O. W. Fischer
O. W. Fischer | |
---|---|
Gebuertsnumm | Otto Wilhelm Fischer |
Gebuer |
1. Abrëll 1915 Klosterneuburg |
Gestuerwen |
29. Januar 2004 Lugano |
Doudesursaach | Niereversoen |
Nationalitéit | Éisträich |
Educatioun | Universitéit Wien |
Aktivitéit | Filmregisseur, Theaterschauspiller, Filmschauspiller, Schauspiller |
Den Otto Wilhelm ("O. W.") Fischer, gebuer den 1. Abrëll 1915 zu Klosterneuburg an Nidderéisträich, a gestuerwen den 29. Januar 2004 zu Lugano, war en éisträichesche Schauspiller a Filmregisseur.
Säi Liewen
[änneren | Quelltext änneren]Den O.W. Fischer ass an enger Famill opgewuess, déi sech et gutt stoung; de Papp war Hofrat vun der nidderéisträichescher Landesregierung. No e puer Semesteren Anglistik, Germanistik a Konschtgeschicht goung en 1936 an de Max-Reinhardt-Seminar fir Schauspiller ze léieren.
Seng Karriär op der Bün
[änneren | Quelltext änneren]Seng éischt Engagementer krut en beim Theater in der Josefstadt a bei den Münchner Kammerspielen. Tëscht 1938 an 1944 huet hie schonn zum festen Ensembel vum Deutschen Volkstheater Wien gehéiert.
Nom Krich koumen nach vun 1945 bis 1952 de Wiener Burgtheater a seng Optrëtter bei de Salzburger Festspiller.
Hie war ze gesinn an der Titelroll am Hugo von Hofmannsthal sengem Der Schwierige, als Saint Just am Büchner sengem Dantons Tod, am Christian Friedrich Hebbel sengem Demetrius an der Titelroll an a villen aneren.
Seng Karriär beim Film
[änneren | Quelltext änneren]Seng éischt kleng Roll krut de Fischer 1936 am Film Burgtheater. Méi grouss Rolle koume mat den Hans Moser-Filmer 1939 Anton der Letzte an 1940 am Meine Tochter lebt in Wien.
An de Krichsjore war hie beschäftegt mat sympathesche jonke Mënsch-Rollen an "onpolitesche" Filmer: Der Meineidbauer 1941, Wien 1910 1942, Sommerliebe 1942, Glück unterwegs 1944 an den Sieben Briefe 1944.
Filmographie
[änneren | Quelltext änneren]Am Kino
[änneren | Quelltext änneren]Als Schauspiller
[änneren | Quelltext änneren]vun 1936 bis 1939
[änneren | Quelltext änneren]- Burgtheater(1936) vum Willi Forst mat der Olga Tschechowa
- Anton, der Letzte (1939) vum E. W. Emo mat der Elfride Datzig
- Schwarz und blond (1939) vum Philipp von Zeska mat der Susi Nicoletti
- Fräulein Figaro (1939) vum Philipp von Zeska mat der Elfride Datzig
vun 1940 bis 1949
[änneren | Quelltext änneren]- Meine Tochter lebt in Wien (1940) vum E. W. Emo mat der Elfride Datzig
- Der Meineidbauer (1941) vum Leopold Hainisch mat der Ilse Exl
- Sommerliebe (1942) vum Erich Engel mat der Inge Konradi
- Wien 1910 (1943) vum E. W. Emo mat der Lil Dagover
- Die beiden Schwestern (1943) vum Erich Waschneck mat der Ellen Bang
- Sieben Briefe (1944) vum Vladimir Slavínski mat der Elfriede Datzig
- Glück unterwegs (1944) vum Miroslav Cikán mat der Zita Kabátova
- Spiel mit der Liebe(1944) vum Alfred Stöger mat der Hilde Hildebrand
- Shiva und die Galgenblume (1945) vum Hans Georg Andres mat der Elisabeth Flickenschildt
- Leuchtende Schatten (1945) vum Geza von Cziffra mat der Margrit Aust
- Triumph der Liebe (1947) vum Alfred Stöger mat der Judith Holzmeister
- Das unsterbliche Antlitz (1947) vum Geza von Cziffra mat der Marianne Schönauer
- Hin und her (1948) vum Theo Lingen mat der Ursula Lingen
- Träum' nicht, Annette(1949) vum Helmut Weiss mat der Jenny Jugo
- Märchen vom Glück (1949) vum Arthur de Glahs mat der Maria Holst
- Rosen der Liebe oder (Liebling der Welt) (1949) vum Max Neufeld mat der Nadine Gray
vun 1950 bis 1959
[änneren | Quelltext änneren]- Verlorenes Rennen (1950) vum Max Neufeld mat der Elfe Gerhart
- Erzherzog Johanns grosse Liebe (1950) vum Hans Schott Schobinger mat der Marte Harell
- Verträumte Tage (1950) vum Emil E. Reinert mat der Aglaja Schmid
- A Tale of Five Cities vum Wolfgang Staudte, Emil E Reinert, Montgomery Tully, Irma von Cube, Geza von Cziffra a Romolo Marcellini mat der Eva Bartok
- Heidelberger Romanze (1951) vum Paul Verhoeven mat der Liselotte Pulver
- Das letzte Rezept (1951) vum Rolf Hansen mat der Heidemarie Hatheyer
- Tausend rote Rosen blüh'n vum Alfred Braun mat der Winnie Markus
- Bis wir uns wiederseh'n (1952) vum Gustav Ucicky mat der Maria Schell
- Ich hab mich so an dich gewöhnt (1952) vum Eduard von Borsody mat der Inge Egger
- Cuba Cabana oder Und wenn's auch Sünde war (1952) vum Fritz Peter Buch mat der Zarah Leander
- Der träumende Mund (1952) vum Josef von Baky mat der Maria Schell
- Ein Herz spielt falsch (1953) vum Rudolf Jugert mat der Ruth Leuwerik
- Solange du da bist (1953) vum Harald Braun mat der Brigitte Horney
- Tagebuch einer Verliebten (1953) vum Josef von Baky mat der Maria Schell
- Ich suche Dich (1953) vum O. W. Fischer mat der Anouk Aimée
- Bildnis einer Unbekannten (1954) vum Helmut Käutner mat der Ruth Leuwerik
- Eine Liebesgeschichte (1954) vum Rudolf Jugert mat der Hildegard Knef
- Ludwig II.: Glanz und Ende eines Königs (1954) vum Helmut Käutner mat der Ruth Leuwerik
- Napoléon (1955) vum Sacha Guitry mat der Danielle Darrieux
- Hanussen (1955) vum O. W. Fischer mat der Liselotte Pulver
- Mein Vater, der Schauspieler (1956) vum Robert Siodmak mat der Hilde Krahl
- Herrscher ohne Krone (1956) vum Harald Braun mat der Odile Versois
- Skandal in Ischl (1957) vum Rolf Thiele mat der Elisabeth Müllerr
- El Hakim (1957) vum Rolf Thiele mat der Nadja Tiller
- ... und nichts als die Wahrheit (1958) vum Franz Peter Wirth mat der Marianne Koch
- Peter Voss, der Millionendieb (1958) vum Wolfgang Becker mat der Ingrid Andree
- Il bacio del sole (1958) vum Siro Marcellini mat der Lorelle de Luca
- Und das am Montagmorgen vum Luigi Comencini mat der Ulla Jacobsson
- Helden (1958) vum Franz Peter Wirth mat der Liselotte Pulver
- Menschen im Hotel (1959) vum Gottfried Reinhardt mat der Michèle Morgan
- Whirlpool (1959) vum Lewis Allen mat der Juliette Gréco
- Abschied von den Wolken (1959) vum Gottfried Reinhardt mat der Sonja Ziemann
- Peter Voss – der Held des Tages (1959) vum Georg Marischka mat der Linda Christian
vun 1960 bis 1969
[änneren | Quelltext änneren]- Scheidungsgrund: Liebe (1960) vum Cyril Frankel mat der Dany Robin
- Mit Himbeergeist geht alles besser (1960) vum Georg Marischka mat der Marianne Koch
- Das Riesenrad (1961) vum Geza non Radvanyi mat der Maria Schell
- Es muss nicht immer Kaviar sein (1961) vum Geza non Radvanyi mat der Eva Bartok
- Diesmal muss es Kaviar sein (1961 vum Geza non Radvanyi mat der Eva Bartok
- Axel Munthe, der Arzt von San Michele (1962) vum Rudolf Jugert mat der Sonja Ziemann
- Das Geheimnis der schwarzen Witwe vum F. J. Gottlieb mat der Karin Dor
- Frühstück im Doppelbett (1963) vum Axel von Ambesser mat der Liselotte Pulver
- Onkel Toms Hütte (1965) vum Geza non Radvanyi mat der Mylène Demongeot
- El Marques (1965) vum Niels Larsen mat der Ana Casares
- Non faccio la guerra, faccio l'amore (1966 vum Franco Rossi mat der Cathérine Spaak)
- Una strena voglia d'amore (Komm, süßer Tod) oder (Liebesvögel) (1969) vum Marioa Caiano mat der Claudine Auger
Als Regisseur
[änneren | Quelltext änneren]- Ich suche Dich (1956)
- Hanussen (1955)
Televisioun (Auswiel)
[änneren | Quelltext änneren]Als Schauspiller
[änneren | Quelltext änneren]- Berlin Melodie (1963) vum Paul Martin mat der Monika Dahlberg
- Das weite Land (1970) vum Peter Beauvais mat der Ruth Leuwerik
- Amouren (1972) vum Korbinian Koeberle mat der Johanna Matz
- Teerosen (1977) vum Rolf von Sydow mat der Maria Schell
Gielercher
[änneren | Quelltext änneren]- Bambi 1953, 1954, 1955, 1958, 1959, 1960, 1961, 1987, 1990, 1992.
Bicher
[änneren | Quelltext änneren]- O. W. Fischer: Engelsknabe war ich keiner. Erinnerung an eine Jugend, 1986, Langen-Müller, München
- O. W. Fischer: Meine Geheimnisse, 2000, Langen-Müller, München, ISBN 3784427707. A senger Autobiographie geet de Fischer ausféierlech op seng "Liewensphilosofie", d' Allhypnose an.