Lycée classique de Diekirch
Dikrecher Kolléisch | |
---|---|
(LCD) | |
Typ | Secondairesschoul, ëffentlech Schoul |
Land | Lëtzebuerg |
Uertschaft | Dikrech |
Leedung | Marcel Kramer |
Schülerzuel | 1.215 |
September 2022 | |
Ënnersteet der/dem | Ministère fir Bildung, Kanner a Jugend |
Gegrënnt | Oktober 1830 |
Grënner | Pierre Stehres |
Genannt no | Dikrech |
Koordinaten | 49°51'57"N, 6°9'28"O |
Um Spaweck | http://www.lcd.lu/ |
De Lycée classique de Diekirch (LCD) ass en ëffentleche lëtzebuergesche Lycée, deen am Oktober/November 1830 zu Dikrech vum Abbé Pierre Stehres gegrënnt gouf.
De Lycée besteet aus dem ale Gebai bei der Dikrecher Gare an zanter 1971 aus engem zweeten, dem "neie" Gebai, bei der Sportshal an der Rue Joseph Merten.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]- Oktober/November 1830: Grënnung vum Collège municipal (oder École moyenne)
- 26. Februar 1841: Progymnase Royal Grand-Ducal
- 23. Juli 1848[1]: Progymnase de Diekirch
- 27. Juni 1891[2]: Gymnase de Diekirch
- 30. Juni 1945[3]: Lycée classique de Diekirch
- 1996: de fréiere Lycée technique vu Miersch gëtt eng Annex vum LCD
- 2021: Aus der Annex zu Miersch gëtt d'École internationale Mersch Anne Beffort
Direkteren
[änneren | Quelltext änneren]- 1830 - 1871: Pierre Stehres
- 1871 - 1879: Louis Housse
- 1879 - 1879: Philippe Molitor (directeur faisant fonction)
- 1879 - 1881: Théodore Witry
- 1881 - 1904: Auguste Mullendorff
- 1904 - 1918: Jean-Baptiste Heuertz
- 1918 - 1932: Denis Pletschette
- 1932 - 1941: Joseph Merten
- … (Zweete Weltkrich)
- 1944 - 1948: Joseph Merten
- 1948 - 1959: Armand Bodé
- 1959 - 1977: Ben Molitor
- 1977 - 1981: Bernard Krack
- 1981 - 1992: Roger Brachmond
- 1993 - 2014: Robert Bohnert
- zanter Juli 2014: Marcel Kramer
LCD haut
[änneren | Quelltext änneren]De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen. |
An de leschte Joren ass am ale Gebai vill renovéiert ginn. Am Joer 2009 hu Renovatiounsaarbechten am neie Gebai ugefaangen.
Am neie Gebai sinn d'Schüler vu VIIe bis VIe a vu 7e bis 9e technique (sämtlech Voies pédagogiques). Am ale Gebai sinn déi méi al Schüler, also vu Ve bis Ire. Zu Miersch si jeeweils déi dräi éischt Joren aus dem Régime secondaire classique an technique, an zousätzlech de Régime préparatoire.
Direkter ass de Marcel Kramer. Directeurs adjoints sinn de Frank Eyschen an de Frank Colabianchi.
Am Kader vun de Comenius-Projete vun der Europäescher Gemeinschaft waren an de leschte Joren Echangë mat Schoule vu verschiddene Länner, ë. a. mat Frankräich (Gradignan, Nanzeg, Quimper), Portugal (Braga), Däitschland (Dresden, Mönchengladbach, Biesdorf), Belsch (Neerpelt, Büllingen), Holland (Valkenswaard), Italien (Lodi), der Tschechescher Republik (Šternberk), Dänemark (Nakskov) a Rumänien (Sibiu). Eng Dose Mathésschüler konnten am November 2006 un engem Schüleraustausch mat Sfax an Tunesien deelhuelen.
Zanter 1998 organiséiere Professere vum LCD déi national Mathematiks-Olympiade vu Lëtzebuerg a preparéieren déi erfollegräichst Schüler vum Land an Trainingscamps op hir Participatioun un der Internationaler Mathematiks-Olympiad. An de Joren 2011, 2015 an 2018 huet den LCD d'Benelux-Mathematik-Olympiad (BxMO) organiséiert.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Lycée classique de Diekirch – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Websäit vum Lycée classique de Diekirch
- Ern. Breuskin, Vor 50 Jahren: Die Revolte im "Dikricher Kolléisch" op wort.lu den 2. Mee 2021
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ LOI sur l'Enseignement supérieur et moyen, du 23 juillet 1848, n° 1. legilux.lu (23.07.1848). Gekuckt de(n) 24.09.2022.
- ↑ Loi du 27 juin 1891 concernant la transformation du progymnase de Diekirch en gymnase et la création d'une 3e classe gymnasiale au progymnase d'Echternach. legilux.lu (27.06.1891). Gekuckt de(n) 24.09.2022.
- ↑ Arrêté grand-ducal du 30 juin 1945 portant nouvelle dénomination des Gymnases de Luxembourg, Diekirch et Echternach. lefgilux.lu (30.06.1945). Gekuckt de(n) 24.09.2020.