Op den Inhalt sprangen

Pontebier

Vu Wikipedia
Dëse Biologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Pontebier ((de) Pontenbirne[1][2]) ass eng Bierenzort, déi fréier haaptsächlech gezillt gouf fir Viz ze maachen oder Drëppen draus ze brennen.

Se ass zu Lëtzebuerg an an Däitschland besonnesch op der Musel, soss awer nach am Westen, ronderëm Dippech, gezillt ginn. Nodeem d'Pontebieren an de Bongerte geraaft waren, goufen s'entweeder vun der Dippecher Gare aus mat der Eisebunn a grouss Brennereie gefouert, de Gros gouf awer de klenge lokale Brennereien zu Branntewäin distilléiert.

Fir un d'Traditioun vun der Pontebier z'erënneren, gouf de Kulturzenter zu Schuller Kulturhaus Pontebier genannt.

Ursprong, Verbreedung a Gebrauch[3]

[änneren | Quelltext änneren]

Den Ursprong vun de Pontebier ass net bekannt. D'Varietéit kéint no der Uertschaft „Ponten“, engem Quartier vu Besseringen am saarlännesche Landkrees Merzig-Wadern genannt sinn, et kann awer net nogewise ginn. Och wann d'Pontebier net vum Lëtzebuerger Landesuebstbauveräin (LLUV) recommandéiert gouf an – wéi vill aner Vizbieren och – net an de Kataloge vun de Bamschoulen opgezielt war, hat s'am Lëtzebuerger Guttland eng permanent Plaz an der Gamm vun de Vizbieren.

Si war och an an der Fidei vertrueden, engem Beräich am südlechen Deel vun der Äifel, an deem vill Bongerte sinn. Géint Enn vum 19. Joerhonnert war se och schonn zu Lëtzebuerg vill verbreet, och wann net iwwerall mat der selwechter Begeeschterung. Well se zur selwechter Zäit zeideg war wéi aner Aarbechten op de Felder néideg waren, konnt se dacks net geraaft ginn.

Natur&ëmwelt klasséiert d'Pontebier als rar, besonnesch well se an de Bamschoulen net méi ze kréien ass an deemno keng Noplanzunge méiglech sinn.

Aus haiteger Siicht ass d'Pontebier haaptsächlech gezillt gi fir Drëppen draus ze brennen. Et ass déi fréist Variant fir ze brennen zu Lëtzebuerg; se ass ongeféier 10 Deeg virun der Neelchesbier zeideg, jee no Standuert vu Mëtt bis Enn August. Am Ufank vum 20. Joerhonnert gouf et se och industriell benotzt fir Kraut a Gebeess ze maachen.

Beschreiwung vum Bam, Empfindlechkeet fir Krankheeten an Uspréch un de Standuert[3]

[änneren | Quelltext änneren]

De Bam vun der Pontebier bilt fir eng Vizbier just eng mëttelgrouss Kroun déi héich a pyramidefërmeg wiisst. Op d'mannst am Alter huet de Bam just kuerz a reng verzweigt Schëtz. D'Blieder si ganz dicht, wat de Pontebierebam scho vu villen anere Bierenzorten aus der Regioun ënnerscheet.

D'Friichte sinn net ufälleg fir de Bamkrätz. Well se awer relativ fréi zeideg ginn, gi se dacks vun Harespelen a Vulle gefriess, dat heescht datt vill Friichten um Bam verdierwen, ier se richteg zeideg sinn. D'Pontebier huet keng héich Ufuerderunge wat de Buedem ugeet.

  • Neelchesbier, eng aner Zort Bieren déi och geholl gouf fir ze brennen.

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. (de)„Pontebir, f.“. Wörterbuch der luxemburgischen Mundart, digitalisierte Fassung im Wörterbuchangebot der Universität Luxemburg, Department of Humanities. Gekuckt de(n) 03.02.2024.
  2. (de)„Pontebir“. Luxemburger Wörterbuch, digitalisierte Fassung im Wörterbuchangebot der Universität Luxemburg, Department of Humanities. Gekuckt de(n) 03.02.2024..
  3. 3,0 3,1 Michaelis, Brigitte u. a. Äpfel und Birnen aus Luxemburg  : Geschichte - Traditionen - Sorten - Verwendung. 2. Aufl., verbessert und erw. Luxemburg: Fondation Hëllef fir d’Natur, 2016. Print., S. 138