Purple Mountain-Observatoire
|
De Purple-Mountain-Observatoire | |
| Typ | Astronomeschen Observatoire |
|---|---|
| MPC-Code | 330 |
| Datum vum Bau | 1928 |
| Opgaangen | 1934 |
| Websäit | http://www.pmo.cas.cn/, http://english.pmo.cas.cn/ |
| Instrumenter | |
| Geographesch Situatioun | |
| Land | China |
| Regioun/Gemeng | Xuan |
| Koordinaten | 32°4'0,9"N, 118°49'29,9"O |
| Héicht | 267 m |
|
| |

De Purple-Mountain-Observatoire (chin.: 紫金山天文台; Pinyin: Zĭjīnshān Tiānwéntái) ass en Observatoire no bei der Stad Nanking an der Volleksrepublik China. Den alen Observatoire läit am ëstleche Randgebitt vun der Stad op enger Héicht vun 267 m iwwer dem Mieresspigel. Déi nei Fuerschungs- a Verwaltungsgebaier leien nordëstlech dovun am Distrikt Qixia.
De Bau vum Observatoire huet am Joer 1929 ugefaangen. Fënnef Joer méi spéit, 1934, ass mat Observatiounen ugefaange ginn. Haut ass et e modernen astronomeschen Observatoire, deen zurr chineesescher Akademie vun de Wëssenschafte gehéiert.
Um Purple-Mountain-Observatoire goufen dräi Koméiten entdeckt, dorënner de periodesche Koméit 60P/Tsuchinshan.
Tëscht 1990 an 2021 goufen 2.800 Entdeckunge gemaach[1]. Zu den 150 Asteroiden déi entdeckt goufen, zielen ë a.:
- (1125) China, (2045) Peking, (2223) Sarpedon, (2363) Cebriones an (2456) Palamedes,
- deen nom Observatoire genannten Asteroid (3494) Purple Mountain.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Purple Mountain-Observatoire – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Minor Planet Discovery Sites. minorplanetcenter.net. Gekuckt den 13.03.2026.
