Martin Blum
Dëse Geschichtsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Martin Blum | |
---|---|
Gebuer |
13. Juni 1845 Pafendall |
Gestuerwen |
20. Januar 1924 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Historiker, Paschtouer, Kathoulesche Priister |
De Martin Blum gebuer den 13. Juni 1845 am Pafendall, a gestuerwen den 20. Januar 1924 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Paschtouer an Historiker.
Hien huet am Oktober 1894 den „Verein für Geschichte, Literatur und Kunst. Ons Hémecht.“ gegrënnt, dee vun 1895 un eng Veräinszäitschrëft mam Titel „Ons Hémecht, Organ des Vereines für Geschichte, Literatur und Kunst“ publizéiert huet.[1] Déi éischt Nummer ass den 1. Januar 1895 erauskomm [2] ; zoustänneg fir d’Redaktioun vun der Zäitschrëft war bis zu sengem Doud de Martin Blum.
De Martin Blum huet déi éischt Bibliographie geschriwwe vun deene Bicher, déi vu Lëtzebuerger geschriwwe goufen, oder zu Lëtzebuerg erauskoumen. Donieft huet hien eng ca. 150 Artikele publizéiert.[3]
No dem Martin Blum sengem Doud huet de Seminär seng grouss Sammlung vu Luxemburgensia geierft an huet haut déi zweetgréisst Kollektioun zu deem Theema no der Nationalbibliothéik.
Säi Liewen
[änneren | Quelltext änneren]De Martin Blum koum den 13. Juni 1845 am Pafendall an der Stad Lëtzebuerg op d'Welt. Seng Eltere waren de Schräiner Martin Blum an d'Catherine Scheidt. Zwee Joer no senger Gebuert ass hie mat sengen Elteren an d'Uewerstad geplënnert, wou déi an der haiteger Rue de la Reine e Café gefouert hunn.
De Martin Blum gouf de 27. August 1869 zum Geeschtleche geweit a gläich duerno Vikar zu Beetebuerg (1869). 1872 gouf hie Kaploun zu Nidderfeelen an duerno Paschtouer zu Nojem (1876), zu Hiefenech (1887), Menster (1891) a Gräisch (1898).
No senger Pensionéierung (1903) huet hien zwee Joer zu Hollerech gelieft an ass duerno an d'Stad an d'Lantergässel geplënnert, wou e Benefiziat vun der Kathedral gouf.
De Martin Blum ass den 20. Januar 1924 gestuerwen. Hien ass um Nikloskierfecht um Lampertsbierg begruewen.[4]
Zu Menster, wou hien zum Zäitpunkt vun der Grënnung vun der Hémecht Paschtouer war, gouf op Initiativ vum Lokalhistoriker John Feller de 7. Juni 2024 virum Kulturzenter offiziell eng Plaz op den Numm vum Martin Blum ageweit[5].
Wierk
[änneren | Quelltext änneren]- Bibliographie luxembourgeoise ou catalogue raisonné de tous les ouvrages ou travaux littéraires publiés par les Luxembourgeois ou dans le Grand-Duché de Luxembourg. 1902-1932 (Neioplo, erausginn a completéiert vum Carlo Hury, an 2 Bänn, 1981).
Gielercher
[änneren | Quelltext änneren]- Chevalier vum Ordre de la couronne de chêne.[6]
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Feller, John, 2024. Mensdorf ehrt Martin Blum, den Gründer der Zeitschrift „Hémecht“. Die Warte, 17. Oktober 2024, S. 5.
- Genot, Gilles, 2024. Ein Verein für die Heimat „Ons Hémecht“: Eine emotionale Bindung an Luxemburgs Geschichte, Literatur und Kunst. Die Warte, 17. Oktober 2024, S. 4.
- Hury, C., 1982. Landpfarrer und Bibliograph: Martin Blum. In: 125 Joer Sang a Klang Pafendall, S. 121-129. Dréckerei Print-Service, Lëtzebuerg, 280 S.
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Genot 2024, Feller 2004.
- ↑ Ons Hémecht, N° 1. Luxemburg, 1. Januar 1895. 1. Jahrg. Digitised by the National Library of Luxembourg.
- ↑ Hémecht N° 36 (1984), S. 121-132.. Gekuckt de(n) 12.06.2024.
- ↑ Quell fir den Iwwerbléck iwwer säi Liewenslaf: Carlo Hury, 1982.
- ↑ Offiziell Aweiung "Place Martin Blum", am: Gemengebuet letzBetz (Gemeng Betzder), N°3/Juni-September 2024, S. 20-23.
- ↑ Doudesannonce vum Martin Blum am Luxemburger Wort vum 21. Januar 1924. Gekuckt de(n) 09.07.2014.