Prënzbistum Léck
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Prënzbistum Léck war ursprénglech e Bistum, iwwer dat de Bëschof Notger 980 vum Keeser Otto II. vum Hellege Réimeche Räich och déi weltlech Herrschaftsrechter krut. De "weltlechen" Territoire war awer net deckungsgläich mam kierchlechen (kuckt weider ënnen).
Dëst Prënzbistum huet eng gewëssen Imunitéit genoss a stoung ënner dem Schutz vum Keeser. Et war de facto en halleft onofhängegt Land, dat bis zu der Lécker Revolutioun, 1789-1793, bestanen huet.
Vum 16. Joerhonnert u bis zu sengem Enn war d'Prënzbistum Léck Deel vum Nidderrhäin-Westfälesche Krees.
Duerno gouf et nees en 'normaalt' Bistum.
Bistum vs. Prënzbistum
[änneren | Quelltext änneren]D'Fürstentum (Principautéit) selwer war ëmmer nëmmen een Deel vum Bistum. An anere Wierder: de Bëschof war iwwerall Bëschof a sengem Bistum, mä "Prënzbëschof" war hien nëmmen a senger Principautéit. Baaschtnech z. B. war am Bistum Léck, awer am Herzogtum Lëtzebuerg. Dat selwecht gëllt fir La Roche, Saint-Hubert, Houffalize, Sankt Väit... Bouillon, dat an engem eegenen Herzogtum louch, war och Deel vum Bistum Léck, mä eeben net vum Prënzbistum.[1]
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Jean Lejeune, La principauté de Liège ; Léck (Eugène Wahle éditeur), 3. Oplo, 1980; 232 Säiten (ill., Kaarte, Bibliogr.). ISBN 2-87011-058-8 . Déi 2 éischt Oploen datéiere vun 1948 an 1949.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Lëscht vun de Bëscheef a Prënzbëscheef vu Léck
- Bistum Léck
- Bonnes villes liégeoises
- Lécker Revolutioun
- Guerre de la vache
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Prënzbistum Léck – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Vgl. z. B.: Jean Lejeune, La principauté de Liège ; Eug. Wahle éditeur, Léck, 1980 (3. Oplo); ISBN 2-87011-058-8: S. 18 (Kaart vum Bistum) a S. 63 (Kaart vun der Principautéit 1789).