Europäeschen Astronautecorps

Vu Wikipedia

Den Europäeschen Astronautencorps ass d'Grupp vun den aktive Astronauten vun der europäescher Weltraumorganisatioun (ESA). Den Haaptsëtz vum Corps, deen am Ament aus 14 Membere besteet, ass den Europäeschen Astronautenzentrum zu Köln. Dacks ginn d'Astronauten awer op verschiddene Plazen op der Welt agesat, z. B. beim Europäesche Weltraumfuerschungs- an Technologiezentrum (ESTEC) zu Noordwijk, am Johnson Space Center vun der NASA zu Houston, oder am Juri-Gagarin-Kosmonautentrainingszentrum an der russescher Stärestiedchen.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'ESA hat hire bemannte Raumfluchprogramm mat Spacelab ugefaangen, fir deen 1978 déi éischt ESA-Astronauten erausgesicht goufen. Déi éischt dräi Astronaute waren den Däitschen Ulf Merbold, den Hollänner Wubbo Ockels an de Schwäizer Claude Nicollier.

Den Ulf Merbold ass am Joer 1983 mat der Space-Shuttle-Missioun STS-9 als éischten an de Raum geflunn. De Wubbo Ockels ass zwee Joer méi spéit geflunn. De Claude Nicollier hat 14 Joer op seng éischt Missioun STS-46 misse waarden, an der Tëschenzäit huet hien awer mat véier Raumflich déi aner iwwerholl.

Déi zweet ESA-Auswiel war 1992 wéinst den zwéi groussen ESA-Projeten Hermes Columbus. Méi wéi 22.000 Interessenten an dovu 5.500 eescht Kandidate gouf et fir déi Astronautenauswiel. Sechs Kandidate goufen um Enn zeréckbehalen. Dat war de Jean-François Clervoy aus Frankräich, den Thomas Reiter aus Däitschland, de Maurizio Cheli aus Italien (1996 ausgescheet), de Pedro Duque aus Spuenien, de Christer Fugle aus Schweden an déi éischt Fra, d'Marianne Merchez aus der Belsch, déi awer kuerz dono nees ausgescheet ass an net an de Weltraum geflunn ass.

De 25. Mäerz 1998 hat den ESA-Ministerrot entscheet fir e kollektiven Europäeschen Astronautecorps ze grënnen. D'Zil war d'Verbesserung vun der Organisatioun am Kader vum Programm fir d'International Raumstatioun (ISS). Däitschland a Frankräich, déi als eenzeg europäesch Länner en eegenen Astronautecorps haten, hunn d'Fusioun als noutwendege Schrëtt fir d'Koordinatioun vun den Astronauten z'optiméieren, fonnt. D'Entscheedung vum ESA-Ministerrot huet d'Schafe vun engem Corps mat 16 Astronauten (jee véier aus Däitschland, Frankräich an Italien a véier fir déi aner Memberstaaten) virgeschloen. Den Integratiounsprozess sollt mat der Opléisung vun den nationalen Astronautecorpse bis Enn Juni 2000 geschéien. De Kontrakt schléisst net aus, datt ee Memberstaat fir en nationale Raumfaartprojet op Astronaute vum Europäeschen Astronautecorps zeréckgräife kann[1].

Weider Astronaute koumen an de Jore vun 1998 bis 2000 derbäi. Den 10. Abrëll 2008 hat d'ESA bekannt gemaach, datt eng Vergréisserung vun der Astronautegrupp, déi an der Tëschenzäit op aacht Membere reduzéiert war, geplangt wier. Umelle konnte sech vum 19. Mee bis den 18. Juni 2008 Persounen aus alle 17 Memberstaate vun der ESA. Bis zum Umeldeschluss hate sech 8.413 Männer a Fraen aus allen ESA-Memberlänner gemellt. Dovu koumen 22,1 % aus Frankräich, 21,6 % aus Däitschland, 11,0 % aus Italien a 4,2 % aus der Schwäiz. Vun alle Konkurrenten waren nëmmen 1.430 Fraen. Nofollgend goufen 918 Persoune fir de psychologeschen Test vun der éischter Stuf selektionéiert vun deenen der 192 fir déi zweet Teststuf Rescht bliwwe sinn. Déi nei Astronautegrupp gouf den 20. Mee 2009 am ESA-Haaptquartéier zu Paräis dem Publikum virgestallt. Mat der Grondausbildung als nei Astronauten hunn ugefaangen: d'Italieenerin Samantha Cristoforetti, den Däitschen Alexander Gerst, den Dän Andreas Mogensen, den Italieener Luca Parmitano, de Britt Timothy Peake an de Franzous Thomas Pesquet. Si ware fir Missiounen op d'ISS no 2013 virgesinn an eventuell och fir spéider Moundlandungen.

Memberen[änneren | Quelltext änneren]

Den Europäeschen Astronautecorps besteet am Ament aus 10 Raumfuerer: véier aus Italien, een aus Frankräich, zwéin aus Däitschland, souwéi jee een aus Spuenien, Dänemark a Groussbrittannien.

Aktiv Memberen[änneren | Quelltext änneren]

Astronaut Nationalitéit Antrëttsdatum Missiounen Zäit am Weltraum Bild
Samantha Cristoforetti Italien 20. Mee 2009 199d 16h 43min
Pedro Francisco Duque Spuenien 15. Mee 1992 18d 18h 46min Pedro Duque
Alexander Gerst Däitschland 20. Mee 2009 165d 08h 01min
Matthias Maurer Däitschland 1. Juli 2015
  • bis elo ouni Raumfluch
Andreas Mogensen Dänemark 20. Mee 2009 9d 20h 14m
Paolo Nespoli Italien 1. August 1998 313d 02h 36min
Luca Parmitano Italien 20. Mee 2009 166d 6h 19min
Timothy Peake Vereenegt Kinnekräich 20. Mee 2009 185d 22h 11min
Thomas Pesquet Frankräich 20. Mee 2009 196d 17h 49min
Roberto Vittori Italien 1. August 1998 35d 12h 26min

Fréier Memberen[änneren | Quelltext änneren]

Astronaut Nationalitéit Antrëttsdatum Missiounen Austrëttsdatum Zäit am Weltraum Bild
Maurizio Cheli Italien 15. Mee 1992 30. Juni 1996 15d 17h 41min Maurizio Cheli
Jean-François Clervoy Frankräich 15. Mee 1992 28d 3h 5min
Frank De Winne Belsch Januar 2000 1. August 2012 198d 17h 34min
Reinhold Ewald Däitschland Februar 1999 2007 19d 16h 34min Reinhold Ewald
Léopold Eyharts Frankräich 1. August 1998 68d 20h 30min
Christer Fuglesang Schweden 15. Mee 1992 26d 17h 38min
Umberto Guidoni Italien 1. August 1998 Juli 2004 27d 15h 12min Umberto Guidoni
Claudie Haigneré Frankräich 1. November 1999 18. Juni 2002 25d 14h 22min Claudie Haigneré
Jean-Pierre Haigneré Frankräich 1. Juni 1998 November 1999 209d 12h 25min Jean-Pierre Haigneré
André Kuipers Holland Juli 1999 203d 15h 51min
Ulf Merbold Däitschland 1978 30. August 1998 49d 21h 36min Ulf Merbold
Marianne Merchez Belsch 15. Mee 1992
  • ouni Raumfluch
1995
Claude Nicollier CHECHE Schwäiz Juli 1978 Mäerz 2007 42d 12h 5min Claude Nicollier
Wubbo Ockels Holland 1978 1986 7d 0h 44min Wubbo Ockels
Perrin Frankräich Dezember 2002 Mee 2004 13d 20h 35m Philippe Perrin
Thomas Reiter Däitschland 15. Mee 1992 Oktober 2007 350d 4h 55min Thomas Reiter
Hans Wilhelm Schlegel Däitschland 1. August 1998 22d 18h 2min
Gerhard Thiele Däitschland 1. August 1998 Oktober 2005 11d 5h 39min Gerhard Thiele
Michel Tognini Frankräich 1. November 1999 Mee 2003 18d 17h 46min Michel Tognini

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. esa.int: Den Europäeschen Astronautecorps

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]