Olympiade mathématique belge

Vu Wikipedia

D'Olympiade mathématique belge (ofgekierzt OMB) ass eng mathematesch Kompetitioun, déi sech u belsch a lëtzebuergesch Schüler aus dem Enseignement secondaire riicht. Well si op Franséisch ofleeft, sinn an der Belsch just déi frankophon Schüler betraff.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Olympiade Mathématique Belge war fir d'éischt am Joer 1976. Zanter 1977 huele Lëtzebuerger all Joer un der Kompetitioun deel.

Zanter 1996 ginn d'Schüler an dräi Kategorien ënnerdeelt:

  • MINI fir d'Klasse VIIe a VIe (resp. 7e a 8e am Technique);
  • MIDI fir d'Klasse Ve bis IIIe (resp. 9e bis 11e am Technique);
  • MAXI fir d'Klassen IIe a Ire (resp. 12e an 13e am Technique).

Zu Lëtzebuerg këmmert d'Association des mathématiciens luxembourgeois sech ëm d'Organisatioun vun der Kompetitioun. Fir Lëtzebuerg sëtzen zwee Mathematiks-Professeren am Jury: de Bernard Felten an de Pascal Zeihen.

Oflaf[änneren | Quelltext änneren]

All Joer ass am Januar déi éischt Ronn vun der Kompetitioun, d'Éliminatoire. All interesséierte Schüler kann dobäi matmaachen. An de leschte Joren hu sech all Kéier iwwer 2000 Lëtzebuerger ageschriwwen. D'Epreuve besteet aus 30 kuerze Mathés-Problemer, déi ee bannent 90 Minutte léise soll. Si fënnt an de verschiddene Lycéeën am Land statt. De Bewäertungssystem ass sou, datt et vun Nodeel ass, d'Äntwerten einfach ze roden: et kritt ee 5 Punkte pro richteg Äntwert, 2 Punkten, wann een näischt schreift, an 0 Punkte fir eng falsch Äntwert. Bei de meeschte Problemer besteet d'Äntwert aus enger vu fënnef proposéierten Alternativen, wou ee just déi richteg erausfanne muss.

Eppes méi wéi 10 Prozent vun de Participanten an der Éliminatoire kënnen déi zweet Ronn, d'Halleffinall, am Mäerz matmaachen. Déi Epreuve leeft vun der Form hier d'selwecht of wéi d'Éliminatoire, mä d'Froe sinn e bësselche méi schwéier. Fir Lëtzebuerg ass déi Ronn zentraliséiert an engem Stater Lycée.

D'Traditioun wëll, datt ronn 111 Schüler fir déi drëtt Ronn, d'Finall Enn Abrëll, selektionéiert ginn. Dat sinn also ëm déi 37 Schüler pro Kategorie, Belsch a Lëtzebuerger zesumme geholl. Meeschtens sinn ëm déi 15 Lëtzebuerger an der Finall dobäi, déi zu Namur ofgehale gëtt. Wärend véier Stonne mussen d'Kandidate véier Problemer léisen. Net nëmmen déi richteg Léisung, mä och déi detailléiert Argumentatioun an eng propper Redaktioun fléissen an d'Bewäertung an. Pro Problem kann ee maximal 20 Punkte kréien. D'Resultater leien also tëscht 0 a 80 Punkten.

Den Niveau vun de Problemer an der Finall läit kloer iwwer deem, wat e Schüler am Enseignement secondaire gesait, mä kënnt awer guer net un dee vun der IMO erun. Och am Verglach mat der BxMO oder der EGMO sinn d'Problemer vun der OMB nach vill méi einfach.

Un déi bescht Schüler gi Präisser verdeelt, mat de Bezeechnunge Premier prix, Deuxième prix, Troisième prix a Quatrième prix. E Spezialpräis kritt dee Schüler, deen déi elegantste Léisung geschriwwen huet. U méi jonk Schüler ginn zousätzlech Prix d'encouragement verdeelt.

Resultater[änneren | Quelltext änneren]

Hei si sämtlech Lëtzebuerger, déi tëscht 1977 an 2022 d'Olympiade mathématique belge gewonnen hunn, d. h. déi e Premier prix an der Kategorie MAXI kritt hunn.

Joer Gewënner
1978 Jean Bausch
1979 Claude Jung, Massimo Malvetti, Michel Dauphin
1980 Michel Dauphin
1983 Jean-Jacques Duhr
1984 Marcel Cox
1987 Christian Pauly
1988 Alain Knaff, Christian Pauly, Marc Pauly
1989 Marc Pauly
1990 Marc Pauly, Pascal Zeihen
1991 Pascal Zeihen
1998 Dominic Pinto
2004 Marc Kaufmann
2008 Pierre Haas, Giancarlo Kerg
2010 Philippe Schram
2015 Gilles Englebert
2022 Mathieu Martin

Aus der Tabell geet ervir, datt bis haut 4 Lëtzebuerger den Doublet fäerdeg bruecht hunn, d. h. mindestens zwee Joer hannereneen d'Kompetitioun gewonnen hunn: Michel Dauphin, Christian Pauly, Marc Pauly a Pascal Zeihen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]