NGC 4395

Vu Wikipedia
NGC 4395
Foto vun der GALEX
Stärebild Canes Venatici (CVn)
Positioun fir d'Equinoxe J2000.0
Rektaszensioun 12h 25m 48,93s
Deklinatioun + 33° 32' 47,8"
Ausgesinn
Hubble-Sequenz SA(s)m:;
LINER Sy1.8
Visuell Magnitude 10,0 mag mag
Visuell Magnitude
(B-Band)
10,6 mag mag
Wénkelduerchmiesser 13,2' × 11,0'
Flächenhellegkeet mag/arcmin² 15,3 mag
Physikalesch Donnéeën
Gehéiert zu Canes-Venatici-I-Grupp
Distanz (Lj) 14 Mio.
Routverrécklung +0,00101 ± 0,00005
Radialvitess (+303 ± 14)
Absolutten Duerchmiesser 55 000
Geschicht
Entdecker Wilhelm Herschel
Entdeckungsdatum 2. Januar 1786
Katalog- an Entdeckerbezeechnungen
CGCG 187-42
GC 2958
h 1252
H 5.29.1
IRAS 12233+3348
KUG 1223+338
MCG +6-27-53
NGC 4395
PGC 40596
UGC 7524
2MASX J12254892+3332482

Den NGC 4395 ass eng Balkespiralgalaxis am Stärebild Canes Venatici. Si ass 14 Millioune Liichtjoer vun eis ewech a Member vun der Canes-Venatici-I-Grupp. Si ass eng aktiv Galaxis mat engem ganz hellem Zentrum, d. h. mat engem Aktive galaktesche Kär (AGN). Den NGC 4395 ass eng Seyfert-1-Galaxis.

Besonnesches[änneren | Quelltext änneren]

Am NGC 4395 gouf vu britteschen a japanesche Wëssenschaftler ëm den Andrew Fabian a Kazushi Iwasawa vun der Universität Cambridge mat Hëllef vum japanesche Röntgensatellit "Advanced Satellite for Cosmology and Astrophysics" (ASCA) dat deemools klengst masseräicht Schwaarzt Lach mat enger Mass vun 10.000 bis 100.000 Sonnemasse fonnt. Sou war et 100-mol méi kleng wéi all bis dohi bekannt Schwaarz Lächer vun deem Typ. Kuerz duerno gouf an der Galaxis M82 nach méi e klengt Lach entdeckt.

Ausserdeem gëtt et an der Galaxis en ettlech H-II-Gebidder, wouvun der dräi als separat Objeten am New General Catalogue stinn: NGC 4399, NGC 4400 an NGC 4401.

Entdeckung[änneren | Quelltext änneren]

Den NGC 4395 gouf den 2. Januar 1786 vum däitsch-britteschen Astronom Wilhelm Herschel entdeckt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: NGC 4395 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie