Op den Inhalt sprangen

Mëtternuechtssonn

Vu Wikipedia
Mëtternuechtssonn um Nordkap

Als Mëtternuechtssonn, oder Hallefnuechtssonn gëtt an de Gebidder nërdlech vum nërdlechen a südlech vum südleche Polarkrees am Summer déi visuell Sonn bezeechent déi ëm Hallefnuecht net ënnergeet.

Vun engem Observatiounspunkt direkt um Polarkrees geet d'Sonn eemol am Joer – zum Zäitpunkt vun der Nord- oder Südsummersonnewend – net ënner. Nodeem si am Dageslaf hiren déifste Stand iwwer dem Horizont erreecht huet, klëmmt si nees erop. Wat ee méi no wärend der Zäit vun der d'Summersonnewend beim Nordpol, resp. beim Südpol ass, ëmsou méi Deeg ass d'Mëtternuechtssonn ze gesinn. Well d'Sonn dobäi net ënner den Horizont kënnt, schwätzt ee vum Polardag. De Polardag misst direkt um geographesche Pol en halleft Joer daueren. Wéinst der Refraktioun an der Äerdatmosphär dauert de Polardag eppes méi laang wéi en halleft Joer.

Mëtternuechtssonn an Norwegen (vu Süden no Norden)[1]
PlazIeweschte Rand
vun der Sonn
bleift iwwer
Mëtternuecht
vum
Déi ganz Sonn ass
24 Stonnen deeglech visuell
Den ieweschte Rand vun der Sonn
verschwënnt iwwer Mëtternuecht
vum
D'Polarnuecht fänkt
un mam
Polar-
nuecht-
enn
Polarkrees5. Juni12. Juni – 1. Juli6. Juli
Bodø31. Mee4. Juni – 8. Juli12. Juli
Svolvær25. Mee28. Mee – 14. Juli18. Juli7. Dez.5. Jan.
Harstad22. Mee25. Mee – 18. Juli21. Juli2. Dez.10. Jan.
Bardufoss20. Mee23. Mee – 19. Juli22. Juli30. Nov.12. Jan.
Andenes19. Mee22. Mee – 21. Juli23. Juli29. Nov.13. Jan.
Tromsø18. Mee20. Mee – 22. Juli25. Juli27. Nov.15. Jan.
Bossekopp16. Mee19. Mee – 24. Juli26. Juli25. Nov.17. Jan.
Vardø15. Mee17. Mee – 26. Juli28. Juli23. Nov.19. Jan.
Hammerfest13. Mee16. Mee – 27. Juli29. Juli22. Nov.20. Jan.
Berlevåg13. Mee15. Mee – 28. Juli30. Juli21. Nov.21. Jan.
Nordkap11. Mee14. Mee – 29. Juli31. Juli20. Nov.22. Jan.
Jan Mayen12. Mee14. Mee – 28. Juli30. Juli20. Nov.21. Jan.
Bjørnøya30. Abrëll1. Mee – 10. Aug.12. Aug.7. Nov.4. Feb.
Hopen23. Abrëll25. Abrëll – 17. Aug.18. Aug.31. Okt.10. Feb.
Svea19. Abrëll21. Abrëll – 21. Aug.23. Aug.27. Okt.15. Feb.
Barentsburg19. Abrëll20. Abrëll – 21. Aug.23. Aug.26. Okt.15. Feb.
Longyearbyen18. Abrëll20. Abrëll – 22. Aug.24. Aug.26. Okt.16. Feb.
Pyramiden17. Abrëll19. Abrëll – 23. Aug.25. Aug.25. Okt.17. Feb.
Ny-Ålesund16. Abrëll18. Abrëll – 24. Aug.25. Aug.24. Okt.18. Feb.
Magdalenafjorden14. Abrëll16. Abrëll – 26. Aug.27. Aug.22. Okt.19. Feb.
Rossøya11. Abrëll12. Abrëll – 29. Aug.31. Aug.19. Okt.23. Feb.
Nordpol18. Mäerz20. Mäerz – 23. Sept.24. Sept.25. Sept.18. Mäerz
Mëtternuechtssonn
Polardag no bei Skibotn

Himmelsmechanik

[änneren | Quelltext änneren]

Déi ënnerschiddlech Dag- an Nuechtlängten op alle Breede vun eiser Äerd hunn hir Ursaach an der Achsstellung vun der Äerd zu der Ekliptik, dem Plang vun Äerdëmlafbunn. Eis Äerdachs steet zum Niveau vun hirer Ëmlafbunn net am Senkel, mä huet eng Wénkelschréi vun 23,44 Grad. Wann d'Äerdachs am Senkel zum Äerdëmlafbunnniveau géif stoen, da géif d'Sonn op béide Pole wärend dem ganze Joer genee um Horizont laanscht lafen. Tatsächlech passéiert datt nëmme fir kuerz Zäit zweemol am Joer an zwar beim astronomeschen Hierscht- a Fréijoersufank.

Begrëfflech Andeelung

[änneren | Quelltext änneren]

De Begrëff Mëtternuechtssonn léisst séier den Iertum opkommen, d'Sonn géif ëmmer hiren déifste Stand um 24:00 Auer kréien. Dat ass wéinst verschiddene Phenomeener op enger bestëmmter Plaz nëmmen nobäi de Fall:

Um Nordkap erreecht d'Mëtternuechtssonn hiren déifste Stand duerchschnëttlech um 23:17 Auer MEZ resp. 00:17 Auer MESZ an ass do vum 11. Mee bis zum 31. Juli ze gesinn, wärend een op Svalbard d'Mëtternuechtssonn scho vum 20. Abrëll bis 25. August observéiere kann.

 Commons: Midnight sun (Mëtternuechtssonn) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Sola skinner døgnet rundt (D'Sonn schéngt de ganzen Dag) – Meldung bei yr.no vum 20. Mee 2009, ofgeruff den 21.Mee, 19 Auer (Bokmål)