Norbert Sinner

Vu Wikipedia
Norbert Sinner
Gebuer 5. Abrëll 1907
Leideleng
Gestuerwen 9. November 1945
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Vëlossportler
Partei NSDAP

Den Norbert Sinner, gebuer de 5. Abrëll 1907 zu Leideleng a gestuerwen den 9. November 1945 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Vëlossportler, Autoscoureur an Olympionik.[1]

Hien huet Lëtzebuerg op den Olympesche Summerspiller 1928 zu Amsterdam als Vëlossportler bei der Course op der Strooss vertrueden.[2]

Hien ass och Cyclo-Cross gefuer.

Hie war och Autoscoureur wou hien am Ufank vun den 1930er Jore bei Bierg- an op Circuitscoursse mat verschiddenen Autoe vun der Mark Bugatti matgefuer ass.

Zu der Zäit vun der däitscher Besatzung am Zweete Weltkrich war den Norbert Sinner Ueleg-Grossist. Hie war ee vun den éischte Membere vun der VdB (Membersnummer 30) a gouf du Member vun der NSDAP a Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg. Am Oktober 1940 gouf en Ortsgruppenleiter vun Hollerech a war dat bis de September 1944.[3]

Nom Zweete Weltkrich gouf hien als Nazi-Kollaborateur zum Doud verurteelt an higeriicht.[4]


Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Den Norbert Sinner op der Websäit vu sports-reference.com
  2. Den Norbert Sinner op der Websäit vun der 'Association Luxembourgeois des Olympiens'
  3. Escher Tageblatt, 14. September 1945, S.1.
  4. Informatioun iwwer den Doud vum Norbert Sinner op der Websäit www.siteducyclisme.net
    Justice est faite. Escher Tageblatt 1945, Nr. 256 (10. November), S. 1.[1]