Pseudorthocladius cristagus

Vu Wikipedia


Pseudorthocladius cristagus
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Arthropoden
Klass: Hexapoda
Uerdnung: Diptera
Ënneruerdnung: Nematocera
Famill: Chironomidae
Gattung: 'Pseudorthocladius'
Wëssenschaftlechen Numm
'Pseudorthocladius cristagus'
Stur & Saether, 2004


Pseudorthocladius cristagus ass eng Dipterenaart aus der Famill vun den Danzmécken (Chironomidae).

Si gouf 2004 vun den norwegeschen Zoologen Elisabeth Stur an Ole A. Sæther[1] als nei Aart beschriwwen, an zwar unhand vu Material vu Lëtzebuerg, dat 1999 an der Quell vun der Blees am Éislek ëstlech vun Holztem vun der Isabel Schrankel gesammelt gouf.[2]

Den Aartennumm ass zesummegesat aus dem laténgesche Substantiv crista (fr.: crête) an dem Adjektiv magnus (grouss), vun deem just d'Buchstawen g,u,s (-gus) zeréckbehale goufen. Dat Ganzt bezitt sech op déi grouss Crista dorsalis um Hypopygium.

Nieft Lëtzebuerg ass d'Aart och aus China bekannt.[3]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Deemools alle béid am zoologesche Musée vun der Universitéit vu Bergen.
  2. Stur & Sæther 2004.
  3. Ren & al. 2014, S. 55. Kuck och: Species-ID: Pseudorthocladius cristagus.