Lunar and Planetary Laboratory

Vu Wikipedia
Konzeptbild vun der Phoenix (Raumsond)

De Lunar and Planetary Laboratory (LPL) ass e Fuerschungszentrum fir Planetologie zu Tucson, Arizona. Et ass gläichzäiteg eng Graduate school an ass d'Fakultéit fir Planetologie (Department of Planetary Sciences) vun der University of Arizona. Den LPL ass ee vun de weltgréisste Programmer am universitären Ëmfeld, dee sech nëmme mat Planetologie beschäftegt.

Hannergrond[änneren | Quelltext änneren]

Den LPL gouf am Joer 1960 vum Astronom Gerard Peter Kuiper gegrënnt. De Kuiper war e laangjärege Pionéier an der Observatioun vum Sonnesystem a besonnesch vu Mounden an enger Zäit, wou dat ënner Astronomen als onzäitgeméiss gegollt huet. Zu senge Bäiträg zielt d'Entdeckung vun de Mounde Miranda an Nereid, den Nowäis vu Kuelendioxid um Mars a Methan um Titan, an d'Virausso vun der spéider no him genannter Kuiperceinture.

De Kuiper koum op der Sich no méi grousser Onofhängegkeet, wéi hie si an der University of Chicago hat, op Tucson, ugezunn vun der Méiglechkeet, eng de Studie vum Sonnesystem ugepaasst Zesummenaarbecht opzebauen. Den LPL gouf ënner dem Patronat vun der University of Arizona ageriicht an de Kuiper huet d'Ariichtung als Direkter bis zu sengem Doud geleet.

D'Projete vum LPL sinn interdisziplinär. Dat gesammelt Wëssen an d'Technike vun der Astronomie, Physik, Chimie, Geologie, Geophysik, Geochimie, Ofleef an der Atmosphär an Ingenieurwëssenschaften, gëtt op de Studium vun de Planéitesystemer ausgeriicht. Vill Studenten um LPL beschäftege sech nëmme mat der enger oder anerer Disziplin am Detail, soudatt e breet ugeluechte Léierplang onëmgänglech ass.

1973 huet d'Universitéit d'Fakultéit fir Planetologie ageriicht, déi fortlafend mam LPL zesummeschafft. Dës Bestëmmung et hat dem LPL erméiglecht den Administratiounskader fir eng grouss Roll an der Léier z'iwwerhuelen. De President vum LPL ass gläichzäiteg Dekan vun der Fakultéit an Direkter vum Laboratoire. Aktuell ass d'Plaz vum Timothy D. Swindle besat.

Raumfaartmissiounen[änneren | Quelltext änneren]

Den LPL war u bal jiddwer interplanetareschem Raumgefier bedeelegt, dat d'Äerd verlooss huet. E puer vun de bedeitendste waren:

Astronomesch Observatiounen[änneren | Quelltext änneren]

De Lunar and Planetary Laboratory ass bei follgende Programmer bedeelegt:

souwéi bei interdisziplinäre Fuerschungsgebidder wéi theoreetesch Astrophysik a Raumphysik, fir Äntwerten op Froen ze fanne wéi: Wat ass eigentlech Donkel Matière?

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]