Pole vum Äerdmound
Den Nord- an de Südpol vum Äerdmound sinn d'Ennpunkte vun der Rotatiounsachs vun eisem Äerdtrabant an hunn déi selenographesch Breet +90° respektiv -90°.
Vun der Äerd aus erschénge se net genee um Rand vum Mound, mä duerch eng periodesch Richtungsschwankung („Libratioun an der Breet“) jee ënner engem ganz flaache Wénkel vu maximal 6,7°. An der Ëmgéigend vum Südpol si méi Bierger wéi um Nordpol. D'Kraterränner an d'Héichten op béide Moundpole si bal ëmmer am Sonneliicht, woufir si vu fréiere Selenographe wéi den Hieronymus Schröter an de Johann Mädler, Bierger vum éiwege Liicht genannt goufen.
De Grond fir dëse Phenomeen ass, datt d'Rotatiounsachs vum Mound – anescht wéi déi vun der Äerd – bal riicht op sengem Bunnplang steet. Och zu de Pole vun der Ekliptik steet se nëmmen an enger Schréi vu ronn 1,5° (bei der Äerdrotatioun sinn et 23,4°), soudatt d'Ëmgéigend vun de Moundpolen ëmmer vum Sonneliicht gesträift gëtt.
Weider besonnesch um Mound ass seng gebonne Rotatioun: hie weist der Äerd bal ëmmer déi selwecht Säit, well seng Rotatiounsdauer mat der Ëmlafzäit (Mountlängt) zesummenfällt. Schonn am 19. Joerhonnert gouf dofir gemengt, datt de Masseschwéierpunkt vum Mound net mam Figuremëttelpunkt (Zentrum vun der Moundkugel) iwwerenee stëmmt. D'Miesunge vu verschiddene Moundsonden hunn déi Hypothees confirméiert: Déi béid Punkten hunn en Ofstand vu knapps 2 km, wat bei der neier Definitioun vn de selenographesche Koordinaten ze beuechte war.
Grouss Strukturen an de Polregiounen
[änneren | Quelltext änneren]Déi polar Moundlandschaften erschéngen duerch de flaache Siichtwénkel staark verzerrt, dofir wierken d'Héichte vill méi däitlech. Mat mëttelgroussen Teleskopen (ongeféier vum Aachtzöller un) si schonn eenzel Kraterränn- respektiv Biergkämm ze gesinn.
Déi gréisst Krateren ëm den Nordpol si Peary, Nansen, Byrd an Hermite (tëscht hinnen d'Leibniz-Bierger) souwéi op der Moundrécksäit de Rozhdestvensky.
Déi gréisst Rankbierger um Südpolberäich si Moretus, Newton, Manzinus a Scott, souwéi no bei der Siichtgrenz, den Amundsen an den Drygalski an op der Récksäit déi riseg Rankstrukturen Schrödinger an Zeeman .
Moundsonden, Waasseräis a geplangten Observatoire
[änneren | Quelltext änneren]An dëse Regiounen dierft d'Duerchschnëttstemperatur ëm -50 °C leien. Do plangen d'US-Astronomen, ëm 2030, ee vun ierdeschem Streeliicht a Funkverkéier geschützten Observatoire ze bauen. Am gënschtegste wier et um Rand vun der Moundrécksäit. An deem Fall misst awer dann d'Telemetrie iwwer kënschtlech Moundsatellitte gemaach ginn.
D'Däller tëscht de „Bierger vum éiwege Liicht“ leie stänneg am Schiet, wat och interessant Opschlëss an Temperaturstudie bidde géif. Ausserdeem konnt 1996 fir d'éischt d'Moundsond Clementine mat Radar kleng Deeler vu Waasseräis noweisen, wat 1999 mat Spektrometer-Miessunge vum Lunar Prospector confirméiert gouf. D'Äis dierft ongeféier mat 1 % am Regolith vun der Mounduewerfläch bäigemëscht sinn, kéint awer och vu 40 cm Déift un, kleng Äislënse bilden. Béid Méiglechkeete wiere fir d'Raumfaart vu groussem Interessi.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Bruce A. Campbell, et al.: Radar imaging of the lunar poles. Nature 426, 137-138, 13 November 2003
- J. L. Margot, et al.: Topography of the Lunar Poles from Radar Interferometry. Science 4 June 1999, Vol. 284. no. 5420, S. 1658-1660
- Paul D. Spudis: The Poles of the Moon and Their Significance Lunar and Planetary Institute 2008 (pdf, 2,83MB, 22S. gekuckt de 16. Dezember 2009)