Samuel Hamen
Samuel Hamen | |
---|---|
Gebuer |
1988 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun |
Dikrecher Kolléisch, Universitéit vun Heidelberg |
Aktivitéit | Journalist, Germanist, Literaturkritiker |
Member vun | A:LL Schrëftsteller*innen |
De Samuel Hamen, gebuer 1988 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Schrëftsteller, Kritiker a Literaturwëssenschaftler.
Liewen
[änneren | Quelltext änneren]De Samuel Hamen ass zu Dikrech opgewuess an huet op der Universitéit Heidelberg Däitsch a Geschicht studéiert. Hie schreift Prosa, Lyrik an Theatertexter op Lëtzebuergesch an Däitsch. Als Kritiker beschäftegt hie sech ë. a. fir den Deutschlandfunk mat däitschsproocheger Géigewaartsliteratur,[1] als Literaturwëssenschaftler mat Auteure wéi dem Thomas Kling[2] a mat der lëtzebuergescher Literaturgeschicht.[3]
Hie war vun 2020 bis 2023 Grënnungspresident vum lëtzebuergesche Schrëftstellerverband A:LL Schrëftsteller*innen.[4]
2024 bis 2027 ass hien Artiste-Associé·e en résidence an der Escher Kulturfabrik.[5]
Wierker (Auswiel)
[änneren | Quelltext änneren]Prosa
- Wie die Fliegen, Roman (Diaphanes, 2023)
- Quallen. Ein Portrait (Matthes & Seitz Berlin, 2022)
- Zeeechen, Erzählungen (Éditions Guy Binsfeld, 2020)
- V wéi vreckt, w wéi Vitess, Erzählung (Editions Guy Binsfeld, 2018)
Theater
- Ech sinn um Enn vun deem, wat ass (Théâtre national du Luxembourg, 2024)
- De Geescht oder D'Mumm Séis (Groussen Theater an der Stad, 2023)
- False Sun. Scenes from Anna Kavan's Literature (Théâtre national du Luxembourg, 2023)[6]
- Was heißt hier Liebe? (Escher Theater, Esch, 2020)[7]
- ëm- (MASKéNADA, Woltz, 2019)
Soss
- Léopold Hoffmann. Ausgewählte Werke, vorgestellt und kommentiert von Samuel Hamen, (Centre national de littérature, 2020)
Auszeechnungen
[änneren | Quelltext änneren]- 2024–27 Auteur a Residenz an der Escher Kulturfabrik
- 2024: Prix Servais
- 2022/23 Auteur a Residenz am Théâtre national du Luxembourg
- 2022 Stipendiat vun der Roger-Willemsen-Stiftung
- 2021 Stipendiat vun der Kunststiftung Baden-Württemberg
- 2020 Lëtzebuerger Buchpräis
- 2020 Bourse Bicherfrënn (Literarisches Colloquium Berlin)
- 2019 1. Präis am Nationale Literaturconcours
- 2018 3. Präis am Nationale Literaturconcours
- 2016 Hans-Bernhard-Schiff-Literaturpreis (Saarbrécken; ënner dem Pseudonym Linus I. Molitor)
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Samuel Hamen op zeit.de, 2017-06-08 (nogekuckt 08.05.2024
- ↑ https://culture.lu/fr/actualit%25C3%25A9s/samuel-hamen-auteur-en-residence-au-literarisches-colloquium-berlin
- ↑ https://shop.literaturarchiv.lu/fr/accueil/199-leopold-hoffmann-ausgewaehlte-werke.html
- ↑ https://www.woxx.lu/associatioun-letzebuerger-literatur-neuer-autorinnen-verband-gegruendet/
- ↑ "Samuel Hamen est notre nouveau artiste-associé en résidence." Notre actu op kulturfabrik.lu, 12.03.2024.
- ↑ Falsche Sonne op tnl.lu (nogekuckt 08.05.2024).
- ↑ https://theatre.esch.lu/en/event/was-heist-hier-liebe-2/