Micropsectra robusta

Vu Wikipedia
Micropsectra robusta
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Arthropoden
Klass: Hexapoda
Uerdnung: Diptera
Ënneruerdnung: Nematocera
Famill: Chironomidae
Gattung: 'Micropsectra'
Wëssenschaftlechen Numm
'Micropsectra robusta'
Stur & Ekrem, 2006


Micropsectra robusta ass eng Dipterenaart aus der Famill vun den Danzmécken (Chironomidae).

Si gouf 2006 vun den norwegeschen Entomologen Elisabeth Stur[1] an Torbjørn Ekrem[2] als nei Aart beschriwwen, an zwar unhand vu Material vu Lëtzebuerg, dat 1999 an enger Quell westlech vu Klierf vun der Isabel Schrankel gesammelt gouf.[3]

D'Aart ass nëmmen aus Lëtzebuerg bekannt. Den Aartennumm bezitt sech op déi staark entwéckelt Analspëtz (engl.: anal point) (lat.: robustus, robusta = staark).[3]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Stur, E. & T. Ekrem, 2006. A revision of West Palaearctic species of the Micropsectra atrofasciata species group (Diptera: Chironomidae). Zoological Journal of the Linnean Society 146 (2), S.165-225.[1]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Elisabeth Stur, Researcher NTNU.
  2. Torbjørn Ekrem, Norwegian University of Science and Technology, NTNU University Museum.
  3. 3,0 3,1 Stur & Ekrem 2006, S. 204-206.