NGC 4889

Vu Wikipedia
NGC 4889
Déi elliptesch Galaxis NGC 4874 (riets) an NGC 4889 (lénks) opgeholl vum Spitzer-Weltraumteleskop.
Stärebild Coma Berenices (Com)
Positioun fir d'Equinoxe J2000.0
Rektaszensioun 13h 00m 08.13s
Deklinatioun + 27° 58' 37.2"[1]
Ausgesinn
Hubble-Sequenz cD;E4;Db[1]
Visuell Magnitude 11,5[2] mag
Visuell Magnitude
(B-Band)
12,5[2] mag
Wénkelduerchmiesser 2.9 × 1.9[1]
Flächenhellegkeet mag/arcmin² 13,4[2]
Physikalesch Donnéeën
Gehéiert zu Coma-Koup
Distanz (Lj) 320 Mio.
Routverrécklung (+21665 ± 43)  10-6
Radialvitess (+6495 ± 13)[1]
Geschicht
Entdecker Wilhelm Herschel
Entdeckungsdatum 11. Abrëll 1785
Katalog- an Entdeckerbezeechnungen
CGCG 160-241
GC 3351
h 1507
H 2.391
MCG +5-31-77
NGC 4889
PGC 44715
UGC 8110
2MASX J13000809+2758372

Den NGC 4889 ass eng ganz grouss elliptesch Galaxis, déi bal am Zentrum vum Coma-Koup läit an eng Hellegkeet vun 11,5 mag huet.

Si ass vum Typ cD-Galaxis an dominéiert – zesumme mat enger zweeter Risegalaxis, déi eppes méi schwaach liicht dem NGC 4874 – d'Schwéierfeld vum Galaxiëkoup. Déi béid Stäresystemer hunn en héijen Alter a si warscheinlech aus der Fusioun vun e puer klenge Spiralniwwelen entstanen. Hir Distanz ass eppes iwwer 300 Millioune Liichtjoer.

Den NGC 4889 gouf den 11. Abrëll 1785 vum däitsch-britteschen Astronom Wilhelm Herschel entdeckt. 1973 hunn den Jack Sulentic an den William Tifft am RNGC déi vum Heinrich Ludwig d'Arrest de 6. Abrëll 1864 beschriwwe Galaxis NGC 4884 als identesch mam NGC 4889 erkläert.[3]

Am Zentrum vun NGC 4889 ass dat bis elo gréisst (Stand Dezember 2011) direkt gemoosse schwaarzt Lach, mat enger Mass vu geschaten 21 Milliarde Sonnemassen (‚best fit‘ aus dem Beräich 6 bis 37 Milliarde Sonnemassen).

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 NASA/IPAC Extragalactic Database
  2. 2,0 2,1 2,2 SEDS
  3. NGC 4884