren hat de Seminarist e Bréif un de Gemengerot geschriwwen an op de schlechten Zoustand vun der Kapell higewisen. Den 29. Abrëll 1922 krut d'Gemeng dat Stéck niewent der Kapell geschenkt a sou konnt d'Kapell vergréissert ginn. 1923 goufen nei Kierchebänke kaaft. Den 10. Mee 1940 hunn d'Fransouse vun der Maginot-Linn dem Hitler seng Arméi beschoss. Dobäi gouf den Daach vun der Kapell getraff. Och d'Krëppchen gouf duerch en Aschlag zerstéiert. Mat Spende konnt eng nei Krëppche kaaft ginn, déi de 24. Dezember 1954 virgestallt gouf. Déi lescht Renovéierungsaarbechte waren an den 1970er Joren. De 17. August 1976 huet de Bëschof Jean Hengen zesumme mam deemolege Paschtouer Roger Kayser déi renovéiert Kapell ageweit.[2]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kapell Diddeleng-Butschebuerg (Lukaskapell) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).
  2. Raymond Schmit, Dorfkirche mit Geheimnissen, Die St. Lukas Kapelle im Düdelinger Viertel Budersberg wird unter Denkmalschutz gestellt, Luxemburger Wort, 5. Oktober 2021, S. 24