Samantha Cristoforetti

Vu Wikipedia
Samantha Cristoforetti
Land Italien
Agentur ESA
Auswiel 20. Mee 2009
Zuel 1
Éischte Start 23. November 2014
Lescht Landung 11. Juni 2015
Dauer 199d 16h 43min
1. Missioun Expeditioun-42-43
2. Missioun
ausgescheet aktiv
D'Samantha Cristoforetti op der re:publica zu Berlin (2012)

D'Samantha Cristoforetti, gebuer de 26. Abrëll 1977 zu Mailand, ass eng italieenesch Kampfpilotin an Astronautin.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Studium[änneren | Quelltext änneren]

D'Cristoforetti huet am Kader vum Erasmus-Austauschprogramm op der Technescher Universitéit München, der École nationale supérieure de l'aéronautique et de l'espace zu Toulouse an der Russescher Chimie-Technologescher Universitéit zu Moskau Ingenieurswëssenschafte studéiert, an de Studium am Joer 2001 ofgeschloss. Am Joer 2005 huet si e Master an der Loft- a Raumfaarttechnik op der Universitéit Neapel absolvéiert.

Loftwaff[änneren | Quelltext änneren]

D'Cristoforetti koum 2001 bei d'italieenesch Loftwaff an huet un der Loftwaffenakademie Pozzuoli studéiert, déi si am Joer 2005 ofgeschloss huet. Dono gouf si un der Sheppard Air Force Base zu enger Kampfpilotin ausgebilt. No hirem Ofschloss huet si vun 2006 un beim Geschwader 51º Stormo Ferruccio Serafini zu Istrana a vun 2008 un beim 32° Stormo „Armando Boetto“ zu Amendola gedéngt.

Raumfaart[änneren | Quelltext änneren]

D'Cristoforetti hat sech bei der Auswielmethod vun der ESA géint méi wéi 8.400 weider Interessenten duerchgesat a gouf den 20. Mee 2009 zu Paräis, als eenzeg Fra ënner sechs neien Astronaute vum Europäeschen Astronautecorps, dem Public virgestallt.

Den 3. Juli 2012 hat d'ESA bekanntgemaach, datt d'Cristoforetti am Joer 2014 zu engem Laangzäitopenthalt op d'ISS starte géif. Si ass den 23. November 2014 mam Raumschëff Sojus TMA-15M op d'International Raumstatioun geflunn als Member vun den ISS-Expeditiounen 42 an 43. De 7. Juni 2015 gouf si op hirem 195. Missiounsdag vun der US-Amerikanerin Sunita Williams als Rekordhalterin fir Laangzäitflich vu Fraen am Weltall ofgeléist[1]. D'Landung war den 11. Juni 2015.

De 6. Mäerz 2013 krut si d'Verdéngschtmedail vun der Italieenescher Republik iwwerreecht[2].

Privates[änneren | Quelltext änneren]

Zu hiren Hobbyen zielen Biergklammen, Dauchen, déi chineesesch Sprooch an Hielefuerschung. Si schwätzt Italieenesch (Mammesproch), Englesch, Däitsch, Franséisch a Russesch.

Wéi vill Astronauten ass och d'Samantha Cristoforetti Funkamateurin mat dem Amateurfunkruffzeechen IZ0UDF[3].

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Samantha Cristoforetti – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Aufenthalt im All: Italienerin stellt neuen Langzeitrekord auf
  2. Dettaglio decorato
  3. IZ0UDF op QRZ.com