Mantelpavian
Mantelpavian | |||||||||||||||||||||
---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
Mantelpavianen: Weibche lénks, Männche riets, Jonkt ënnen | |||||||||||||||||||||
Systematik | |||||||||||||||||||||
| |||||||||||||||||||||
Wëssenschaftlechen Numm | |||||||||||||||||||||
Papio hamadryas Linnaeus, 1758 |
De Mantelpavian (Papio hamadryas) ass eng Primatenaart aus der Gattung vun de Pavianen an der Famill vun de Cercopithecidae. E lieft am nordëstlechen Afrika an op der arabescher Hallefinsel. Säi soziaalt Verhalen ass däitlech anescht wéi dat vun anere Pavianenaarten.
Charakteristiken
[änneren | Quelltext änneren]Mantelpaviane gi, vu Kapp bis Hënner, 61 bis 76 Zentimeter laang; dobäi kënnt e Schwanz vun enger Längt vun 38 bis 61 Zentimeter. Mat ronn 21 Kilogramm sinn d'Männercher duebel sou schwéier wéi d'Weibercher, déi just 9 Kilo erreechen. De Männchen huet e sëlwerwäisse Pelz an eng Munn op de Schëlleren, iwwerdeems der Frächen hir Buuschte brong sinn, a si keng sou eng Munn hunn. D'Schnëss ass laanggestreckt a plakeg, bei de Männercher ass se rosa, iwwerdeems se bei de Weibercher méi brongelzeg ass. Och den Dokes ass plakeg a rosa.
Verbreedung an Habitat
[änneren | Quelltext änneren]Mantelpaviane sinn déi Pavianenaart, déi am wäitsten nërdlech lieft. Si komme laanscht d'Westküst vum Roude Mier vir; vun Egypten (wou s'allerdéngs haut ausgestuerwe sinn) iwwer de Sudan bis Eritrea, Ethiopien a Somalia. Och op der Arabescher Hallefinsel kommen se vir, woubäi et net kloer ass, ob se vum Mënsch dohinner bruecht goufen, oder net. Si liewen an Hallefwüsten, Savannen a Fielsregiounen, sinn allerdéngs op Waasser ugewise fir ze drénken.
Liewensweis
[änneren | Quelltext änneren]Mantelpaviane sinn am Dag aktiv an hale sech virun allem um Buedem op, wou se sech op éier Patte virubeweegen. An der Nuecht zéie se sech op Fielsen zeréck. Si liewen an Haremsgruppen zesummen, déi sech aus engem Männchen a méi oder manner enger Dose Weibercher bestinn. De Männche guidéiert a bewaacht seng Weibercher an deet uecht, datt se ëmmer nobäi bleiwen. Déi Jonk verloossen d'Grupp nach ier se geschlechtsräif sinn. D'Männercher bekämpfe sech, wien d'Virherrschaft iwwer eng Haremsgrupp soll kréien, respektiv halen. Et kënnt vir, datt Gruppe sech zu engem méi groussen Trapp zesummeschléissen. Kënnt et zu Sträit tëscht Membere vu verschidde Gruppe bannent engem Verband, z. B. ëm Schlofplazen oder Friessen, gëtt dësem duerch aggressiv Kämpf vun de Männercher geléist.
D'Mantelpaviane sinn héichgradeg sozial Déieren, déi op verschidde Manéiere matenee kommunizéieren, wéi z. B. duerch Kierperhaltung, Gesiichtsausdréck, Lauter an och direkte Kierperkontakt.
Ernierung
[änneren | Quelltext änneren]Mantelpaviane sinn Allesfrësser, déi un hirerelativ dréchene Liewensraum ugepasst sinn. Si sinn net kriddeleg, wat d'Friessen ugeet. Vu Friichten a Kraider iwwer Wuerzele bis Insekten, Vigeleeër a Wierbeldéieren schmaacht hinnen alles.
Fortplanzung
[änneren | Quelltext änneren]D'Mantelpaviane kënne sech dat ganzt Joer duerch verkoppelen. De Männche waacht jalous iwwer seng Weibercher, a bäisst oder jot se souguer, wa s'engem anere Männchen ze no kommen. An dach kënnt et vir, datt dat eent oder anert Weibche "friemgeet", wa jonk Männercher enger Grupp noginn an do ronderëmschläichen. An deem Fall fléien d'Fatzen tëscht de Männercher.
No ronn 172 Deeg bréngt d'Weibchen an der Reegel ee Klengt op d'Welt. Dat weit tëscht 600 an 900 Gramm an huet am Ufank e schwaarze Pelz. No 6 bis 15 Méint gëtt et gespéint, mat 5 bis 7 Joer sinn s'ausgewuess.
Den héchsten Alter vun engem Exemplar, dat gefaange gehale gouf, louch bei 37 Joer.
De Mantelpavian an de Mënsch
[änneren | Quelltext änneren]Fir déi Al Egypter waren d'Mantelpavianen helleg Déieren. De Gott Thot gouf heoansdo a Gestalt vun engem Pavian representéiert. Den Thot war ënner anerem de Gott vun der Wëssenschaft a vum Mound, Dofir gëtt et Molereien, wou Pavianen de Scribe-Schüler Unterrecht ginn. Och am egypteschen Doudebuch ginn s'ernimmt: si sëtzen um Bug vum Doudesnaachen an de Verstuerwene freet s'ëm Gerechtegkeet fir sech am Räich vun den Doudegen. D'Paviane stoungen deemno ënner Protektioun a goufen no hirem Doud souguer mumifizéiert.
Och de Gott Babi, verantwortlech fir d'sexuell Potenz am Déi Säit, gouf als Pavian mat enger Erektioun representéiert. Den Hapi, deem seng Roll d'Beschütze vum Doudege senge Longe war, gouf als mumifizéierte Mann mam Kapp vun engem Pavian duergestallt.
Haut sinn d'Mantelpavianen aus Egypte verschwonnen. A Saudi-Arabien hu se sech un d'Mënschen ugepasst; si liewen an de Stied sichen do an den Dreckskëschten no Friessen. Aneschtwous gi se verfollegt, well se d'Felder futti-, respektiv eidel maachen. Si hu praktesch keng natierlech Feinde méi, wéi de Leopard an de Léiw, wou se liewen, dofir ass hir Gréisst Bedreeung hautdesdaags d'Verschwanne vun hirem natierleche Liewensraum, duerch Ëmwandlung an Akerland a Weeden.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Thomas Geissmann: Vergleichende Primatologie. Springer-Verlag, Berlin u. a. 2003, ISBN 3-540-43645-6.
- Ronald M. Nowak: Walker's Mammals of the World. 6th edition. Johns Hopkins University Press, Baltimore MD 1999, ISBN 0-8018-5789-9.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Mantelpavianen – Biller, Videoen oder Audiodateien |