OGLE-2005-BLG-390L b

Vu Wikipedia
Positioun vum OGLE-2005-BLG-390Lb um Nuetshimmel

OGLE-2005-BLG-390Lb, och kuerz „OGLE-05-390Lb“[1], ass d'Bezeechnung fir en Exoplanéit am Stärebild Scorpius. Mat enger Distanz vu ronn 6.500 Parsec[1] (zirka 21.000 Lj) ass et deen Exoplanéit mat der bis elo gréisster Distanz zu der Äerd (Stand: Mëtt 2009).

Detailer[änneren | Quelltext änneren]

Den éischten Hiwäis gouf den 10. August 2005 mat Hëllef vum däneschen 1,54-Teleskop um ESO-Observatoire La Silla am Chile fonnt. D'Entdeckung gouf am Januar 2006 als kollektiivt Resultat vun de véier Projete PLANET (Leeder: Jean-Philippe Beaulieu, Paräis, a Martin Dominik, St. Andrews), RoboNet (Leeder: Michael Bode, Liverpool, a Keith Horne, St. Andrews), OGLE (Leeder: Andrzej Udalski, Warschau) a MOA (Leeder: Phil Yock, Auckland) publizéiert.

Den OGLE-2005-BLG-390Lb huet ongeféier déi fënneffach Äerdmass an huet domat beispillsweis manner Mass wéi de Planéit Neptun. Hie kreest op enger Distanz vun 2,6 AE eemol an zéng Äerdjoer ëm de rouden Zwerg OGLE-2005-BLG-390L, deen ongeféier e Fënneftel vun der Sonnemass huet.

Den OGLE-2005-BLG-390Lb gëllt duerch seng kleng Mass als äerdänlechen Exoplanéit a besteet méiglecherweis gréisstendeels aus Äis a Gestengs. Wéinst dem klengen Duerchmiesser, der schwaacher Stralung vu sengem Mammestär, an der grousser Distanz zu senger Sonn ass d'Uewerflächentemperatur vum Planéit nëmmen ongeféier 50 Kelvin (−220 °C), soudatt d'Entwécklung vu Liewen, sou wéi mir et kennen, op Basis vu flëssegem Waasser zimmlech onwahrscheinlech ass.

Den Himmelskierper war deen éischten, dee mat Hëllef vum Mikrolënseneffet, nogewise konnt ginn.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 OGLE-05-390L b – Artikel bei der Extrasolar Planets Encyclopaedia (ofgeruff den 12. Abrëll 2006)