Sacharow-Präis
Ausgesinn
(Virugeleet vu(n) Sakharov-Präis)
De Sacharow-Präis fir fräit Denken (englesch: Sakharov Prize for Freedom of Thought), meescht einfach Sacharow-Präis[1] oder Sakharov-Präis[2] genannt, ass eng Auszeechnung vum Europaparlament, déi u Persounen an Organisatioune geet, déi hiert Liewen oder hir Aktiounen der Verdeedegung vun de Mënscherechter an der Fräiheet widmen. E gouf 1988 an d'Liewe geruff an ass nom sowjetesche Wëssenschaftler an Dissident Andrei Sacharow benannt.
Laureaten
[änneren | Quelltext änneren]- 1988: Nelson Mandela (Anti-Apartheid-Kämpfer a spéidere südafrikanesche President) an Anatoli Martschenko (sowjeteschen Dissident; † 1986)
- 1989: Alexander Dubček, tschechoslowakesche Politiker a Matinitiator vum Prager Fréijoer
- 1990: Aung San Suu Kyi, Grënnerin vun der Nationaler Liga fir Demokratie a Myanmar
- 1991: Adem Demaçi, albanesche Schrëftsteller aus dem Kosovo
- 1992: Madres de Plaza de Mayo, argentinesch Mënscherechtsbeweegung
- 1993: Oslobođenje, Zeitung aus Sarajevo
- 1994: Taslima Nasrin, Schrëftsteller aus dem Bangladesch
- 1995: Leyla Zana, kurdesch Deputéiert am tierkesche Parlament
- 1996: Wei Jingsheng, chineesesche Regimekritiker
- 1997: Salima Ghezali, algeeresch Journalistin a Mënscherechtsaktivistin
- 1998: Ibrahim Rugova, politesche Leader vun der albanescher Bevëlkerung am Kosovo
- 1999: Xanana Gusmão, Leader vun der Onofhängegkeetsbeweegung an Osttimor
- 2000: ¡Basta Ya!, Organisation, déi sech géint den ETA-Terrorismus riicht
- 2001: Don Zacarias Kamwenho (Äerzbëschof vu Lubango, Angola); Nurit Peled-Elhanan (israeelesch Dozentin) an Izzat Ghazzawi (palestinensesche Schrëftsteller)
- 2002: Oswaldo Payá, kubanesche Regimekritiker
- 2003: UN-Generalsekretär Kofi Annan an all d'Mataarbechter vun de Vereenten Natiounen
- 2004: de wäissrussesche Journalisteverband (BAJ)
- 2005: d'kubanesche Mënscherechtsbeweegung "Dammen a Wäiss"; Reporter ouni Grenzen; d'nigerianesch Affekotin Hauwa Ibrahim
- 2006: Aljaksandr Milinkewitsch, wäissrussesche Oppositiounspolitiker
- 2007: Salih Mahmoud Osman, sudaneesesche Mënscherechtsaffekot
- 2008: Hu Jia, chineesesche Biergerrechtler
- 2009: "Memorial", russesch Mënscherechtsorganisatioun
- 2010: Guillermo Fariñas, kubanesche Regimekritiker an Dokter
- 2011: Mohamed Bouazizi (†, Tunesien), Asmaa Mahfouz (Egypten), Ahmed al-Senussi (Libyen), Razan Zaitouneh an Ali Ferzat (Syrien): Aktiviste vum Arabesche Fréijoer
- 2012: Nasrin Sotudeh (iranesch Affekotin) an Jafar Panahi (iranesche Regisseur)
- 2013: Malala Yousafzai, pakistanesch Bloggerin a Kannerrechtsaktivistin
- 2014: Denis Mukwege, kongoleesesche Gynekolog
- 2015: Raif Badawi, Blogger aus Saudi-Arabien
- 2016: Nadia Murad a Lamija Adschi Baschar, Jesidinnen, déi vum "Islamische Staat" entfouert gi sinn
- 2017: Demokratesch Oppositioun zu Venezuela
- 2018: Oleh Senzow, Regisseur aus der Ukrain (vu Mee 2014 bis September 2019 a Russland inhaftéiert.)
- 2019: Ilham Tohti, chineesesche Wirtschaftsprofessor
- 2020: Demokratesch Oppositioun am Belarus, no der vermeindlecher Victoire vum Diktator Aljaksandr Lukaschenka
- 2021: Alexei Anatoljewitsch Nawalny, russesche Politiker an Anti-Korruptiouns-Aktivist
- 2022: Ukrainesch Bevëlkerung, duerch den Ugrëffskrich vu Russland op d'Ukrain
- 2023: Jina Mahsa Amini, iranesch Staatsbiergerin, déi vun der iranescher Police ermuert gouf
- 2024: María Corina Machado an Edmundo González, Oppositiounspolitiker bei de Presidentschaftswalen am Venezuela géint de President Nicolás Maduro
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ rtl.lu: Sacharow-Präis fir zwou vum IS gepéngegt irakesch Jesidinnen (28. Oktober 2016)
- ↑ rtl.lu: Raif Badawi kritt de Sakharov-Präis (16. Dezember 2015)