Pierre Kemp
Ausgesinn
Pierre Kemp | |
---|---|
Gebuer |
13. Oktober 1841 Sandweiler |
Gestuerwen |
19. Juli 1895 Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Architekt |
Famill | |
Kanner | Alphonse Kemp |
De Pierre Kemp, gebuer den 13. Oktober[1] 1841 zu Sandweiler op der Neimillen, a gestuerwen den 19. Juli 1895 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergeschen Architekt. 1880 huet hien zesumme mam Pierre Funck de Concours gewonne fir de Casino Luxembourg an der Ënneschtgaass ze bauen. Op Basis vun de Pläng vum Tony Dutreux (1838-1933), huet hien tëscht 1886 an 1892, zesumme mam Pierre Funck (1846-1932), d'Bauaarbechte vun der Fondation Pescatore ausgeféiert.
Hie war de Papp vum Architekt Alphonse Kemp (1872-1950).
Bauwierker
[änneren | Quelltext änneren]- Villa Baldauff an der Stad Lëtzebuerg
- Kierch vu Beetebuerg
- Kierch vun Diddeleng, zesumme mam Alphonse Kemp
- Kierch vu Lëtzebuerg-Rollengergronn
- Kierch vu Mäertert
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Gilbert, P., 1986. La capitale et ses architectes: illustration critique de l'architecture dans la métamorphose d'une ville en un siècle. Institut grand-ducal, section des arts et des lettres, 222 S. Imprimerie Saint-Paul. BNL LB 1061, S. 158
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Sou de Gebuertsakt: ANLux CT-03-02-1254, Sandweiler - naissances, 1841, n° 33; cf. d'Diskussioun:Pierre Kemp.