Schëld E, 28a


D'Schëlter E,28a an E,28b sinn Hiwäisschëlter aus dem Lëtzebuerger Code de la Route.
D'Schëld E,28a gëtt gebraucht fir déi Plaz unzeweise vu wou aus déi speziell Reegele vun engem Tunnel gëllen. Am ënneschten Deel vum Schëld kann den Numm vum Tunnel a wäisser Schrëft ugi ginn. Tunnellen déi méi laang wéi 1000 Meter si ginn ugewisen duerch Schëld E,28a mam Zousazschëld Modell 3b op deem d'Längt vum Tunnel drop steet. Op de grousse Stroossen ginn d'Tunnellen op enger zweckméisseger Distanz am viraus ugewisen duerch d'Schëld E,28a zesumme mam Zousazschëld Modell 3a.
D'Schëld E,28b weist u vu wou aus déi speziell Reegele vun engem Tunnel net méi gëllen.
Dacks hänkt ënner de Schëlter E,28a an E,28b nach en Zousazschëld, dat d'Chaufferen drun erënnert, datt si d'Luuchte vum Auto sollen un- oder ausmaachen. Dës Schëlter sinn awer am Code de la Route net virgesinn.
Originaltext aus dem Code de la Route:[1]
28. Tunnel – Le signal E,28a indique l'endroit à partir duquel s'appliquent les règles de circulation particulières aux tunnels. Le signal peut porter dans sa partie inférieure le nom du tunnel en caractères blancs. Les tunnels d'une longueur supérieure à 1000 mètres sont indiqués par le signal E,28a complété par un panneau additionnel du modèle 3b qui en indique la longueur; l'illustration en est un exemple. Les tunnels de la grande voirie sont annoncés à une distance appropriée en amont des tunnels par le signal E,28a complété par un panneau additionnel du modèle 3a.
Le signal E,28b indique l'endroit à partir duquel les règles de circulation particulières aux tunnels cessent d'être applicables.
Referenzen an Notten[Quelltext änneren]
- ↑ Artikel 107 – V. Signaux d'indication aus dem Arrêté grand-ducal du 23 novembre 1955 portant règlement de la circulation sur toutes les voies publiques mat Ännerungen duerno, op Legilux - den Droitsportal vun der Lëtzebuerger Regierung; fir d'lescht gekuckt de 15. Februar 2014.