Nicolas Bové

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Den Nicolas Bové, gebuer den 12. Januar 1802 an der Millebach a gestuerwen den 22. September 1842 zu Birkhadem (Algerien), war e lëtzebuergesche Botaniker an Explorateur.

Biographie[änneren | Quelltext änneren]

Am Betrib vu sengem Papp huet hie fir Gäertner geléiert.[1] Säin Interessi un der Botanik gouf duerch verschidde Plazen am Schlass vu Präisch gefërdert[2], deem säi Besëtzer seele Planzen gezillt huet, a beim Tréirer Libraire Jakob Lintz, deen him botanesch Fachliteratur zur Verfügung gestallt huet. Mëtt vun den 1820er Joren ass hien op Paräis geplënnert, wou hie fir d'éischt bei Blummegäertner geschafft huet, éier en am Jardin des plantes vum Muséum d'histoire naturelle agestallt gouf. Hie war "chef de carré" a Mataarbechter vum franséischen Agronom Oscar Leclerc-Thouin, deen him du fir eng Plaz zu Kairo viru gehollef huet.

Hie gouf 1829 zu Kairo "directeur des cultures de S.A. Ibrahim-Pacha", dem Fils vum deemolegen Herrscher vun Egypten Mehmet Ali. Seng Aufgab war et engersäits, den Ubau vu bestehende Kulturplanzen z'optiméieren, anerersäits nei Kulturzorten anzeféieren. Sou ass en iwwer d'Rout Mier bis an de Yemen no Kaffisgeseems siche gaangen, fir d'Kultur vum Kaffi an der Géigend vu Kairo anzeféieren.

Am November 1830 goung den Nicola Bové, op Uerder vum Ibrahim-Pacha, op eng aacht Méint laang botanesch Fuerschungsrees duerch de Sinai, no Palestina an a Syrien. Enn des Jores koum hien op Lëtzebuerg zréck, wou en déi heemesch Flora studéiert huet.

1834 huet hien eng Fuerschungsrees an Algerien ënnerholl, bei där e Manuskript vun enger Flore de l'Algérie entstane soll sinn.[3]. 1835 gouf hien zu Birkhadem Leeder vun engem Aklimatisatiounsinstitut. 1842 ass den Nicolas Bové zu Birkhadem méiglecherweis u Malaria gestuerwen a gouf do begruewen.

Den Nicolas Bové ass de Ur-Ur-Groussmonni vum José Bové.

Säin Herbier[änneren | Quelltext änneren]

Den Nicolas Bové huet eng Abberzuel Herbiersbeleger hannerlooss[4], déi an deene verschiddensten Institutioune verspreet sinn:

Nom Nicolas Bové genannt[änneren | Quelltext änneren]

Zur Éierung vum Nicolas Bové goufen eng Rei Nimm fir Planzenaarte verginn:[6]

  • Anthemis bovei
  • Biarum bovei
  • Blumea bovei
  • Conyza bovei
  • Dephinium bovei
  • Echinops bovei
  • Erigeron bovei
  • Erodium bovei
  • Eryngium bovei
  • Fagonia boveana
  • Galium bovei
  • Glossonema boveanum
  • Hedysarum boveanum
  • Heliotropium bovei
  • Hyoscyamus boveanus
  • Jasione bovei
  • Orobanche bovei
  • Pancratium bovei
  • Phlomis bovei
  • Primula boveana[7]
  • Pyrus bovei
  • Retama bovei
  • Spartium bovei
  • Stachys boveana
  • Statice bovei
  • Tamarix boveana
  • Thymus bovei

Zu Märel ass eng Strooss no him genannt: d'Rue Nicolas-Bové.

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Bové, Nicolas, 1834. Relation abrégée d'un voyage botanique en Egypte, dans les trois Arabies, en Palestine et en Syrie. Annales des sciences naturelles, 2e série, botanique, tome 1: 72-87, 161-179, 230-239.
  • Bové, Nicolas, 1835. Bericht über eine Reise auf den Berg Sinai, nach Gaza, Jerusalem, Damas und Beyrut. Das Ausland. Ein Tagblatt für Kunde des geistigen und sittlichen Lebens der Völker. pp. 999–1000, 1004, 1011-1012, 1016, 1024, 1027-1028.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Decaisne, M. J., 1833. Nicolas Bové, Observations sur les cultures de l'Egypte. Annales de l'Institut horticole de Fromont VI: 3-4.
  • Decaisne, M. J., 1834. Énumeration des plantes recueillies par Nicolas Bové dans les deux Arables, la Palestine, la Syrie et l'Egypte. Annales des sciences naturelles II: 5-18.
  • Etringer, Marcel, 1954. Nicolas Bové (1802-1842). Das Vorbild eines großen Wanderers. Lëtzebuerger Land vum 5. Februar 1954.
  • Klein, Mars, 1995. Die Luxemburger in der Welt 1795-1995. Esch/Alzette. (N. Bové: Le café de l'Arabie heureuse, pp. 54–58.)
  • Koltz, J. P. J., 1869. Notice sur Nicolas Bové, naturaliste-voyageur. Bulletin de la Société royale de botanique de Belgique 8/2: 202-206.
  • Marson, Pierre, 2006. „Unser Gärtner im Orient: Nicolas Bové (1802 - 1842) und seine Relation abrégée d'un voyage botanique en Égypte, dans les trois Arabies, en Palestine et en Syrie“. Les Cahiers luxembourgeois 2006/2: 49-70.
  • Neyen, Auguste, 1970. Biographie luxembourgeoise. Tome III, supplément. [Repr. Hildesheim, New York 1973] (N. Bové: pp. 50–52)

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Déi meescht Informatiounen fir dës Biographie stamen aus Marson 2006, cf. Literatur.
  2. Cf. https://fr.wikipedia.org/wiki/Ch%C3%A2teau_de_Preisch
  3. Dëst Wierk ass eventuell der Wëssenschaft verluer gaangen. Cf. Koltz 1869: 205 an der Literatur. Marson (2006) mengt, bei de "cahiers de récoltes", déi zu Paräis am Museum leien, kéint et sech ëm dat Manuskript zur Flora vun Algerien handelen.
  4. Botaniker hunn am 19. Joerhonnert gewéinlech souvill Exemplaire vu Planze gesammelt, datt se engersäits konnte ganz Herbiere vu Länner oder Géigende verkafen, an anerersäits eenzel Herbiersbeleger konnte géint anerer tauschen, déi hinnen an hirem perséinlechen Herbier gefeelt hunn.
  5. 66 Herbarbeleger vum Nicolas Bové sinn am Herbier vum Naturmusée. Si goufen am Mäerz 2014 am Kader vun historesche Studien vun der Ekologiessektioun vum Naturmusée am Herbier Koltz entdeckt. De 6. August 2014 huet den Thierry Helminger Deeler vun engem Originalherbier vum Bové an den Archive vum Naturmusée fonnt.
  6. Quell: Marson 2006 an der Literatur.
  7. D'Primula boveana blitt um Bierg Sinai.