Schëld E, 21e

Vu Wikipedia
Schëld E, 21e
Knuetpunkt Vëlosstreck
Bezeechnung E, 21e
Kategorie Verkéiershiwäisschëld
Land Lëtzebuerg


D'Schëld E, 21e ass en Hiwäisschëld aus dem Lëtzebuerger Code de la route dat d'Identifikatiounsnummer vun engem Knuetpunkt ugëtt, op deem sech e puer Vëlosstrecke kräizen, wouvun op d'mannst een zum nationale Vëlosreseau gehéiere muss. D'Schëld E, 21e kann d'Schëlter E, 7a, E, 7b an E, 7c ergänzen.

Wann d'Schëld E, 21e d'Schëld E, 7b oder E, 7c vervollstännegt, da weist et den nächste Knuetpunkt un deen een erreecht an d'Schëld gëtt ënnert dem Feil placéiert.

Wann d'Schëld E, 21e e Knuetpunkt op der Kräizung selwer vun de Vëlosstrecken uweist, da gëtt d'Schëld um ieweschten Wupp vum Potto ugemaach.

Knuetpunkten[änneren | Quelltext änneren]

D'Iddi, de Vëlosreseau unhand vu Knuetpunkten z'indiquéieren, kënnt aus dem Limburg, wou d'Biergaarbechter scho laang déi ënnerierdesch Galerië mat nummeréierte Kräizungen identifizéiert hunn. E gouf ufanks fir Wanderweeër, dann och fir Vëlosweeër applizéiert. Vun do aus huet de System sech bannent 2 Joerzéngte fir d'éischt a Flandern an an Holland, dann och zu Bréissel an an der Wallonie, am franséische Grenzgebitt zu der Belsch, an ëmmer méi an Däitschland ausgebreet. Zanter 2023-24 gëtt en no an no och zu Lëtzebuerg agesat, en ass awer nach net komplett. De Virdeel ass, dass ee sech säi Wee flexibel eraussiche kann, a sech just e puer Nummere mierke muss. Den Nodeel ass, dass een extra eng Kaart (oder App) brauch, fir d'Nummeren ze lokaliséieren.

Originaltext aus dem Code de la route[änneren | Quelltext änneren]

Artikel 107 – V. Signaux d'indication[1]
« 23. Identification - Le signal E,21e indique le numéro d'identification d'un point-noeud, qui est déterminé par une intersection de plusieurs itinéraires cyclables dont au moins un fait partie du réseau cyclable national. Il peut compléter les signaux E,7a, E,7b et E,7c.

Lorsque les signaux E,21e, E21f et E,21g complètent les signaux E,7b ou E,7c, ils sont reproduits sur des panneaux placés en-dessous du signal qu'ils complètent.

Lorsque le signal E,21e complète les signaux E,7b ou E,7c, il indique le prochain point-noeud à atteindre et il est placé endessous de la pointe de flèche ou de la flèche du signal qu'il complète.

Lorsque le signal E,21e marque un point-noeud sur l'intersection-même de plusieurs itinéraires cyclables, il est reproduit sur un panneau qui est placé à l'extrémité supérieure du support qui le porte. »

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Verkéiershiwäisschëlter – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. (fr)Code de la route - Recueil de législation routière. data.legilux.public (23.11.1955). Gekuckt de(n) 29.03.2024.