Op den Inhalt sprangen

Octavie Modert

Vu Wikipedia
Octavie Modert
Gebuer 15. November 1966
Gréiwemaacher
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Partei CSV

D'Octavie Modert, gebuer de 15. November 1966 zu Gréiwemaacher, ass eng lëtzebuergesch Politikerin (CSV).

No hirer Première am Iechternacher Lycée huet d'Octavie Modert Droit op der Université Robert Schuman vu Stroossbuerg studéiert an 1991 e Master of Arts in European Studies op der Universitéit vu Reading gemaach.

Si huet kuerz fir d'Parlamentsfraktioun vun der CSV geschafft an ass 1992 an de Staatsministère gewiesselt. 1998 gouf si zur Generalsekretärin vum Regierungsrot ernannt. Parallel dozou war si d'Kabinettscheffin vum Premier Jean-Claude Juncker. Dat Joer drop gouf si als éischt Fra zu Lëtzebuerg Première conseillère de gouvernement genannt.

Zanter 1986 engagéiert d'Octavie Modert sech an der CSV an hiren Ënnerorganisatiounen, der CSJ an den CSF. 2004 gouf si eng éischt Kéier an d'Chamber gewielt an 2009, 2013 an 2018[1] erëmgewielt.

2004 huet si op hiert Chambermandat verzicht a gouf Staatssekretärin fir Landwirtschaft, Wäibau a Ländlech Entwécklung a Staatssekretärin fir Kultur, Héichschoulen a Fuerschung, an och fir d'Relatioune mam Parlament, an der Regierung Juncker-Asselborn I. An der Regierung Juncker-Asselborn II war si vun 2009 bis den 29. Abrëll 2013 Ministesch fir Kultur, Ministesch fir d'Bezéiunge mam Parlament, Ministesch fir d'Verwaltungsreform an Delegéiert Ministesch vun der Fonction publique. Duerno, vum 30. Abrëll 2013 bis den 3. Dezember 2013 war si Ministesch fir Justiz a weiderhi Ministesch fir d'Fonction publique a fir d'Verwaltungsreform.[2]

Tëscht November 2009 a Januar 2014 war si, zesumme mam Claude Wiseler, Vizepresidentin vun der CSV.

D'Octavie Modert ass mam Jemp Stronck, Wënzer zu Greiweldeng bestuet.

Um Spaweck

Commons: Octavie Modert – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

  1. elections.lu.
  2. "Remaniement ministériel." Communiqué vun der Regierung, 27-04-2013 op gouvernement.lu.