Sojus TMA-15M

Vu Wikipedia
Sojus TMA-15M
Raumschëff Sojus 7K-STMA-Z
Seriennummer 715
Mass ?
Drorakéit Sojus FG (GRAU-Index 11A511FG)
Crew 3
Start 23. November 2014, 21:01 UTC
Startplaz Baikonur LC-31/6
Statioun ISS
Station Undockmodul Rasswet
Ukopplung 24. November 2014, 02:49 UTC
Dauer 199d 16h 43min
Landung 11. Juni 2015, 13:44 UTC
Landeplaz KZ-KAR
Bunnschréi 51,65°
Terry Virts, Anton Schkaplerow, Samantha Cristoforetti

Sojus TMA-15M ass eng Missiounsbezeechnung fir de Fluch vum russesche Raumschëff Sojus zu der Internationaler Raumstatioun. Am Kader vum ISS-Programm huet de Fluch d'Bezeechnung ISS AF-41S kritt. Et war den 41. Besuch vun engem Sojus-Raumschëff un d'ISS an den 147. Fluch am Sojusprogramm.

Crew[änneren | Quelltext änneren]

Haauptcrew[änneren | Quelltext änneren]

Ersatzcrew[änneren | Quelltext änneren]

Missiounsbeschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

D'Missioun hat dräi Crewmemberen zu den ISS-Expeditiounen 42 an 43 op d'International Raumstatioun bruecht.

Sojus TMA-15M hat plangméisseg am "Express-Modus", d. h. no véier Äerdëmleef um russeschen ISS-Modul Rasswet ugekoppelt.

Nom Feelstart vum Raumtransporter Progress M-27M gouf d'Landung op Ufank Juni verréckelt, a spéider op den 11. Juni konkreetiséiert.

D'Sojus TMA-15M hat den 11. Juni 2015 pünktlech um 10:20 UTC mat Schkaplerow, Cristoforetti a Virts u Bord ofgekoppelt. Domat hat op der ISS d'Expeditioun 44 mat Gennadi Padalka als Kommandant ugefaangen. De 4 Minutte an 40 Sekonnen laangen Deorbit Burn hat um 12:51 UTC op enger Distanz vun 12 km zu der ISS ugefaangen an hat d'Landekapsel um 13:21 UTC an déi dicht Beräicher vun der Äerdatmosphär bruecht. De Bremsschierm gouf op enger Héicht vun 10,8 Kilometer Höhe aktivéiert, an op enger ongeféier 7,5 Kilometer Héicht hat sech dann de risege wäiss-orange gesträiften Haaptfallschierm opgemaach. D'Landung war um 13:44 UTC 162 km südëstlech vu Scheskasgan bei schéinem Wieder matzen an der Steppe Kasachstan erfollegt.

Galerie[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Sojus TMA-15M – Biller, Videoen oder Audiodateien