Prisong Uerschterhaff

Vu Wikipedia
Prisong Uerschterhaff
De Chantier vum Prisong am Juli 2019
Land Lëtzebuerg
Plaz Uerschterhaff
Koordinaten 49° 32’ 25’’ N 05° 56’ 42’’ O
Statut am Bau
Datum vum Bau 2018-2022
Opgaangen 30. November 2022

De Prisong vu Suessem (offiziell Centre pénitentiaire d'Uerschterhaff[1]) ass e Prisong deen am Ament (Juli 2019) an der Gemeng Suessem, um Lieu-dit Uerschterhaff, an der Gewan tëschent Suessem an Zolwer op 8,6 Hektar, am Gaang ass, gebaut ze ginn[2][3].

Et soll e Prisong fir Leit ginn, déi an Untersuchungshaft sëtzen an op hire Prozess waarden. Bis dohi goufen déi am Prisong vu Schraasseg, zesumme mat de Leit am Strofvollzuch, ënnerbruecht. Bis zu 400 Prisonéier sollen dran ënnerbruecht kënne ginn.

E soll aus véier Prisongsgebaier mat allkéiers dräi Fligelen mat jee dräi Stäck bestoen. Donieft sinn ë. a. eng Sportshal, e Sportsterrain, en Ausbildungszentrum fir Giischtercher an e Verwaltungsgebai virgesinn. Ronderëm kënnt eng sechs Meter héich Bëtongsmauer, mat vir- an hannendru pickegem Drot.

Widder der Prisongsmauer ass e Policegebai geplangt, fir déi Unitéit, déi d'Prisonéier transportéiere soll. D'Gebai ass fir 60 Agenten an 20 Gefierer ausgeluecht.

Am Ganze solle bis zu 328 Leit am Prisong schaffen, dovun 221 Giischtercher. De Prisong soll 2021 fäerdeg an 2022 a Betrib geholl kënne ginn. Fir de Bau sinn 155.650.000 Euro virgesinn. D'Gesetz dozou gouf den 19. Juni 2014 an der Chamber gestëmmt[4] an ass de 24. Juli 2014 a Kraaft getrueden[5].

Literatur

  • Ewen., L., 2016. Künftige Untersuchungshaftanstalt "Ueschterhaff". Weg frei für die Baugenehmigung. 2022 soll die Anstalt bis zu 400 Insassen aufnehmen. Luxemburger Wort vum 26./27. Mäerz 2016, S. 39.

Um Spaweck

Commons: Prisong Uerschterhaff – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

  1. Centre pénitentiaire d'Uerschterhaff op gouvernement.lu, gekuckt den 13. Juli 2019
  2. Quell, wou net anescht uginn: "De Bau vum Prisong zu Suessem steet an de Startlächer." rtl.lu, 25.03.2016, 07:31:26.
  3. De Site vou de Bau vum Prisong geplangt ass läit am WSW vum Ueschterhaff. Tëschent dem geplangte Prisong an dem Ueschterhaff läit déi fréier W.S.A. Suessem.
  4. Séance publique n°26 vum 19.06.2014
  5. Loi du 24 juillet 2014 relative à la construction du centre pénitentiaire d'Uerschterhaff. Mémorial A n°144, S.2294